Lëtzebuerger Sprooch als 1. Amtssprooch an Nationalsprooch gesetzlech fir all Awunner zu Lëtzebuerg festzeleeën - Pétitions
Une erreur interne est survenue. Veuillez réessayer plus tard ou contacter le support (ID : efc82603-8720-45b6-9ce0-9822f61bb401 / Time : 2025-03-26T18:49:05).
Lëtzebuerger Sprooch als 1. Amtssprooch an Nationalsprooch gesetzlech fir all Awunner zu Lëtzebuerg festzeleeën
Pétition publique n°698
Pétitionnaire : Lucien Welter
Objet de la pétition
D''Lëtzebuerger Sprooch als 1. Amtssprooch an Nationalsproch gesetzlech fir all Awunner zu Lëtzebuerg festzeleeën an an de Schoulen zu Lëtzebuerg verstäerkt ze ënnerriichten an och als Schoulsprooch festzeleeën. Dass all Administratioun fir hir Publikatiounen a Matdeelungen, sief et per Post oder per offizielle Communiqué, Lëtzebuergesch zu alleréischt benotzt soll ginn. Fir Auslänner, déi nach net der Lëtzebuerger Sprooch mächteg sinn, soll automatesch op all Bréif eng Traductioun op franséisch an däitsch sinn. Ausserdeem soll erëm e Chamberbliedchen op Lëtzebuergesch publizéiert ginn. Dovunner ofgesinn soll dei franséisch Sprooch net méi vun der Regirung ausschliisslech als Amtssprooch benotzt ginn, och Uerteeler vun de Geriichter sollen op mannst op Lëtzebuergesch matgedeelt ginn. D''Lëtzebuerger Sprooch ass en Deel vun onser Nationalitéit a soll et och bleiwen. Déi am Virfeld schonn an de Gesetzestexter verankert Artikelen an och all Reglementer sollen doropshin ofgeännert ginn, fir dass ons Lëtzebuerger Sprooch erëm ons Haaptsprooch zu Lëtzebuerg gëtt.
Motivation de la pétition
Eng offiziell Sprooch (op däitsch Amtssprache) ass eng Sprooch, déi an engem Stat (oder engem Deel dovun) duerch d'Konstitutioun als déi Sprooch definéiert ass, an där d'Gesetzer geschriwwe sinn, an an där de Stat a seng Verwaltunge mat de Bierger kommunizéieren. Zu Lëtzebuerg gëtt et keng "offiziell" Sprooch: d'Lëtzebuerger Konstitutioun verweist op e Gesetz, mä de Législateur gebraucht am Gesetz iwwert de Sproochegebrauch just d'Termen Nationalsprooch, Gesetzessprooch a Verwaltungssprooch (quell. Wikipedia) Loi du 24 février 1984 sur le régime des langues. Art. 1er. Langue nationale: La langue nationale des Luxembourgeois est le luxembourgeois. Art. 2. Langue de la législation: Les actes législatifs et leurs règlements d´exécution sont rédigés en français. Lorsque les actes législatifs et réglementaires sont accompagnés d´une traduction, seul le texte français fait foi. Dëst Gesetz muss ofgeännert ginn. Zu Lëtzebuerg gëtt et eng offiziell Orthographie, an der Annex de Lien vun dësem groussherzogleche Reglement. lien:http://www.cpll.lu/pdf/ortho_1975.pdf D'Europäesch Unioun (Ofkierzung: EU) ass eng Vereenegung vun 28 europäesche State mat enger totaler Awunnerzuel vu 490 Millioune Mënschen an ass um Bruttoinlandsprodukt gemooss de gréisste Wirtschaftsraum vun der Welt. Dei eenzeg Sprooch, dei net am offiziellen Amtsblatt vun der EU vertrueden ass, ass Lëtzebuergesch, wat als Diskriminéierung unzegesinn ass. D'Regierung geet vun enger Awunnerzuel vun 1,2 Milliounen an nächster Zukunft aus. Domadder ass ons Nationalsprooch, ewéi d''Verfassung et virgesäit, zum Ausstierwe verdaamt. Et ass vun engem nationalen Interessi, dass ons Sprooch als national ewéi als 1. administrativ Sprooch erhale muss ginn.
Débat public
Informations clés
Seuil atteint - passe en débat public
Date de dépôt
16/08/2016
Ouverture de la collecte de signatures
12/09/2016
Informations complémentaires
Historique de la pétition
Signataires de la pétition
15/06/2018
Prise de position du pétitionnaire
14/02/2018
Démarches entreprises par le Gouvernement dans le cadre de l'instruction de la pétition
Démarches entreprises par le Gouvernement dans le cadre de l'instruction de la pétition
02/05/2017
Réponse du Président de la Chambre des Députés et transmission au Premier Ministre
21/03/2017
Transmission de documents
15/03/2017
Motion adoptée après la déclaration gouvernementale "Aktiounsplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch"
15/03/2017
Strategie fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch
25/01/2017
Un échange de vues a eu lieu le 25-01-2017 au sujet de la pétition publique n°698
Procès-verbaux de réunion
16/01/2017
Un débat public en commission a eu lieu le 16-01-2017 au sujet de la pétition publique n°698
Procès-verbaux de réunion
13/12/2016
Invitation au débat public
08/11/2016
Validation de 14.500 signatures
08/11/2016
Le seuil des 4500 signatures est atteint pour la pétition publique n°698, le 08-11-2016
25/10/2016
La période de signature de la pétition publique n°698 est clôturée, le 25-10-2016 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 14702
25/10/2016
Signatures électroniques validées: 14478
25/10/2016
Signatures papier validées: 22
12/09/2016
La pétition publique n°698 est ouverte à signature, le 12-09-2016
08/09/2016
La pétition publique n°698 est déclarée recevable par la Commission des Pétitions, le 08-09-2016
05/09/2016
La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°698, le 05-09-2016
22/08/2016
La pétition publique n°698 est déposée, le 22-08-2016
Collecte des signatures terminée
Après analyse de l’ensemble des signatures enregistrées, 14478 signatures sont valides.
Signatures validées
14 500 / 4 500