Schülerinnen a Schüler raus aus dem Beruffstraffic! Lycéeën eng Stonn méi spéit ufänke loossen

Pétition publique n°911

Pétitionnaire : Claude Feltgen

Objet de la pétition

D'Lycéeë sollen am ganze Land Moies eng gutt Stonn méi spéit ewéi aktuell ufänken.

Motivation de la pétition

Ee vun de gréisste Problemer am Effentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass, datt während der sougenanntener Rushhour virun 8 Auer net genuch Kapazitéite fir jiddereen, deen dovunner profitéiere wëll, do sinn. Eng Méiglechkeet fir dës Rushhour méi ausenaner ze zéien an domadder méi Plaz fir jiddereen ze schafen ass et, d\u2018Lycéeën eng Stonn méi spéit, also géint 9 ufänken ze loossen, esou datt di allermeescht Schülerinnen a Schüler réischt no 8 Auer op den Effentlechen Transport ugewisse sinn. Nieft dësem prakteschen Notzen am Effentlechen Transport hätt ee méi spéide Schoulufank bei Lycéesschülerinnen a Schüler awer och nach ee positiven Effekt op hir Leeschtungsfäegkeet, wann een enger ganzer Reih vun Etuden am Ausland Vertraue schenkt. Esou fuerdert beispillsweis d\u2018\u201EDeutsche Gesellschaft für Schlafforschung und Schlafmedizin\u201C, baséierend op dëse Studien, ee méi spéide Schoulstart fir Jugendlecher.

Collecte des signatures enregistrées

Après analyse de l’ensemble des signatures enregistrées, 439 signatures sont valides.

Signatures validées

439 / 4 500

Partager la pétition

Informations clés

Reclassement en pétition ordinaire

Date de dépôt

23/11/2017

Ouverture de la collecte de signatures

06/12/2017

Informations complémentaires