D'Allocation d'éducation muss rem agefouert ginn, bis d'Reform vum Congé parental definitiv a Kraaft trëtt

Pétition publique n°530

Pétitionnaire : Triana Hilgersom

Objet de la pétition

Et kann en net eng finanziell Hëllef sträichen, wann d'Reform vun enger anerer finanzieller an familljepolitescherr Hëllef nach net geklärt ass!!! Et kann jo net sinn, dass ellengerzéihend Mamme mat enger gudder Pai op den 1. Congé parental nom Congé de maternité verzichte mussen an och mol keen adéquaten finanziellen Ersatz kreien fir kënnen mam Nowues iwwer d'Ronnen ze kommen. Bis d'Regierung dat neit Gesetz vum Congé parental a Kraaft triede léisst huet eng frësch gebake Mamm déi Ufank 2016 gebäert, spéitestens 2 Méint virum Ufank vum Congé de maternité am Joer 2015 sech mussen décidéeiren an d\u2018Demande musse maache fir den CP ze huelen, d\u2018Täsche voller Scholden huet, well ee mat 1710\u20AC d'indemnité CP par rapport vun enger gudder Pai net seng Liewesqualitéit ka behalen an och net méi säi Loyer a seng Rechnunge ka bezuelen. Eppes sträichen ass ëmmer einfach, eppes Neies op d'Been ze stellen schéngt wuel eng schwéier Gebuert ze sin!

Motivation de la pétition

Mat den Dépense vun der Allocation d'éducation 485\u20AC géif d'Regierung am Endeffekt besser wegkommen, well de Moment vill Mammen no 16 wochen CM rem schaffe ginn a Steiere bezuelen a cotiseiren an am Endeffekt guer kee Congé parental huelen, besser fir de Patron a besser fir d'Haushaltsgeld, vu dass de CP mat 1710\u20AC guer net rentabel ass, iergendwann an Zukunft soll dat awer genau datselwescht si wéi engem seng lescht Pai, MEE WEINI??? Bis dat decidéiert as, soll einfach d\u2018Allocation d'éducation rem agefouert gin!!!

Collecte des signatures terminée

Après analyse de l’ensemble des signatures enregistrées, 24 signatures sont valides.

Signatures validées

24 / 4 500

Partager la pétition

Informations clés

Clôturée

Date de dépôt

28/07/2015

Ouverture de la collecte de signatures

22/09/2015

Informations complémentaires