Ëffentlech n°1097

Petitionnär/in: / Eric Meyers et Luc Scholtes

Fir eng obligatoresch Visitt vun all Lycées-Schüler am fréiere Konzentratiounslager zu Hinzert / Pour une visite obligatoire de chaque lycéen à l'ancien camp de concentration de Hinzert

Zil vun der Petitioun

Fir datt all Schüler, deen zu Lëtzebuerg am enseignement secondaire ageschriwwen ass, virum Enn vun der obligatorescher Scolaritéit mat 16 Joer eng Kéier d'Gedenkstätt vum fréiere Konzentratiounslager zu Hinzert besicht huet

Motivatioun vun der Petitioun

Et gëtt geschat, datt 82 Lëtzebuerger tëscht 1941 an 1945 hiert Liewen am "SS-Sonderlager" Hinzert hu misse loossen, ënner anerem och eis Jongen, Bridder, Pappen, Bopien an Urgroussbopen, déi 1942 um Generalstreik deelgeholl hunn. Den Doud vun dëse Lëtzebuerger Helden dierf nimools vergiess ... méi

ofgelaf  30.10.2018
76 /4.500
2%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
27.02.2019

Deklaratioun vun der Cloture

14.02.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1097 ass den 14-02-2019 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande de reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

09.01.2019

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

13.12.2018

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 76

13.12.2018

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1097 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 13-12-2018 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 76

31.10.2018

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1097 z'ënnerschreiwen ass den 31-10-2018 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 76

18.09.2018

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1097 ka vum 18-09-2018 un ënnerschriwwe ginn

17.09.2018

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

12.09.2018

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1097 gouf den 12-09-2018 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 18-09-2018 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 30-10-2018 um 23h59

12.09.2018

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 12-09-2018 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1097 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

06.09.2018

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1097 gouf den 06-09-2018 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fir eng obligatoresch Visitt vun all Lycées-Schüler am fréiere Konzentratiounslager zu Hinzert / Pour une visite obligatoire de chaque lycéen à l'ancien camp de concentration de Hinzert

Zil vun der Petitioun: Fir datt all Schüler, deen zu Lëtzebuerg am enseignement secondaire ageschriwwen ass, virum Enn vun der obligatorescher Scolaritéit mat 16 Joer eng Kéier d'Gedenkstätt vum fréiere Konzentratiounslager zu Hinzert besicht huet

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Et gëtt geschat, datt 82 Lëtzebuerger tëscht 1941 an 1945 hiert Liewen am "SS-Sonderlager" Hinzert hu misse loossen, ënner anerem och eis Jongen, Bridder, Pappen, Bopien an Urgroussbopen, déi 1942 um Generalstreik deelgeholl hunn. Den Doud vun dëse Lëtzebuerger Helden dierf nimools vergiess ginn a mir, mee virun allem déi kommend Generatiounen, hunn d'Flicht dofir ze suergen, datt d'Geschicht sech net widderhëlt. Et dierf net vergiess ginn, datt méi wéi 1.500 Lëtzebuerger fir d'Fräiheet vum ganze Grand-Duché duerch d'Hinzerter Hell hu misse goen. Hinzert ass fir Lëtzebuerg also e ganz zentralen Erënnerungsuert a steet symbolesch fir d'Lëtzebuerger Leed am Zweete Weltkrich.

 

Elo wou et leider ëmmer manner Zäitzeie vun dësem däischtere Kapitel europäescher Geschicht wäert ginn, ass et ëmsou méi noutwenneg, dës a kommend Generatiounen un d'Vergaangenheet z'erënneren. Et muss een d'Wierder vum Philosoph George Santayana ernimmen, datt jiddereen, deen sech net un d'Vergaangenheet erënnere kann, riskéiert, se nach eng Kéier duerchliewen ze mussen. Fir datt sech esou e Leed ni méi widderhëlt muss d'Erënnerung héichgehale ginn.

 

Dës Visitt soll komplementar zum übleche Schoulcurriculum sinn. Lëtzebuerger Zäitzeie sollten och matabezu gi fir deene Jonken eng pädagogesch a visuell Visitt z'erméiglechen. Déi Jonk sollen och verstoen, datt hir Fräiheet an de Fridden an Europa net selbstverständlech, mee eng haart erkämpften Errongenschaft ass. Dowéinst soll de Besuch am fréiere Konzentratiounslager zu Hinzert och dozou déngen, déi Jonk fir déi historesch Bedeitung vum Friddensprojet Europäesch Unioun ze sensibiliséieren. Nëmmen deen, deen d'Vergaangenheet kennt, kann och d'Géigewaart verstoen an d'Zukunft gestalten.