Ëffentlech n°2173

Petitionnär/in: Marcel Wolff

Fir eng besser Analys vun den Zuelen iwwert d'Corona-Pandemie. No 2 Joer misst een endlech wëssen, wéivill Leit reell wéinst, mat oder um Virus gestuerwen sinn, mat enger kloerer Ënnerdeelung vun deenen 3 Kategorien. Kreatioun vun engem genauen Register.

Zil vun der Petitioun

Wéi al sinn déi Léit, déi op der Intensivstatioun leien. Sinn déi Leit op der Intensivstatioun just wéinst dem Corona do oder hunn se aner Krankheeten? Wéi ass hiren Impfstatus? 1mol, 2mol, 3mol, geboostert oder net, an wann, wéi laang ass dat hier. Wann een net weess, ob eng Persoun geimpft ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

(CONTINUATION) Dat heescht: wann een eng Persoun ënner Coronadoudegen zielt, muss genau festgestallt ginn, duerch wat oder firwat déi Persoun gestuerwen ass. Bei enger méi genauer Analys kann een doduerch och besser Abu'en bei der Ofrechnung an den Kliniken oder soss anzwousch opdecken oder ... méi

ofgelaf  03.03.2022
412 /4.500
9%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
04.05.2022

Deklaratioun vun der Cloture

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
27.04.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2173 ass den 27-04-2022 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire suivie d'une demande de clôture expresse par le pétitionnaire (courriel du 31.03.2022)

31.03.2022

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

30.03.2022

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2173 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 30-03-2022 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 412

30.03.2022

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 412

04.03.2022

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2173 z'ënnerschreiwen ass den 04-03-2022 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 412

24.01.2022

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

21.01.2022

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2173 ka vum 21-01-2022 un ënnerschriwwe ginn

19.01.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2173 gouf den 19-01-2022 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 21-01-2022 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 03-03-2022 um 23h59

19.01.2022

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 19-01-2022 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2173 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

02.01.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2173 gouf den 02-01-2022 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fir eng besser Analys vun den Zuelen iwwert d'Corona-Pandemie. No 2 Joer misst een endlech wëssen, wéivill Leit reell wéinst, mat oder um Virus gestuerwen sinn, mat enger kloerer Ënnerdeelung vun deenen 3 Kategorien. Kreatioun vun engem genauen Register.

 

Zil vun der Petitioun: Wéi al sinn déi Léit, déi op der Intensivstatioun leien. Sinn déi Leit op der Intensivstatioun just wéinst dem Corona do oder hunn se aner Krankheeten? Wéi ass hiren Impfstatus? 1mol, 2mol, 3mol, geboostert oder net, an wann, wéi laang ass dat hier. Wann een net weess, ob eng Persoun geimpft ass, muss si den Status "onbekannt" kréien, mat engem Vermierk firwat. Wann eng Persoun net geimpft ass, dann sollt si den Status net geimpft kréien. Hunn déi Léit Virerkrankungen (Kriibs oder soss schwéier Krankheeten) oder net? Dat gëllt och vir déi Léit, déi soss an der Klinik sinn. Sinn déi do wéinst dem Corona (awer dann nëmmen wéinst Corona) oder sinn déi do wéinst enger anerer Saach, mee guffen positiv getest, hunn awer keng Symptomer.Am Fall vun engem Stierffall soll automatesch eng Autopsie gemaach ginn, wann een déi Persoun ënner Coronadoudegen zielt, fir genau ze wëssen, un wat déi Persoun gestuerwen ass.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: (CONTINUATION) Dat heescht: wann een eng Persoun ënner Coronadoudegen zielt, muss genau festgestallt ginn, duerch wat oder firwat déi Persoun gestuerwen ass. Bei enger méi genauer Analys kann een doduerch och besser Abu'en bei der Ofrechnung an den Kliniken oder soss anzwousch opdecken oder vermeiden. Déi Zuelen, déi elo virleien soën net vill aus a ginn och net onofhängeg kontrolléiert. Dat selwecht betrëfft och d'Impfniewenwierkungen (respektiv an verschiddenen Fäll souguer Impfschied oder Doud), wou een misst en Register hunn wou Léit kennen matdeelen wann si wéieng Niewenwierkungen kritt hunn, an duerch wat fir een Vaccin. Dëst Instrument suergt fir méi Transparenz an och fir besser ze analyséieren, wéi een den Vaccin impfen soll oder kann oder besser net soll.Wéi gesaït et mat den Better an den Kliniken aus? Wat ass d'Unzuel vun den normalen Better? (10 Joër). Wat ass d'Unzuel vun den Intensivbetter (10 Joër). Wat ass d'Unzuel vun de Rehabetter ? (10 Joër)

Dat ganzt geet em Transparenz, an et geet drëms alles nozevollzéien fir e bessert Verstoën bei Jiddferengem.