Öffentliche n°1171

Petitionär/in: Robert Schommer

Fir de generelle Verbuet vu privatem Freedefeier

Ziel der Petition

D'Geforen an Nuisancen duerch privat Freedefeier fir Mënsch, Natur an Ëmwelt mat engem generelle Verbuet minimiséieren. An dëser Thematik eng kloer Positioun fir d'ganz Land an all Awunner bezéien an d'Handhabung net de Gemengen iwwerloossen. Eng eenheetlech Aussnahmebestëmmung ausschaffe ... mehr

Beweggründe für die Petition

D'Meenungen iwwer d'Freedefeier gi besonnesch weit ausernee soubal wei op Silvester privat Leit massiv Knupperte kafen an zünden. Di läscht Joren huet sech dëst souguer op Gemengenniveau erëmgespigelt, soudass munch Gemengen et verbidden an anerer net oder just ënner bestëmmte Bedingungen ... mehr

abgelaufen  06.03.2019
264 /4.500
6%
gesammelte Unterschriften

Petition teilen

Verlauf dieser Petition

Icon process
03.05.2019

Beendigungsbescheid

03.05.2019

Die öffentliche Petition Nr. 1171 wurde am 03-05-2019 abgeschlossen

Begründung der Beendigung: demande de reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

19.03.2019

Anfrage betreffend die Weiterbearbeitung der Petition in Form einer einfachen Petition

13.03.2019

Die öffentliche Petition Nr. 1171 hat das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften bis zum 13-03-2019 nicht erreicht. Zahl der gültigen Unterschriften: 264

06.03.2019

Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 1171 ist am 06-03-2019 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 262

06.03.2019

Gültige Papier- Unterschriften: 2

06.03.2019

Gültige Online-Unterschriften: 262

23.01.2019

Die öffentliche Petition Nr. 1171 kann ab dem 23-01-2019 unterschrieben werden

23.01.2019

Zulässigkeitsbescheid

21.01.2019

Die öffentliche Petition Nr. 1171 wurde am 21-01-2019 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt

Zulässigkeit : zulässig

Beginn der Unterschriftsphase : 23-01-2019 um 0:00

Ende der Unterschriftsphase : 06-03-2019 um 23:59

15.01.2019

Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 15-01-2019 betreffend die Petition Nr. 1171 fällt positiv aus

Gutachten des Petitionsausschusses : positiv

01.01.2019

Die öffentliche Petition Nr. 1171 wurde am 01-01-2019 eingereicht.

Titel der Petition: Fir de generelle Verbuet vu privatem Freedefeier

Ziel der Petition: D'Geforen an Nuisancen duerch privat Freedefeier fir Mënsch, Natur an Ëmwelt mat engem generelle Verbuet minimiséieren.

An dëser Thematik eng kloer Positioun fir d'ganz Land an all Awunner bezéien an d'Handhabung net de Gemengen iwwerloossen.

Eng eenheetlech Aussnahmebestëmmung ausschaffe mam Zil dass all Gemeng ausgewise Platzen z.B. fir Silvester ariicht. Dës Platze sollen nom Impakt op d'Ëmwelt (Mënsch, Déier, Geforen a Verschmotzung) ausgewielt ginn.

Wien Freed un Freedefeier huet soll dëser Passioun mat méi Sécherheet nogoe kënnen. Wien keng Freed un Freedefeier huet, soll duerch dës Mesure manner gesteiert ginn. Botz- an opraum- Aarbechte sollen doduerch mi einfach ginn. Noutdéngschter sollen doduerch bei Tëschefäll mi effikass agräife kënnen. Muttwëlleg Verschmotzung a Knupperte fir d'Leit z'erschrecke sollen doduerch mi kloer Verbuede ginn a mi liicht ze sanktionéiere ginn, wéi bis ewell. Parallel sollen d'Gemengen dobäi ënnerstëtzt gi fir Alternativen zu Freedefeier (z.B. Lasershow) op dësen ausgewisene Platzen ze weise fir dësem Brauch mat de Knupperte mat der Zäit e mi niddrege Stellewäert zoukommen ze loossen.

Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: D'Meenungen iwwer d'Freedefeier gi besonnesch weit ausernee soubal wei op Silvester privat Leit massiv Knupperte kafen an zünden. Di läscht Joren huet sech dëst souguer op Gemengenniveau erëmgespigelt, soudass munch Gemengen et verbidden an anerer net oder just ënner bestëmmte Bedingungen erlaben. Dëst ass keng adequat Léisung an dofir muss op nationalem Niveau eng Léisung hir. D'Grënn wisou et zu dëser Entwécklung koum, sinn Villfälteg. E.a. Knascht, Kaméidi, Geforen, verängschtegt Deieren, Ëmweltverschmotzung.