Ëffentlech n°2566

Petitionnär/in: Carla Carvalho Almeida

Pour un enseignement axé sur les besoins de nos enfants. Fir en Enseignement deen d'Besoinen vun eisen Kanner wouer hëlt.

Zil vun der Petitioun

D'Haaptzil vun der Petitioun ass d'Zuel vun de Kanner pro Klass an der Grondschoul ze reduzéieren. Et ass wichteg, dat den Titulaire sein Unterrecht esou kann gestalten, dat hien den Bedürfnisser an den individuellen Ënnerscheeder vun den Kanner kann gerecht ginn. Am Moment ass d'Method fir ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

An deene 16 Joer wou ech mat Kanner schafen hunn ech bedeitend Ännerungen an der Betreiung bemierkt. D'Entrée an d'Crèche geschitt ëmmer méi fréi a dëst och fir méi laang Perioden. Als Resultat schéngt d'Famill net méi déi eenzeg Plaz vun der primärer Sozialiséierung ze sinn. D'Schoul spillt ... méi

ofgelaf  27.02.2023
4753 /4.500
100%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
28.03.2023

En ëffentlechen Debat an der Kommissioun war den 28-03-2023 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2566

10.03.2023

Validéiert Ënnerschrëften op Pabeier : 114

10.03.2023

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2566 huet den 10-03-2023 de Seuil vu 4500 Ënnerschrëften erreecht

10.03.2023

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 4639

28.02.2023

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2566 z'ënnerschreiwen ass den 28-02-2023 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 4697

17.01.2023

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2566 ka vum 17-01-2023 un ënnerschriwwe ginn

16.01.2023

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

12.01.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2566 gouf den 12-01-2023 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 17-01-2023 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 27-02-2023 um 23h59

11.01.2023

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 11-01-2023 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2566 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

22.12.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2566 gouf den 22-12-2022 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Pour un enseignement axé sur les besoins de nos enfants.

 

Fir en Enseignement deen d'Besoinen vun eisen Kanner wouer hëlt.

Zil vun der Petitioun: D'Haaptzil vun der Petitioun ass d'Zuel vun de Kanner pro Klass an der Grondschoul ze reduzéieren. Et ass wichteg, dat den Titulaire sein Unterrecht esou kann gestalten, dat hien den Bedürfnisser an den individuellen Ënnerscheeder vun den Kanner kann gerecht ginn.

Am Moment ass d'Method fir d'Schoulorganisatioun déi vum Contingent. Dës Method ass ganz komplex a mécht et leider net ëmmer méiglech d'Klassen an enger Schoulorganisatioun esou ze gestalten dat d'Klassen eng harmonesch Klassegreisst hunn. Dës Petitioun soll also ouni Ausnamen d'Klassegréisst op maximal 16 Schüler pro Klass reduzéieren.

D'Gréisst vun enger Klass ass e wesentleche Faktor fir en qualitativ

héichwäertegen Unterrecht.

Dobäi soll d'Petitioun och d'Organisatioun vum Cycle 1 nei iwwerdenken. Wéi am Precoce soll den Titulaire mat engem Educateur zesummen schaffen fir ob d'Bedürfnisser vun den Kanner kennen anzegoen an déi wësentlech Ënnerscheeder an déier Altersspalt (4-6Joer) kennen obzefänken.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: An deene 16 Joer wou ech mat Kanner schafen hunn ech bedeitend Ännerungen an der Betreiung bemierkt. D'Entrée an d'Crèche geschitt ëmmer méi fréi a dëst och fir méi laang Perioden. Als Resultat schéngt d'Famill net méi déi eenzeg Plaz vun der primärer Sozialiséierung ze sinn.

D'Schoul spillt eng wesentlech Roll an deene verschidde Léierprozesser vun de Kanner. Et ass net nëmmen eng Iwwerdroung vu Wëssen. D'Roll vun den Enseignanten huet sech an der leschter Zäit staark verännert. Et ass also wichteg dat d'Enseignanten an hierer Aufgab esou gutt wéi méiglech ënnerstëtzt ginn. Et soll een Aarbechtskonditioune schafen déi et erméiglechen d'Erausfuerderungen am Alldag ze meeschteren.

Zu dësen Zäiten ass et wichteg déi pedagogesch Approchen an d'Moyenen an eisem Schoulsystem ze iwwerpréiwen. Wa mir Kanner an hiren Léierprozesser wëllen ënnerstëtzen, musse mir e System opbauen, dee d'Besoinen vun den Kanner wouer hellt an och kann gerecht ginn.

 

D'Aféieren vum Contingent huet den Educatiounssecteur éischter ënnergruewen wéi gestäerkt. Et ass wichteg e Kader ze setzen deen eng méi individuell Approche erlaabt.

D'Fro déi sech stellt ass och ob den Manktem un qualifizéiertem Schoulpersonal net och un deenen aktuellen Aarbechtskonditiounen leit?