Public n°1097

Petitioner: / Eric Meyers et Luc Scholtes

Fir eng obligatoresch Visitt vun all Lycées-Schüler am fréiere Konzentratiounslager zu Hinzert / Pour une visite obligatoire de chaque lycéen à l'ancien camp de concentration de Hinzert

Purpose of the petition

Fir datt all Schüler, deen zu Lëtzebuerg am enseignement secondaire ageschriwwen ass, virum Enn vun der obligatorescher Scolaritéit mat 16 Joer eng Kéier d'Gedenkstätt vum fréiere Konzentratiounslager zu Hinzert besicht huet

Reasons for the petition

Et gëtt geschat, datt 82 Lëtzebuerger tëscht 1941 an 1945 hiert Liewen am "SS-Sonderlager" Hinzert hu misse loossen, ënner anerem och eis Jongen, Bridder, Pappen, Bopien an Urgroussbopen, déi 1942 um Generalstreik deelgeholl hunn. Den Doud vun dëse Lëtzebuerger Helden dierf nimools vergiess ... more

ended  30.10.2018
76 /4.500
2%
registered signatures

Share petition

The steps of this petition

Icon process
27.02.2019

Closing statement

14.02.2019

The public petition n°1097 is closed on 14-02-2019

Reason for closure: Demande de reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

09.01.2019

Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition

13.12.2018

Validated electronic signatures: 76

13.12.2018

The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°1097, on 13-12-02018 - Number of signatures after validation: 76

31.10.2018

The period for signing the public petition n°. 1097 is closed on 31-10-2018 - Number of electronic signatures before validation: 76

18.09.2018

The public petition n°1097 is open for signature, on 18-09-2018

17.09.2018

Statement of admissibility

12.09.2018

The public petition n°1097 is declared admissible by the Conference of Presidents on 12-09-2018

Admissibility: admissible

Start date of the signature period: 18-09-2018 at 0:00 a.m.

End date of the signature period: 30-10-2018 at 11:59 p.m.

12.09.2018

The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 1097, on 12-09-2018

Opinion of the Committee on Petitions: positive

06.09.2018

The petition public n°1097 is submitted the 06-09-2018

Title of the petition: Fir eng obligatoresch Visitt vun all Lycées-Schüler am fréiere Konzentratiounslager zu Hinzert / Pour une visite obligatoire de chaque lycéen à l'ancien camp de concentration de Hinzert

Aim of the petition: Fir datt all Schüler, deen zu Lëtzebuerg am enseignement secondaire ageschriwwen ass, virum Enn vun der obligatorescher Scolaritéit mat 16 Joer eng Kéier d'Gedenkstätt vum fréiere Konzentratiounslager zu Hinzert besicht huet

Motivation of the general interest of the petition: Et gëtt geschat, datt 82 Lëtzebuerger tëscht 1941 an 1945 hiert Liewen am "SS-Sonderlager" Hinzert hu misse loossen, ënner anerem och eis Jongen, Bridder, Pappen, Bopien an Urgroussbopen, déi 1942 um Generalstreik deelgeholl hunn. Den Doud vun dëse Lëtzebuerger Helden dierf nimools vergiess ginn a mir, mee virun allem déi kommend Generatiounen, hunn d'Flicht dofir ze suergen, datt d'Geschicht sech net widderhëlt. Et dierf net vergiess ginn, datt méi wéi 1.500 Lëtzebuerger fir d'Fräiheet vum ganze Grand-Duché duerch d'Hinzerter Hell hu misse goen. Hinzert ass fir Lëtzebuerg also e ganz zentralen Erënnerungsuert a steet symbolesch fir d'Lëtzebuerger Leed am Zweete Weltkrich.

 

Elo wou et leider ëmmer manner Zäitzeie vun dësem däischtere Kapitel europäescher Geschicht wäert ginn, ass et ëmsou méi noutwenneg, dës a kommend Generatiounen un d'Vergaangenheet z'erënneren. Et muss een d'Wierder vum Philosoph George Santayana ernimmen, datt jiddereen, deen sech net un d'Vergaangenheet erënnere kann, riskéiert, se nach eng Kéier duerchliewen ze mussen. Fir datt sech esou e Leed ni méi widderhëlt muss d'Erënnerung héichgehale ginn.

 

Dës Visitt soll komplementar zum übleche Schoulcurriculum sinn. Lëtzebuerger Zäitzeie sollten och matabezu gi fir deene Jonken eng pädagogesch a visuell Visitt z'erméiglechen. Déi Jonk sollen och verstoen, datt hir Fräiheet an de Fridden an Europa net selbstverständlech, mee eng haart erkämpften Errongenschaft ass. Dowéinst soll de Besuch am fréiere Konzentratiounslager zu Hinzert och dozou déngen, déi Jonk fir déi historesch Bedeitung vum Friddensprojet Europäesch Unioun ze sensibiliséieren. Nëmmen deen, deen d'Vergaangenheet kennt, kann och d'Géigewaart verstoen an d'Zukunft gestalten.