Ëffentlech n°2856

Petitionnär/in: Tania Hoffmann

Fir datt Lëtzebuerg eraus aus der WHO geet! Fir datt d'Verhandlungen iwwer Ännerungen un den Internationale Gesondheetsvirschrëfte direkt gestoppt ginn.

Zil vun der Petitioun

Madamm Deputéiert, Här Deputéierten: Informéiert Iech selwer iwwer déi 4 separat Spueren, déi d'Vereent Natiounen an d'WHO verfollegen. Dës Moossnamen hunn d'Potential fir d'Gläichgewiicht vun der Muecht an der Welt dramatesch ze veränneren. Dës Petitioun ass fir datt eppes ënnerholl gëtt, ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

D'Lëtzebuerger Regierung an hir Deputéiert hunn net driwwer diskutéiert, datt de 27. Mee 2022 307 proposéiert Ännerungen un den Internationale Gesondheetsvirschrëften (IHR) AN d'Ännerungen a 5 Artikelen vun den IHR op der 75. Weltgesondheetsversammlung ugeholl goufen. D'Ännerunge goufen de ... méi

ofgelaf  24.11.2023
4733 /4.500
100%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
28.02.2024

En ëffentlechen Debat an der Kommissioun war den 28-02-2024 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2856

06.12.2023

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2856 huet den 06-12-2023 de Seuil vu 4500 Ënnerschrëften erreecht

06.12.2023

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 4733

25.11.2023

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2856 z'ënnerschreiwen ass den 25-11-2023 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 4847

14.10.2023

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2856 ka vum 14-10-2023 un ënnerschriwwe ginn

12.10.2023

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

12.10.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2856 gouf den 12-10-2023 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 14-10-2023 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 24-11-2023 um 23h59

11.10.2023

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 11-10-2023 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2856 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

30.07.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2856 gouf den 30-07-2023 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fir datt Lëtzebuerg eraus aus der WHO geet! Fir datt d'Verhandlungen iwwer Ännerungen un den Internationale Gesondheetsvirschrëfte direkt gestoppt ginn.

Zil vun der Petitioun: Madamm Deputéiert, Här Deputéierten: Informéiert Iech selwer iwwer déi 4 separat Spueren, déi d'Vereent Natiounen an d'WHO verfollegen. Dës Moossnamen hunn d'Potential fir d'Gläichgewiicht vun der Muecht an der Welt dramatesch ze veränneren. Dës Petitioun ass fir datt eppes ënnerholl gëtt, fir dës Aktiounen opzedecken, se an ëffentlechen Diskussiounen unzeschwätzen, an eppes dofir gemaach gëtt, datt dës potenziell Verträg gestoppt ginn, ouni datt d'Bierger dozou befrot ginn ass, an hir Zoustëmmung konnte ginn. D’Signatairë vun dëser Petitioun bieden Iech, fir alles an Ärer Muecht ze maachen, fir datt Lëtzebuerg aus der WHO austrëtt.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: D'Lëtzebuerger Regierung an hir Deputéiert hunn net driwwer diskutéiert, datt de 27. Mee 2022 307 proposéiert Ännerungen un den Internationale Gesondheetsvirschrëften (IHR) AN d'Ännerungen a 5 Artikelen vun den IHR op der 75. Weltgesondheetsversammlung ugeholl goufen. D'Ännerunge goufen de 27. Mee 2022 ugeholl an et gouf an der Chamber net driwwer debattéiert oder e Vott virgeholl. Lëtzebuerg huet d'Recht ënner Artikel 61 vun den IHR dës ze refuséieren, awer esou ee Refus muss der WHO bannent 18 Méint vun hirer Verabschidung geschéien. D'Chamber, d'Regierung, d'Deputéiert soll demokratesch driwwer ofstëmmen ob dës Ännerungen refuséiert ginn, déi scho verabschit goufen, an och déi 307 proposéiert Ännerungen, déi de Moment verhandelt ginn. Lëtzebuerg huet keng vun deenen 307 Ännerunge proposéiert. Bis den 1. Dezember 2023 ass Zäot fir sech géint d'WHO a géint d Ännerungen auszeschwätzen. Eraus aus der WHO. D'Bierger hunn e Recht gefrot ze ginn. Et geet ëm de fräie Wëlle vum Mënsch fir sech, säi Liewen a seng Gesondheet fräi entscheeden ze kënnen.