Öffentliche n°1224

Petitionär/in: Dominique Weber

Autofräi Sonndeger

Ziel der Petition

D'Aféierung vun 2 Autofräie Sonndeger am Mount, wéi et se schonns an de 70er Jore gouf, als Lutte géint de Klimawandel.

Beweggründe für die Petition

1973 goufen et wéinst der Energiekris an engem Mangel u Pëtrol a ville Länner an Europa Autofräi Sonndeger, op deenen d'Autofuere verbuede war. Deemools hunn d'Bierger zu Lëtzebuerg dëst higeholl a sinn op der Autobunn spadséiere gaangen. Haut schwätze mer net vun enger Energiekris, ma vum ... mehr

abgelaufen  17.04.2019
148 /4.500
3%
gesammelte Unterschriften

Petition teilen

Verlauf dieser Petition

Icon process
06.06.2019

Beendigungsbescheid

04.06.2019

Die öffentliche Petition Nr. 1224 wurde am 04-06-2019 abgeschlossen

Begründung der Beendigung: pas de reclassement en pétition ordinaire

03.05.2019

Anfrage betreffend die Weiterbearbeitung der Petition in Form einer einfachen Petition

30.04.2019

Die öffentliche Petition Nr. 1224 hat das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften bis zum 30-04-2019 nicht erreicht. Zahl der gültigen Unterschriften: 148

30.04.2019

Gültige Online-Unterschriften: 148

17.04.2019

Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 1224 ist am 17-04-2019 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 148

06.03.2019

Die öffentliche Petition Nr. 1224 kann ab dem 06-03-2019 unterschrieben werden

06.03.2019

Zulässigkeitsbescheid

01.03.2019

Die öffentliche Petition Nr. 1224 wurde am 01-03-2019 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt

Zulässigkeit : zulässig

Beginn der Unterschriftsphase : 06-03-2019 um 0:00

Ende der Unterschriftsphase : 17-04-2019 um 23:59

28.02.2019

Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 28-02-2019 betreffend die Petition Nr. 1224 fällt positiv aus

Gutachten des Petitionsausschusses : positiv

19.02.2019

Die öffentliche Petition Nr. 1224 wurde am 19-02-2019 eingereicht.

Titel der Petition: Autofräi Sonndeger

Ziel der Petition: D'Aféierung vun 2 Autofräie Sonndeger am Mount, wéi et se schonns an de 70er Jore gouf, als Lutte géint de Klimawandel.

Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: 1973 goufen et wéinst der Energiekris an engem Mangel u Pëtrol a ville Länner an Europa Autofräi Sonndeger, op deenen d'Autofuere verbuede war. Deemools hunn d'Bierger zu Lëtzebuerg dëst higeholl a sinn op der Autobunn spadséiere gaangen.

Haut schwätze mer net vun enger Energiekris, ma vum Klimawandel, deen eise ganze Planéit bedrot. Vun den 10 wäermste Jore säit Ufank vun den Temperaturopzeechnunge waren der 9 nom Joer 2000. Och 2018 ass hei keng Ausnam.

Trotz ville gudden Efforten ass laut Studien den Ausstouss vun Zäregasen 2018 ëm 2,7% gewuess!

Laut europäesche Studien ass Lëtzebuerg zwar virbäi wat Klimaschutz ugeet, trotzdeem awer leider nach wäit dovunner ewech seng Ziler ze erreechen. Virbäi ze si geet net duer wann et ëm d'Zukunft vun eisem Planéit geet. de gratis ëffentlechen Transport ass e wichtege Schrëtt an déi richteg Richtung. Fir dass d'Leit awer tatsächlech vum Auto op den ëffentlechen Transport ëmklamme muss den Auto manner attraktiv gemaach ginn.

Aus dësem Grond muss eis Regierung sech un der Vergaangenheet inspiréieren an autofräi Sonndeger wéi an de 70er Joren aféieren!

Ausname wéi fir Ambulanzen an aner Rettungsdéngschter missten natierlech gemaach ginn. Ausserdeem géing den ëffentlechen Transport wéi op engem normalen Aarbechtsdag, oder souguer renforcéiert weiderlafen. Wee sech net un de Verbuet hält riskéiert héich Geldstrofen (z.B. 5.000 Euro an opwäerts) oder souguer dass de Permis agezu gëtt.

Dës Mesure mussen allerspéitstens 2021 antrieden.

Dëst hätt eng ganz Rëtsch positiv Effekter fir d'Ëmwelt a fir d'Lëtzebuerger Bierger:

Dat wuel wichtegst Argument läit op der Hand: wa keng Autoe fuere gi keng Zäregasen ausgestouss an eise Klimabilan gëtt besser.

De mentalen Aspekt: De Klimawandel ass ville Leit egal. Dat klengt extrem, a vill Leit wäerten sech vu sou engem Saz net ugesprach villen. Allerdéngs spiere mir hei zu Lëtzebuerg sou gutt wéi guer keng Konsequenze vum Klimawandel. Eist Land ass net bedrot vum Mieresspigel dee klëmmt. Et gëtt keng Hurrikanen oder Taifunen, déi an de leschte Joren ëmmer méi heefeg a méi staark optrieden. Bëschbränn an Dréchente sinn och praktesch kee Begrëff fir eist Land.

Aus dësem Grond musse mir Lëtzebuerger och endlech mol Aschränkunge spieren, déi eis d'Aen opmaachen. Wa Sonndes keng Autoe fueren dierfen, wier et déi éischt Kéier, dass an eisem Land serieux Konsequenze vum Klimawandel ze spiere wieren. Dëst géing d'Leit zum Nodenken ureegen, a villäicht deen een oder aneren dozou iwwerzeegen och wärend der Woch méi oft op den Auto ze verzichten.

Natierlech ass et schwéier op den Auto ze verzichten. Wann een sech awer am viraus dorops astellt a Sonndes entweder doheem bleift, oder vun de Busser an Zich profitéiert ass sou ee Verbuet guer net sou verréckt wéi verschiddener dat am Ufank menge wäerten.

Eis Regierung ass nach laang net couragéiert genuch. Et ass héich Zäit radikal Moossnamen zu huele fir eise Planéit an eis Zukunft iergendwéi nach ze retten.