Ëffentlech n°1171

Petitionnär/in: Robert Schommer

Fir de generelle Verbuet vu privatem Freedefeier

Zil vun der Petitioun

D'Geforen an Nuisancen duerch privat Freedefeier fir Mënsch, Natur an Ëmwelt mat engem generelle Verbuet minimiséieren. An dëser Thematik eng kloer Positioun fir d'ganz Land an all Awunner bezéien an d'Handhabung net de Gemengen iwwerloossen. Eng eenheetlech Aussnahmebestëmmung ausschaffe ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

D'Meenungen iwwer d'Freedefeier gi besonnesch weit ausernee soubal wei op Silvester privat Leit massiv Knupperte kafen an zünden. Di läscht Joren huet sech dëst souguer op Gemengenniveau erëmgespigelt, soudass munch Gemengen et verbidden an anerer net oder just ënner bestëmmte Bedingungen ... méi

ofgelaf  06.03.2019
264 /4.500
6%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
03.05.2019

Deklaratioun vun der Cloture

03.05.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1171 ass den 03-05-2019 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: demande de reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

19.03.2019

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

13.03.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1171 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 13-03-2019 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 264

06.03.2019

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1171 z'ënnerschreiwen ass den 06-03-2019 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 262

06.03.2019

Validéiert Ënnerschrëften op Pabeier : 2

06.03.2019

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 262

23.01.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1171 ka vum 23-01-2019 un ënnerschriwwe ginn

23.01.2019

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

21.01.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1171 gouf den 21-01-2019 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 23-01-2019 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 06-03-2019 um 23h59

15.01.2019

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 15-01-2019 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1171 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

01.01.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1171 gouf den 01-01-2019 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fir de generelle Verbuet vu privatem Freedefeier

Zil vun der Petitioun: D'Geforen an Nuisancen duerch privat Freedefeier fir Mënsch, Natur an Ëmwelt mat engem generelle Verbuet minimiséieren.

An dëser Thematik eng kloer Positioun fir d'ganz Land an all Awunner bezéien an d'Handhabung net de Gemengen iwwerloossen.

Eng eenheetlech Aussnahmebestëmmung ausschaffe mam Zil dass all Gemeng ausgewise Platzen z.B. fir Silvester ariicht. Dës Platze sollen nom Impakt op d'Ëmwelt (Mënsch, Déier, Geforen a Verschmotzung) ausgewielt ginn.

Wien Freed un Freedefeier huet soll dëser Passioun mat méi Sécherheet nogoe kënnen. Wien keng Freed un Freedefeier huet, soll duerch dës Mesure manner gesteiert ginn. Botz- an opraum- Aarbechte sollen doduerch mi einfach ginn. Noutdéngschter sollen doduerch bei Tëschefäll mi effikass agräife kënnen. Muttwëlleg Verschmotzung a Knupperte fir d'Leit z'erschrecke sollen doduerch mi kloer Verbuede ginn a mi liicht ze sanktionéiere ginn, wéi bis ewell. Parallel sollen d'Gemengen dobäi ënnerstëtzt gi fir Alternativen zu Freedefeier (z.B. Lasershow) op dësen ausgewisene Platzen ze weise fir dësem Brauch mat de Knupperte mat der Zäit e mi niddrege Stellewäert zoukommen ze loossen.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: D'Meenungen iwwer d'Freedefeier gi besonnesch weit ausernee soubal wei op Silvester privat Leit massiv Knupperte kafen an zünden. Di läscht Joren huet sech dëst souguer op Gemengenniveau erëmgespigelt, soudass munch Gemengen et verbidden an anerer net oder just ënner bestëmmte Bedingungen erlaben. Dëst ass keng adequat Léisung an dofir muss op nationalem Niveau eng Léisung hir. D'Grënn wisou et zu dëser Entwécklung koum, sinn Villfälteg. E.a. Knascht, Kaméidi, Geforen, verängschtegt Deieren, Ëmweltverschmotzung.