Fir een Déierekierfecht zu Lëtzebuerg - Pétitions
Fir een Déierekierfecht zu Lëtzebuerg
Pétition publique n°2176
Pétitionnaire : Sacha André
Objet de la pétition
De Respekt vis-à-vis vum Déiere geet iwwert Liewenszäit eraus a muss och am Doud bestoe bleiwen. Zu Lëtzebuerg gëtt et selwer keng Offer en Déier an allen Éieren ze begruewen. Mat engem Déierekierfecht géif et och zu Lëtzebuerg eng Méiglechkeet ginn en Déiere éierevoll a legal ze begruewen an eng Plaz fir ze traueren ze hunn.
Motivation de la pétition
Déiere gehéiere fir vill Mënschen zur Famill. Wann en Déier stierft bleift de Mënsche momentan just d'Anäscherung an d'Urn Heem ze huelen oder de Gang an d'Ausland fir et do op engem Déierekierfecht ze begruewen. En Déierekierfecht ka Mënschen eng immens psychologesch Hellefstellung sinn, well se en Uert hunn fir ze traueren an se hiert Déier an allen Éieren begruewe kennen. Och bleift di Plaz um Kierfecht als Trauerplaz esoulaang erhalen, wéi een dat well. Zudeem kennen d'Mënschen d'Plaz esou gestalte wéi se wëllen, natierlech am Respekt vu gewësse Reegelen. Den Déierekierfecht zu Tréier oder zu Saarbrécke weisen, dass eng Demande och besteet an en Déierekierfecht genotzt gëtt wann een d'Méiglechkeet huet. Zudeem kënnt d'Schafe vun engem Déierekierfecht verhënneren, dass Déieren egal wou begruewe ginn, och wann dat net legal ass. Mam Déiereschutzgesetz vun 2018 gëtt d'Déier als Liewewiesen unerkannt. D'Schafe vun engem Déierekierfecht wier ganz am Sënn vun deem Gesetz, wëll domadder de Respekt virum Liewewiesen iwwert seng Liewenszäit eraus visibel gëtt. En Déierekierfecht kann och eng flott gestalte Gréngzon schafen, déi fir de Public accessibel ass.
Collecte des signatures terminée
Après analyse de l’ensemble des signatures enregistrées, 509 signatures sont valides.
Signatures validées
509 / 4 500
Informations clés
Clôturée
Date de dépôt
05/01/2022
Ouverture de la collecte de signatures
21/01/2022
Informations complémentaires
Historique de la pétition
Signataires de la pétition
23/05/2022
Déclaration de clôture
Déclaration de clôture
18/05/2022
La pétition publique n°2176 est clôturée, le 18-05-2022
Motivation de la clôture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite
31/03/2022
Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire
30/03/2022
Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°2176, le 30-03-2022 - Nombre de signatures après validation: 509
30/03/2022
Signatures électroniques validées: 509
04/03/2022
La période de signature de la pétition publique n°2176 est clôturée, le 04-03-2022 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 509
24/01/2022
Déclaration de recevabilité
21/01/2022
La pétition publique n°2176 est ouverte à signature, le 21-01-2022
19/01/2022
La pétition publique n°2176 est déclarée recevable par la Commission des Pétitions, le 19-01-2022
Recevabilité: recevable Date de début de la période de signature: 21-01-2022 à 0h00 Date de fin de la période de signature: 03-03-2022 à 23h59
19/01/2022
La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°2176, le 19-01-2022
Avis de la Commission des Pétitions: favorable
05/01/2022
La pétition publique n°2176 est déposée, le 05-01-2022
Intitulé de la pétition: Fir een Déierekierfecht zu Lëtzebuerg But de la pétition: De Respekt vis-à-vis vum Déiere geet iwwert Liewenszäit eraus a muss och am Doud bestoe bleiwen. Zu Lëtzebuerg gëtt et selwer keng Offer en Déier an allen Éieren ze begruewen. Mat engem Déierekierfecht géif et och zu Lëtzebuerg eng Méiglechkeet ginn en Déiere éierevoll a legal ze begruewen an eng Plaz fir ze traueren ze hunn. Motivation de l'intérêt général de la pétition: Déiere gehéiere fir vill Mënschen zur Famill. Wann en Déier stierft bleift de Mënsche momentan just d'Anäscherung an d'Urn Heem ze huelen oder de Gang an d'Ausland fir et do op engem Déierekierfecht ze begruewen. En Déierekierfecht ka Mënschen eng immens psychologesch Hellefstellung sinn, well se en Uert hunn fir ze traueren an se hiert Déier an allen Éieren begruewe kennen. Och bleift di Plaz um Kierfecht als Trauerplaz esoulaang erhalen, wéi een dat well. Zudeem kennen d'Mënschen d'Plaz esou gestalte wéi se wëllen, natierlech am Respekt vu gewësse Reegelen. Den Déierekierfecht zu Tréier oder zu Saarbrécke weisen, dass eng Demande och besteet an en Déierekierfecht genotzt gëtt wann een d'Méiglechkeet huet. Zudeem kënnt d'Schafe vun engem Déierekierfecht verhënneren, dass Déieren egal wou begruewe ginn, och wann dat net legal ass. Mam Déiereschutzgesetz vun 2018 gëtt d'Déier als Liewewiesen unerkannt. D'Schafe vun engem Déierekierfecht wier ganz am Sënn vun deem Gesetz, wëll domadder de Respekt virum Liewewiesen iwwert seng Liewenszäit eraus visibel gëtt. En Déierekierfecht kann och eng flott gestalte Gréngzon schafen, déi fir de Public accessibel ass.