Ëffentlech n°1224

Petitionnär/in: Dominique Weber

Autofräi Sonndeger

Zil vun der Petitioun

D'Aféierung vun 2 Autofräie Sonndeger am Mount, wéi et se schonns an de 70er Jore gouf, als Lutte géint de Klimawandel.

Motivatioun vun der Petitioun

1973 goufen et wéinst der Energiekris an engem Mangel u Pëtrol a ville Länner an Europa Autofräi Sonndeger, op deenen d'Autofuere verbuede war. Deemools hunn d'Bierger zu Lëtzebuerg dëst higeholl a sinn op der Autobunn spadséiere gaangen. Haut schwätze mer net vun enger Energiekris, ma vum ... méi

ofgelaf  17.04.2019
148 /4.500
3%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
06.06.2019

Deklaratioun vun der Cloture

04.06.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1224 ass den 04-06-2019 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: pas de reclassement en pétition ordinaire

03.05.2019

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

30.04.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1224 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 30-04-2019 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 148

30.04.2019

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 148

17.04.2019

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1224 z'ënnerschreiwen ass den 17-04-2019 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 148

06.03.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1224 ka vum 06-03-2019 un ënnerschriwwe ginn

06.03.2019

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

01.03.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1224 gouf den 01-03-2019 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 06-03-2019 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 17-04-2019 um 23h59

28.02.2019

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 28-02-2019 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1224 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

19.02.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1224 gouf den 19-02-2019 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Autofräi Sonndeger

Zil vun der Petitioun: D'Aféierung vun 2 Autofräie Sonndeger am Mount, wéi et se schonns an de 70er Jore gouf, als Lutte géint de Klimawandel.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: 1973 goufen et wéinst der Energiekris an engem Mangel u Pëtrol a ville Länner an Europa Autofräi Sonndeger, op deenen d'Autofuere verbuede war. Deemools hunn d'Bierger zu Lëtzebuerg dëst higeholl a sinn op der Autobunn spadséiere gaangen.

Haut schwätze mer net vun enger Energiekris, ma vum Klimawandel, deen eise ganze Planéit bedrot. Vun den 10 wäermste Jore säit Ufank vun den Temperaturopzeechnunge waren der 9 nom Joer 2000. Och 2018 ass hei keng Ausnam.

Trotz ville gudden Efforten ass laut Studien den Ausstouss vun Zäregasen 2018 ëm 2,7% gewuess!

Laut europäesche Studien ass Lëtzebuerg zwar virbäi wat Klimaschutz ugeet, trotzdeem awer leider nach wäit dovunner ewech seng Ziler ze erreechen. Virbäi ze si geet net duer wann et ëm d'Zukunft vun eisem Planéit geet. de gratis ëffentlechen Transport ass e wichtege Schrëtt an déi richteg Richtung. Fir dass d'Leit awer tatsächlech vum Auto op den ëffentlechen Transport ëmklamme muss den Auto manner attraktiv gemaach ginn.

Aus dësem Grond muss eis Regierung sech un der Vergaangenheet inspiréieren an autofräi Sonndeger wéi an de 70er Joren aféieren!

Ausname wéi fir Ambulanzen an aner Rettungsdéngschter missten natierlech gemaach ginn. Ausserdeem géing den ëffentlechen Transport wéi op engem normalen Aarbechtsdag, oder souguer renforcéiert weiderlafen. Wee sech net un de Verbuet hält riskéiert héich Geldstrofen (z.B. 5.000 Euro an opwäerts) oder souguer dass de Permis agezu gëtt.

Dës Mesure mussen allerspéitstens 2021 antrieden.

Dëst hätt eng ganz Rëtsch positiv Effekter fir d'Ëmwelt a fir d'Lëtzebuerger Bierger:

Dat wuel wichtegst Argument läit op der Hand: wa keng Autoe fuere gi keng Zäregasen ausgestouss an eise Klimabilan gëtt besser.

De mentalen Aspekt: De Klimawandel ass ville Leit egal. Dat klengt extrem, a vill Leit wäerten sech vu sou engem Saz net ugesprach villen. Allerdéngs spiere mir hei zu Lëtzebuerg sou gutt wéi guer keng Konsequenze vum Klimawandel. Eist Land ass net bedrot vum Mieresspigel dee klëmmt. Et gëtt keng Hurrikanen oder Taifunen, déi an de leschte Joren ëmmer méi heefeg a méi staark optrieden. Bëschbränn an Dréchente sinn och praktesch kee Begrëff fir eist Land.

Aus dësem Grond musse mir Lëtzebuerger och endlech mol Aschränkunge spieren, déi eis d'Aen opmaachen. Wa Sonndes keng Autoe fueren dierfen, wier et déi éischt Kéier, dass an eisem Land serieux Konsequenze vum Klimawandel ze spiere wieren. Dëst géing d'Leit zum Nodenken ureegen, a villäicht deen een oder aneren dozou iwwerzeegen och wärend der Woch méi oft op den Auto ze verzichten.

Natierlech ass et schwéier op den Auto ze verzichten. Wann een sech awer am viraus dorops astellt a Sonndes entweder doheem bleift, oder vun de Busser an Zich profitéiert ass sou ee Verbuet guer net sou verréckt wéi verschiddener dat am Ufank menge wäerten.

Eis Regierung ass nach laang net couragéiert genuch. Et ass héich Zäit radikal Moossnamen zu huele fir eise Planéit an eis Zukunft iergendwéi nach ze retten.