Ëffentlech n°2838

Petitionnär/in: Zoe Evans

Fir méi juristesch Konsequenzen bei all Zort vun Diskriminatioun, Gewalt, Mobbing, Stalking an Hate Speech.

Zil vun der Petitioun

D' Ziel vun der Petitioun ass, dass Mënschen déi zu Haass opruffen, Gewalt uwenden, ëffentlech diskriminéieren, Abus a Ruff Mord bedreiwen, mobben, ënnerdrécken an/oder eng Gefor fir eng eenzel Persoun oder e Groupe sinn, rechtlech verfollegt an tatsächlech bestrooft ginn.

Motivatioun vun der Petitioun

Staatsgesetzer sinn do fir en friddlech Zesummeliewe an enger grousser Gemeinschaft ze regléieren an ze erliichteren. Ma leider stellen mir ëmmer mei fest, dass Plainten falen gelooss ginn, banaliséiert gëtt an Täter net gestrooft ginn. D'Artikelen 442-2, 443 bis 452 an 454 bis 457-4 ... méi

ofgelaf  05.09.2023
2258 /4.500
50%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
13.12.2023

Deklaratioun vun der Cloture

06.12.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2838 ass den 06-12-2023 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

12.10.2023

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

11.10.2023

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2838 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 11-10-2023 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 2258

11.10.2023

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 2256

11.10.2023

Validéiert Ënnerschrëften op Pabeier : 2

06.09.2023

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2838 z'ënnerschreiwen ass den 06-09-2023 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 2256

26.07.2023

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2838 ka vum 26-07-2023 un ënnerschriwwe ginn

25.07.2023

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

25.07.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2838 gouf den 25-07-2023 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 26-07-2023 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 05-09-2023 um 23h59

24.07.2023

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 24-07-2023 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2838 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

13.07.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2838 gouf den 13-07-2023 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fir méi juristesch Konsequenzen bei all Zort vun Diskriminatioun, Gewalt, Mobbing, Stalking an Hate Speech.

Zil vun der Petitioun: D' Ziel vun der Petitioun ass, dass Mënschen déi zu Haass opruffen, Gewalt uwenden, ëffentlech diskriminéieren, Abus a Ruff Mord bedreiwen, mobben, ënnerdrécken an/oder eng Gefor fir eng eenzel Persoun oder e Groupe sinn, rechtlech verfollegt an tatsächlech bestrooft ginn.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Staatsgesetzer sinn do fir en friddlech Zesummeliewe an enger grousser Gemeinschaft ze regléieren an ze erliichteren. Ma leider stellen mir ëmmer mei fest, dass Plainten falen gelooss ginn, banaliséiert gëtt an Täter net gestrooft ginn.

D'Artikelen 442-2, 443 bis 452 an 454 bis 457-4 definéieren eng Aschränkung zur Meenungsfräiheet fir de Schutz vun de Léit. Trotzdeem befannen mir eis haut nach an engem System, wou dës Artikelen net eescht genuch geholl ginn. Och schreift de Code Pénal fir, dass bei Gewalt Awierkung géint Persounen aller Aart, Geschlecht, Berufsstand a Relioun rechtlech Schrëtter ënnerholl ginn.

Den Internet ass voller Haass, eis Stroossen si voller Gewalt. Dobäi betrëfft et jiddereen vun eis! Eis Kanner ginn am jéngsten Alter scho gemobbt, Aarbechter aus ëffentlechen Fonctiounen ginn aggresseiert, op Tiktok, Facebook an Co. kurséiren Videoen déi zur Eliminatioun vun diversen Communautéiten opruffen. Haislech Gewalt ass net prioritär. Meenungsfräiheet gëtt mat Volkshetze verwiesselt. An ze ville Fäll geschitt näischt, an et geet elo duer!

 

D' Erfarungen aus den leschten 2 Joer si follgend:

- D' Opfer vun haislecher Gewalt ginn net genuch eescht geholl. Et gëtt als "Onstëmmegkeet zwëschent Fra a Mann" banaliséiert déi et säit ëmmer scho goufen. d' Opfer gi mat bloen Plazen an vill Angscht heemgeschéckt.

- D' LGBTQAI+ Community gëtt bedrot, diskriminéiert, kierperlech wéi och verbal ugegraff an dëst am Internet wei och an der Ëffentlechkeet.

- Kanner am jonken Alter wëllen net mei an d' Schoul an weisen psychosomatesch Unzeechen wéi Bauchwéi, Iwwerginn, Roserei, Bettnässerei, Kappwéi, Panikattacken, Selbstmordgedanken oder Versich. Sie erliewen leider schonn ganz fréi, dass net konsequent duerchgegraff an gehollef gëtt. D'Entfert vun den jéngsten Mobbing-Dynamiken ass oft: Mir kann souwisou näischt passéieren.

 

Et muss méi konsequent Duerchgegraff ginn, dass et den Mënschen an eiser Gesellschaft besser geet, an Täter gestoppt ginn!