Cours obligatoires en alimentation à l'enseignement secondaire - Obligatorische Cours an den Lycéeën iwwert d'Ernährung - Verpflichtender Ernährungsunterricht an den Schulen.

Pétition publique n°850

Pétitionnaire : Kevin Berna

Objet de la pétition

Aféierung vun engem Cours iwwert Ernährung an den Lycéen fir d'Schüler zum Thema gesond Iessen ze sensibiliséieren. Éis Iessensgewunneschten hun en mei groußen Anfloss op éist Liewen an éis Gesontheet wéi aaner Fächer déi obligatoresch fir d'Schüler sin. Doweinst sollten Kanner d'Informationen mat op den Wee kréien, wéi en sein Liewen positiv mad enger gesonder Liewenswéis beaflossen kann. Durch des präventiv Moosnaam kinnten vill Krankheeten wéi Diabetes Typ 2, Herzproblemer, Adipositas, Anorexia nervosa, ... verhennert gin. Desen Cours sollt och idealerwéis mindestens vun Ernährungsberoder ennerriicht gin an zwar op Basis vun den aktuellen wessenschaftlechen Kenntnisser an onofhängeg vun groußen Lobbien an Firmen.

Motivation de la pétition

Et ass jidverengem opgestallt wéi en sech ernähren well. Léider wessen déi mannst iwwer gesond Ernährung bescheed an lossen sech ze vill vun aalen Mythen an dem Afloss vun der Werbung an den Medien beanflossen. Ouni dess wichteg Informationen fir jidvereen kennen d'Leit sech net gesondheetsförderlech ernähren opwuel desen Faktor am Liewen eng immens Roll spillt. Vill Krankheeten (sierf ed nemmen eng kleng Gripp) hun hieren Ursprong an enger falscher Ernährung déi zu engem geschwächten Immunsystem féiert, d'Herz belaascht, Blutdrockproblemer verursacht an zB. chronesch Krankheeten wéi Diabetes, Migränen, etc. hervirbrengt. Dest kascht den Staat an d'Krankekeesen immens vill, well d'Leit mei oft krank sin, manner schaffen kennen an och manner leeschtungsfäheg sin. Besonneg wichteg ass dest Thema an der Kandheet an an der fréier Jugend, well an deser Period den Kierper am meechten vun enger schlechter Ernährung beanflosst gett. Ech sin zB. Migränespatient gin well ech ned iwwert d'Geforen vun Glutamat informeiert gin sinn an durch erhéigten Konsum dess Krankheet hervirgeruff hun. Dodurch sollten des Couren bei der Jugend agefouert gin an och obligatoresch sinn.

Collecte des signatures terminée

Après analyse de l’ensemble des signatures enregistrées, 88 signatures sont valides.

Signatures validées

88 / 4 500

Partager la pétition

Informations clés

Clôturée

Date de dépôt

10/09/2017

Ouverture de la collecte de signatures

09/10/2017

Informations complémentaires