Ëffentlech n°2512

Petitionnär/in: Luc Firmin Martiny

Elterengeld amplaz vun institutionellen Ariichtungen

Zil vun der Petitioun

Ech wëll areechen, dass Familljen selwer entscheeden kennen wéi hier Kanner erzunn gi. Mat enger Ausglaichzuehlung un Familljen, déi den Staat aktuell un Institutiounen iwwerweist, kéint Méiglechkeet entstoen, de Familljen de Choix ze gi bei enger "Réduction de tâche" fir sech da ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Schafen vun sozialer Gerechtegkeet bei allen verdéngscht Klassen. Leit mat wéineg Akommes hunn aktuell net de Choix, si mussen Kanner an Institutiounen ofginn , soss geet et hannen bis fir net duer. Leit mat méi héijem Akommes dogéint hunn Méiglechkeet sech sou ze organiséieren, dass et ... méi

ofgelaf  12.01.2023
5096 /4.500
100%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
23.03.2023

En ëffentlechen Debat an der Kommissioun war den 23-03-2023 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2512

26.01.2023

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2512 huet den 26-01-2023 de Seuil vu 4500 Ënnerschrëften erreecht

26.01.2023

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 5096

13.01.2023

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2512 z'ënnerschreiwen ass den 13-01-2023 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 5140

02.12.2022

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2512 ka vum 02-12-2022 un ënnerschriwwe ginn

01.12.2022

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

01.12.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2512 gouf den 01-12-2022 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 02-12-2022 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 12-01-2023 um 23h59

30.11.2022

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 30-11-2022 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2512 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

28.10.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2512 gouf den 28-10-2022 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Elterengeld amplaz vun institutionellen Ariichtungen

Zil vun der Petitioun: Ech wëll areechen, dass Familljen selwer entscheeden kennen wéi hier Kanner erzunn gi.

Mat enger Ausglaichzuehlung un Familljen, déi den Staat aktuell un Institutiounen iwwerweist, kéint Méiglechkeet entstoen, de Familljen de Choix ze gi bei enger "Réduction de tâche" fir sech da Kannererzéiung widmen ze kennen.

Ausserdeem heet dat och positiv Auswierkung ob Qualitéit an den Institutiounen, well manner Kanner do missten betreit gi.

Zudeem heet et och e positiv Effekt op den Aarbechtsmarché. (Tâchen gi fräi)

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Schafen vun sozialer Gerechtegkeet bei allen verdéngscht Klassen.

Leit mat wéineg Akommes hunn aktuell net de Choix, si mussen Kanner an Institutiounen ofginn , soss geet et hannen bis fir net duer. Leit mat méi héijem Akommes dogéint hunn Méiglechkeet sech sou ze organiséieren, dass et klappen kéint. (Duerch Plënneren, Nanny...)

Natierlech ass de Wee vun der Regierung schonn e klengen Schratt (Gratis Betreiung), et entlaascht Akommesschwaach Leit, mee et hëlleft awer net bei der Selbstbestëmmung vun de Familljen.