RECHT OP LËTZEBUERGER SPROOCH

Pétition publique n°482

Pétitionnaire : Rick Theisen

Objet de la pétition

De But vun der Petitioun sollt sinn, dass hei zu Lëtzebuerg net méi genuch Lëtzebuergesch geschwat gëtt! Praktesch iwwerall wou een higeet muss ee Franzéisch schwätzen z.B. an de Klinike schwätzen d''Dokteren zum Deel mol kee Lëtzebuergesch méi, vun den Sekretärinnen praktesch och net! An de Geschäfter ass och bal keen, dee Lëtzebuergesch schwätzt! An de Schoule sinn souguer Proffen, déi Lëtzebuergesch nach net mol verstinn! Sämtlech Post déi ee kritt, vun den Banken, den Administratiounen, Rechnungen asw. ass op Franzéisch oder vielläicht nach op Däitsch, mais ni op LETZEBUERGESCH! Wann een duerch d'Staat geet mengt een, et wier een am Ausland, et héiert een zum gréissten Deel friem Sproochen! Wat geschitt mat der Lëtzebuerger Sprooch, wann net méi drop gehalen gëtt, dassen déi Leit, déi all Dag heihi schaffe kommen oder souguer scho Joren héi am Land wunnen, Lëtzebuergesch solle léieren ; da geet d'Lëtzebuerger Sprooch ënner! Well d'Lëtzebuerger selwer och zum Deel ëmmer méi franzéisch Wierder benotzen! Firwat ass daat sou? Et ass wiirklech néidesch, dass eppes geschitt! An et ass un deenen zoustänneche Leit, déi onst Land regéieren, an dem Sënn eppes ze ënnerhuelen an drop ze halen, dass ons Sprooch erhale bleift! Well mir wëlle jo bleiwe wat mir sinn! Dëst huet kee rassisteschen Hannergrond, mais mir Lëtzebuerger solle mol méi op ons halen!

Motivation de la pétition

Collecte des signatures terminée

Après analyse de l’ensemble des signatures enregistrées, 242 signatures sont valides.

Signatures validées

242 / 4 500

Partager la pétition

Informations clés

Clôturée

Date de dépôt

01/02/2015

Ouverture de la collecte de signatures

06/03/2015

Informations complémentaires