D'Verréckele vum Datum vun den Noexame fir d´Ofschlossklassen am Enseignement Secondaire a Secondaire technique

Pétition publique n°824

Pétitionnaire : Jeff Trierweiler

Objet de la pétition

D´Noexamen am Secondaire a Secondaire technique fir d´Ofschlossklassen ginn all Joer am September geschriwwen. Dat stellt de Schüler meeschtens virun eng Problematik mat den Anschreiwungen fir d´Unien, déi oft schonn ufanks September ufänken. En Dossier deen d´Note vum Noexame beaflosst gëtt et an den Ofschlossklassen net. Dëst bedeit, dass teschend dem leschte schrëftlechen Examen an den Noexamen eng Periode vun ongeféier 2 an engem halwe Mount läit. E Verréckelen vun den Noexamen an den Juli/August wier fir de Schüler e Virdeel, well en esou, am Fall vun enger Admissioun direkt am September mat der Uni kann ufänken. Dobäi huet en nach Zäit fir sech e Logement ze sichen am Fall wou en am Ausland studéiere wëll.

Motivation de la pétition

Vill Studente sinn all Joer am Fall, wou se Problemer mat hirer Uni oder Héichschoul  kréien well se Mëtt September nach Noexamen hun.  Et ass am Interessi vum Schüler, dëst ze änneren. Eng Preparatiounsphas vun engem Mount geet fir den Schüler duer, sech op seng Noexamen virzebereeden.

Collecte des signatures terminée

Après analyse de l’ensemble des signatures enregistrées, 337 signatures sont valides.

Signatures validées

337 / 4 500

Partager la pétition

Informations clés

Clôturée

Date de dépôt

27/06/2017

Ouverture de la collecte de signatures

17/07/2017

Informations complémentaires