Ëffentlech n°1957

Petitionnär/in: Stéphanie Volz

Fir an der Fonction publique kënnen ze schaffen, fir déi verschidden Karriären wéi: A1, A2, B1, C1, D1, D2, D3, mussen sech verschidden Punkten am Wuel vum Arbeitsucher fir d'Fonction publique änneren sou dass d'Kandidaten vun de verschidden Karriären och d'Chance kréien fir de Staat Lëtzebuerg kënnen ze schaffen.

Zil vun der Petitioun

En A1 soll just fier den A1 postuléieren, en B1 just fier den B1, en C1 just fier den C1, en D1 just fier den D1, en D2 just fier den D2. Jidderen soll just fier déi Carrières postuléieren fier déi en och den Diplôme huet an soll och an der Carrière bleiwen an dierf an keng annerer Carrières ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Wann eng annonce um B1 lancéiert gouf dann soll sech keen A1 oder A2 do mëllen kënnen daat selwecht fier d'Plaatzen fier den C1 dierfen sech keng Candidaten vum niveau A1, A2 oder B1 méi mëllen kënnen. D'Ziel as dass et gerecht of lëfft well den Moment as et zimlech ongerecht. Et gëtt eng ... méi

ofgelaf  28.10.2021
45 /4.500
1%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
17.12.2021

Deklaratioun vun der Cloture

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
14.12.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1957 ass den 14-12-2021 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

11.11.2021

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

10.11.2021

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1957 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 10-11-2021 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 45

10.11.2021

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 45

29.10.2021

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1957 z'ënnerschreiwen ass den 29-10-2021 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 45

17.09.2021

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1957 ka vum 17-09-2021 un ënnerschriwwe ginn

17.09.2021

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

16.09.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1957 gouf den 16-09-2021 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 17-09-2021 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 28-10-2021 um 23h59

15.09.2021

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 15-09-2021 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1957 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

27.07.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1957 gouf den 27-07-2021 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fir an der Fonction publique kënnen ze schaffen, fir déi verschidden Karriären wéi: A1, A2, B1, C1, D1, D2, D3, mussen sech verschidden Punkten am Wuel vum Arbeitsucher fir d'Fonction publique änneren sou dass d'Kandidaten vun de verschidden Karriären och d'Chance kréien fir de Staat Lëtzebuerg kënnen ze schaffen.

Zil vun der Petitioun: En A1 soll just fier den A1 postuléieren, en B1 just fier den B1, en C1 just fier den C1, en D1 just fier den D1, en D2 just fier den D2. Jidderen soll just fier déi Carrières postuléieren fier déi en och den Diplôme huet an soll och an der Carrière bleiwen an dierf an keng annerer Carrières méi postuléieren.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Wann eng annonce um B1 lancéiert gouf dann soll sech keen A1 oder A2 do mëllen kënnen daat selwecht fier d'Plaatzen fier den C1 dierfen sech keng Candidaten vum niveau A1, A2 oder B1 méi mëllen kënnen. D'Ziel as dass et gerecht of lëfft well den Moment as et zimlech ongerecht. Et gëtt eng Annonce am B1 oder C1 lancéieren den A1, A2 mëllt sech fier den posten B1 an gin dann fier gezunn opwuel den Posten vun engem soll besaat gin den och an der carriere vum B1 as an net vun engem iwer qualifizéierten daat selwecht fier den C1 eng annonce gëtt fier den C1 lancéiert an d'Candidaten vum B1 mëllen sech fier den Posten vum C1 an gin dann och fier gezunn op wuel den Posten sollt vun engem Candidat soll besaat gin den och an der C1 Carrière as an net vun engem den iwer qualifizéiert as. Vill Leit kréien do duerch keng plaatz an hierer Carrières.