Ëffentlech n°2837

Petitionnär/in: Romain Reiter

Aféierung vun enger Scholdenbrems.

Zil vun der Petitioun

D'Zil vun der Scholdbrems ass et - d'laangfristeg Nohaltegkeet vum Staatsbudget ze secheren, - de finanzielle Spillraum fir staatlech Aufgaben ze erhaalen an - déi zukunftig Generatiounen net ze belaaschten.

Motivatioun vun der Petitioun

Déi zukünftig Generatiounen ginn ëmmer méi belaascht. Dofir ass onbedéngt erfuerdert, dat den Staatsbudget laangfristeg Nohaltegkeet gëtt. En Artikel am Grondgesetz solle de Prinzip vun engem equilibréierte Budget ouni Akommes vu Prêten fir den Staatsbudget virschreiwen. Wuelwessend, dat ... méi

ofgelaf  05.09.2023
18 /4.500
0%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
13.12.2023

Deklaratioun vun der Cloture

06.12.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2837 ass den 06-12-2023 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

12.10.2023

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

11.10.2023

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2837 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 11-10-2023 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 18

11.10.2023

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 18

06.09.2023

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2837 z'ënnerschreiwen ass den 06-09-2023 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 18

26.07.2023

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2837 ka vum 26-07-2023 un ënnerschriwwe ginn

25.07.2023

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

25.07.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2837 gouf den 25-07-2023 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 26-07-2023 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 05-09-2023 um 23h59

24.07.2023

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 24-07-2023 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2837 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

12.07.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2837 gouf den 12-07-2023 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Aféierung vun enger Scholdenbrems.

Zil vun der Petitioun: D'Zil vun der Scholdbrems ass et

- d'laangfristeg Nohaltegkeet vum Staatsbudget ze secheren,

- de finanzielle Spillraum fir staatlech Aufgaben ze erhaalen an

- déi zukunftig Generatiounen net ze belaaschten.

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Déi zukünftig Generatiounen ginn ëmmer méi belaascht.

Dofir ass onbedéngt erfuerdert, dat den Staatsbudget laangfristeg Nohaltegkeet gëtt.

En Artikel am Grondgesetz solle de Prinzip vun engem equilibréierte Budget ouni Akommes vu Prêten fir den Staatsbudget virschreiwen.

Wuelwessend, dat eng Grondgesetzännerung eng langwierig Prozedur ass soll d Scholdebrems an enger éischter Phase duerch en Gesetz agefouert ginn.

Am Kader vum Prinzip vun den ausgeglachenen Budgeten soll et onofhängeg vun der wirtschaftlecher Situatioun en enk begrenzten Spillraum ginn fir ze Suen ze léinen. Den maximal zulässlichen Nettokredit soll limitéiert ginn op 0,35 Prozent vum Bruttoinlandprodukt.

Eng Befreiung fir Naturkatastrophen oder aner aussergewéinlech Noutsituatiounen, déi iwwer d'Kontroll vum Staat sinn an e wesentlechen Impakt op d'Finanzsituatioun vum Staat hunn, garantéiert datt d'Regierung déi néideg Fäegkeet huet ze handelen fir d'Kris ze managen. Déi aussergewéinlech Noutsituatiounen muss duerch eng 2/3 Majoritéit an der Chamber festgestallt ginn.

Zur selwechter Zäit muss awer och e Remboursementsplang decidéiert ginn, dee virgesäit, datt déi aussergewéinlech guttgeheescht Prêten bannent enger raisonnabeler Zäit zréckbezuelt ginn.

Ass duerch eng aussergewéinlech Noutsituatiounen déi zulässlich Nettoléinung erhéicht ginn, dann muss se duerno a wirtschaftlech gudde Phasen reduzéiert ginn.