Ëffentlech n°2382

Petitionnär/in: Sacha André

Fir en nationale Plang fir d'Ëmsetzung vum Déiereschutzgesetz

Zil vun der Petitioun

Säit 2018 huet Lëtzebuerg en neit Déiereschutzgesetz. Leider muss ee feststellen, dass et nach net flächendeckend ëmgesat oder kontrolléiert ka ginn. En nationalen Ëmsetzungsplang zur Sensibiliséierung vun de Bierger an och zur Ënnerstetzung vun den Déiereschutzassociatiounen, déi an deem ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Et kann ee feststellen, dass a verschidde Beräicher no 4 Joer d'Déiereschutzgesetz nach net wierkt. Nach ëmmer, fir ee Beispill ze nennen, si vill fräilafend Kazen, weder gechippt, nach steriliséiert oder kastréiert. Och bei den Hënn sinn net ëmmer all am Gesetz opgelëschte Punkten erfëllt. ... méi

ofgelaf  23.08.2022
1234 /4.500
27%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
18.11.2022

Deklaratioun vun der Cloture

16.11.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2382 ass den 16-11-2022 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

06.10.2022

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

05.10.2022

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2382 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 05-10-2022 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 1234

05.10.2022

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 1226

24.08.2022

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2382 z'ënnerschreiwen ass den 24-08-2022 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 1226

23.08.2022

Validéiert Ënnerschrëften op Pabeier : 8

13.07.2022

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2382 ka vum 13-07-2022 un ënnerschriwwe ginn

13.07.2022

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

12.07.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2382 gouf den 12-07-2022 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 13-07-2022 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 23-08-2022 um 23h59

11.07.2022

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 11-07-2022 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2382 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

24.06.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2382 gouf den 24-06-2022 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fir en nationale Plang fir d'Ëmsetzung vum Déiereschutzgesetz

Zil vun der Petitioun: Säit 2018 huet Lëtzebuerg en neit Déiereschutzgesetz. Leider muss ee feststellen, dass et nach net flächendeckend ëmgesat oder kontrolléiert ka ginn.

En nationalen Ëmsetzungsplang zur Sensibiliséierung vun de Bierger an och zur Ënnerstetzung vun den Déiereschutzassociatiounen, déi an deem Beräich eng wäertvoll Aarbecht leeschte géif hëllefen, dass d'Gesetz esou wéi et virgesinn ass kann.

gräifeZum engem Plang gehéiert et och ze kucken, wéi een adequat an allen Regioune vum Land kann. Et fällt op, dass et am Norden, Osten a Weste vum Land keng Infrastrukture gëtt . Déierenasiler konzentréieren sech op de Minett an hannert der Staat gëtt et keng méi.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Et kann ee feststellen, dass a verschidde Beräicher no 4 Joer d'Déiereschutzgesetz nach net wierkt. Nach ëmmer, fir ee Beispill ze nennen, si vill fräilafend Kazen, weder gechippt, nach steriliséiert oder kastréiert. Och bei den Hënn sinn net ëmmer all am Gesetz opgelëschte Punkten erfëllt.

Déiereschutzorganisatiounen huelen sech oft der Saach un, dëst ass mat villen Onkäschte verbonnen. Verschidde Gemengen ënnerstëtzen hier Awunner oder Associatiounen a deem Kontext mat enger finanzieller Hëllef, mee leider ass dat net iwwerall de Fall. Um nationale Plang e Projet ze entwéckelen, dee vun allen Gemengen ëmgesat misst ginn, ass do e wichtegen Usaz.

Fir d'Problemer konkret an aktiv ze léisen ass en nationale Plang néideg, wou Bierger sensibiliséiert an opgekläert ginn an se och wann néideg Ënnerstëtzung kréien.

An deem Kontext ass et och wichteg ze kucken, wéi eng Ressourcen oder Infrastrukturen an all Regioun vum Land gebraucht ginn, fir konkret an zilorientéiert agéieren ze kennen.