Ëffentlech n°2623

Petitionnär/in: Gérard Koneczny

En eventuellen Iwwerschoss vum Budget 2023 a Bau Moosnamen fir de Logement investéieren an net a Steier Moossnamen déi just kuerzfristeg géifen wierken.

Zil vun der Petitioun

Et ass schonns verwonnerlech dass ons Regierung esou kuerz virun de Walen feststellt dass se 500.000.000€ am Budget méi huet wéi geplangt, an déi elo dem Steierzueler iwwert verschidde Mossnamen wéi zum Beispill e “Crédit Impôt” erëm wëll ginn. Esou Mossnamen hu leider viru Walen e “battere ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Déi Leit, déi mam Mindestloun oder e bëssi driwwer musse liewen, egal ob et de kalifzéierten ass oder net hu Problemer "dezent" ze liewen wann se e Loyer vun bis 1.800€ missten bezuelen. D’Moyenne vun engem Loyer am Land läit 2022 bei 1479€; dêst laut «Observatoir de l’Habitat.» Ronderëm ... méi

ofgelaf  24.04.2023
12 /4.500
0%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
28.06.2023

Deklaratioun vun der Cloture

26.06.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2623 ass den 26-06-2023 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Suite au souhait du pétitionnaire en faveur d'une clôture de sa pétition publique

10.05.2023

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

10.05.2023

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2623 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 10-05-2023 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 12

10.05.2023

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 12

25.04.2023

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2623 z'ënnerschreiwen ass den 25-04-2023 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 12

14.03.2023

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2623 ka vum 14-03-2023 un ënnerschriwwe ginn

13.03.2023

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

13.03.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2623 gouf den 13-03-2023 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 14-03-2023 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 24-04-2023 um 23h59

10.03.2023

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 10-03-2023 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2623 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

31.01.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2623 gouf den 31-01-2023 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: En eventuellen Iwwerschoss vum Budget 2023 a Bau Moosnamen fir de Logement investéieren an net a Steier Moossnamen déi just kuerzfristeg géifen wierken.

Zil vun der Petitioun: Et ass schonns verwonnerlech dass ons Regierung esou kuerz virun de Walen feststellt dass se 500.000.000€ am Budget méi huet wéi geplangt, an déi elo dem Steierzueler iwwert verschidde Mossnamen wéi zum Beispill e “Crédit Impôt” erëm wëll ginn. Esou Mossnamen hu leider viru Walen e “battere Bäigeschmaach”.

 

Et wier méi sënnvoll déi Suen a BauMossnamen ze investéieren. Mat 500.000.000€ kéint de Staat an den nächsten 2 Joer uechter d'Land op Gemengen- an / oder StaatsTerrain Logementer bauen fir déi aktuell Logementskriis lues a lues an de Grëff ze kréien. Mat deenen Suen kéint een an d'Zukunft investéieren, eng Zukunft fir ons Kanner.

Wëll jo keen Bauterrain muss bezuelt ginn, wier et méiglech e soziale Loyer ze froen. Hien misst sech nom Verdéngscht riichten. En Deel vun deenen Haiser kéint och am Sënn vu Fraen-Haiser oder anere sozialen Ariichtunge gebaut ginn. Dëst wier e weidere Schrëtt an eng sozial Richtung.

 

Déi Haiser / Appartementer sollen a staatlecher Hand bleiwen an d’Gemenge sollen déi zesumme verwalten. Domat géif de Staat an Zukunft investéieren, wëll doduerch Loyer erakënnt mat deem weider Haiser / Appartementer kënne gebaut ginn.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Déi Leit, déi mam Mindestloun oder e bëssi driwwer musse liewen, egal ob et de kalifzéierten ass oder net hu Problemer "dezent" ze liewen wann se e Loyer vun bis 1.800€ missten bezuelen.

D’Moyenne vun engem Loyer am Land läit 2022 bei 1479€; dêst laut «Observatoir de l’Habitat.» Ronderëm d’Stad kann en och schonns mol bis op 1.800€ eropgoen.

Daat si ganz vill Suen fir een deen just de Mindestloun oder e bëssi driwwer verdéngt. Do muss all Mount de „leschten €“ 3 mol ëmgedréit ginn. Fir Familljen mat vill Kanner ass et esouguer esou schwéier eng Wunneng ze fannen esou dass se dacks an d’Ausland wunne ginn.

 

Déi Suen déi eng „Mëttelschicht» ab engem gewësse Revenue iwwert Steier Mesuren zeréck géif kréien brauch déi Suen net. Fir déi aus der Mëttelschicht, déi ënnert esou engem Revenue léien bréngen déi Mesuren net vill. Vun deene Léit déi mol net zur Mëttelschicht gehéieren kënne mir mol net schwätzen. Eng Definitioun vun enger « Mëttelschicht » gëtt et leider net ; déi eng mengen mat 100.000€ wier een nach dobäi, déi aner soen dass e mat 50.000€ schonns net méi dozou gehéiert.

 

Dofir, de SteierIwwerschoss vun 2023 soll an Bau Moossnamen investéiert ginn. Duerch esou Bau Mossnahmen géif den Drock um LokatiounsMarchée méi kleng. esou dat do d'Loyer’en och kéinten erof goen. De Bausecteur géif ganz vill dovun profitéieren.

Mat ( engem Deel vun ) de Suen aus deem Loyer kann een weider an Haiser / Appartementer investéieren.

An engem Staat dat sech dat Wuert “sozial” op de “Fändel” geschriwwen huet muss eng “Mëtteschicht” sech och mol solidaresch weisen mat de sozial Schwaachen an op eppes verzichten.