Ëffentlech n°2107

Petitionnär/in: Jean Marie Jean-Pierre Heuschling

Schluss mat der steierlecher Diskriminéierung géint Elengerzéier! Mettre fin à la discrimination fiscale des familles monoparentales!

Zil vun der Petitioun

De Collectif Monoparental fuerdert: 1. Elo direkt e Reklassement vun den elengerzéiende Familljen an d'Steierklass 2. (Definitioun vun ,,elengerzéiend Famill": een eenzegen Erwuessenen, Wittfra/Wittmann, gescheet, oder Jonggesell(in), mat engem oder méi Kanner zu Laaschten) 2. ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Motivatioun vun der Petitioun: Nach ëmmer ginn hei zu Lëtzebuerg d'Kanner aus elengerzéiende Familljen diskriminéiert duerch e steierleche System deen sech nom Familljestand vun hiren Elteren riicht. Dës Kanner ginn onfair benodeelegt, well deen Elterendeel dee si erzéit ganz eleng méi ... méi

34
Deeg bleiwen
1296 /4.500
29%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
22.11.2021

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

19.11.2021

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2107 ka vum 19-11-2021 un ënnerschriwwe ginn

17.11.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2107 gouf den 17-11-2021 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 19-11-2021 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 30-12-2021 um 23h59

17.11.2021

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 17-11-2021 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2107 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

14.11.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2107 gouf den 14-11-2021 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Schluss mat der steierlecher Diskriminéierung géint Elengerzéier!

Mettre fin à la discrimination fiscale des familles monoparentales!

Zil vun der Petitioun: De Collectif Monoparental fuerdert:

 

1. Elo direkt e Reklassement vun den elengerzéiende Familljen an d'Steierklass 2. (Definitioun vun ,,elengerzéiend Famill": een eenzegen Erwuessenen, Wittfra/Wittmann, gescheet, oder Jonggesell(in), mat engem oder méi Kanner zu Laaschten)

2. D'Bäibehalen vum CIM (crédit d'impôt monoparental) a seng Upassung op EUR2.500 pro Joer, ouni Konditiounen déi un d'Pai oder d'Alimenter gebonne sinn, fir all Elengerzéier(inne) mat engem oder méi Kanner.

 

----

 

Le Collectif Monoparental revendique :

 

1. Le reclassement immédiat des familles monoparentales dans la classe d'impôt 2. (Définition de « famille monoparentale » : un seul adulte (veu(f)ve, divorcé(e), célibataire) avec un ou plusieurs enfants à charge.)

2. Le maintien du CIM (crédit d'impôt monoparental) et son adaptation à EUR2.500 par an, sans condition de salaire et d'aliments, pour tout parent élevant seul un ou plusieurs enfants.

 

www.facebook.com/groups/monoparentaux/

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Motivatioun vun der Petitioun:

 

Nach ëmmer ginn hei zu Lëtzebuerg d'Kanner aus elengerzéiende Familljen diskriminéiert duerch e steierleche System deen sech nom Familljestand vun hiren Elteren riicht. Dës Kanner ginn onfair benodeelegt, well deen Elterendeel dee si erzéit ganz eleng méi Steiere muss bezuelen wéi eng bestueten oder gepacste Koppel mat gläichem Akommes, souguer wann déi Koppel iwwerhaapt keng Kanner huet.

 

Elengerzéier brauchen eng dréngend Ëmsetzung vun den uewe genannte Mesuren, well eis elengerzéiend Familljen an enger Situatioun sinn déi si einfach net méi packen: 58.7% vun hinne komme finanziell net iwwert d'Ronne, wärend 38% riskéieren an d'Aarmut ze falen. (Statec 5/21)

 

------

 

Aujourd'hui, au Luxembourg, les enfants vivant dans des familles monoparentales sont discriminés par un système fiscal basé sur l'état civil de leurs parents. Ces enfants sont désavantagés d'une manière injuste, parce que le seul parent qui les élève paie, à lui ou à elle seul(e), plus d'impôts que les couples mariés ou pacsés, à revenu égal, et même sans enfants.

 

Il est de toute urgence que la mise en oeuvre des mesures mentionnées ci-dessus soient réalisées, au vu de la situation insoutenable des familles monoparentales dont 58.7% ont de la difficulté à joindre les deux bouts sur le plan financier, tandis que 38% font face au risque de pauvreté. (Statec 5/21)

 

Le Collectif Monoparental

www.facebook.com/groups/monoparentaux/