Ëffentlech n°2035

Petitionnär/in: Luc Deitz

Fir ee Referendum iwwert déi nei Verfassung online kënnen ze froen

Zil vun der Petitioun

Dës Petitioun freet, eng Méiglechkeet anzeféieren, fir eng Referendumsprozedur och iwwert de Wee vun enger Online-Ënnerschrëft kënnen anzeleeden. Si baséiert op dem Artikel 114 vun der aktueller Constitutioun. Auszuch aus dem Artikel 114: « Le texte adopté en première lecture par la ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

D'Constitutioun regelt d'Zesummeliewe vun de Bierger am Land a geet dowéinst all Mensch eppes un. Nëmmen ee Referendum ka garantéieren, dass déi geplangten nei Constitutioun an all hire Punkten och vun enger Majoritéit vun de Bierger matgedroe gëtt. Et ass awer leider esou, dass déi aktuell ... méi

ofgelaf  29.11.2021
1711 /4.500
38%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
11.03.2022

Deklaratioun vun der Cloture

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
02.03.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2035 ass den 02-03-2022 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

14.12.2021

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

14.12.2021

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2035 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 14-12-2021 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 1711

14.12.2021

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 1711

30.11.2021

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2035 z'ënnerschreiwen ass den 30-11-2021 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 1711

19.10.2021

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2035 ka vum 19-10-2021 un ënnerschriwwe ginn

18.10.2021

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

14.10.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2035 gouf den 14-10-2021 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 19-10-2021 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 29-11-2021 um 23h59

13.10.2021

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 13-10-2021 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2035 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

04.10.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2035 gouf den 04-10-2021 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fir ee Referendum iwwert déi nei Verfassung online kënnen ze froen

Zil vun der Petitioun: Dës Petitioun freet, eng Méiglechkeet anzeféieren, fir eng Referendumsprozedur och iwwert de Wee vun enger Online-Ënnerschrëft kënnen anzeleeden.

Si baséiert op dem Artikel 114 vun der aktueller Constitutioun.

Auszuch aus dem Artikel 114:

« Le texte adopté en première lecture par la Chambre des députés est soumis à un référendum, qui se substitue au second vote de la Chambre, si dans les deux mois suivant le premier vote demande en est faite soit par plus d'un quart des membres de la Chambre, soit par vingt-cinq mille électeurs inscrits sur les listes électorales pour les élections législatives. »

Déi « électeurs inscrits sur les listes électorales pour les élections législatives », déi esou e Referendum wéilte froen, sollen dat also virum zweete Vote an der Chamber och op elektroneschem Wee kënne maachen, ouni dass si sech - wéi dat de Moment nach virgesinn ass - perséinlech mussen op hier Gemeng deplacéieren, fir sech do an enger Lëscht anzeschreiwen.

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: D'Constitutioun regelt d'Zesummeliewe vun de Bierger am Land a geet dowéinst all Mensch eppes un. Nëmmen ee Referendum ka garantéieren, dass déi geplangten nei Constitutioun an all hire Punkten och vun enger Majoritéit vun de Bierger matgedroe gëtt.

Et ass awer leider esou, dass déi aktuell Referendumsprozedur nach ëmmer virgesäit, dass déi Leit, déi ee Referendum wéilten ufroen, duerfir selwer musse physesch op eng Gemeng goen, fir do hir Ënnerschrëft op Pabeier ofzeginn.

Dëst ass net nëmmen eng ëmständlech, mee och eng partiell diskriminéierend Prozedur, wann een un déi vill Bierger denkt, deenen et aus verschiddene Grënn (z.B. Mobilitéits- an Altersgrënn, Openthalt am Ausland, Aarbechtszäite vun de Gemengeverwaltungen ...) net oder nëmme ganz schwéier méiglech ass, sech perséinlech op hier Gemeng ze deplacéieren. Si kréie vu vir eraus d'Méiglechkeet geholl, ee Referendum iwwerhaapt ze froen, och wa si dat wéilten.

Nun huet sech souwuel am Kader vun där ugestriefter administrativer Vereinfachung wéi och am Kontext vun där dacks gewënschter méi direkter, partizipativer, bottom-up Demokratie de Moyen vun der elektronescher Ënnerschrëft an de läschte Joeren (z.B. am Kader vun der Ënnerstëtzung vun den ëffentleche Petitiounen an der Chamber) duerchaus bewäert.

Och a villen anere Beräicher encouragéiert d'Regierung d'Bierger dozou, reng administrativ Démarchen ëmmer méi op elektroneschem Wee ze maachen (z.B. iwwer myguichet.lu).

Wëll d'Demande, ee Referendum ze organiséieren, an engem éischte Schrack eng reng administrativ Démarche ass, gëtt et kee gudde Grond, grad bei esou engem wichtegen Thema de Bierger keng Méiglechkeet ze ginn, fir dës Demande online kënnen ze maachen. Au contraire misst all « électeur inscrit », och wann hien de Moment z.B. am Ausland lieft oder sech aus anere Grënn net deplacéiere kann, gläichberechtegt d'Méiglechkeet kréien, seng demokratesch Rechter auszeüben an d'Demande no engem Referendum iwwert d'Verfassung kënnen ze ënnerstëtzen.