Fier d'Kierzung vun den Ausgaben vun der Monarchie.

Pétition publique n°464

Pétitionnaire : Nic Achten

Objet de la pétition

Wann eng Persoun wéi den Premierminister, Xavier Bettel, dozou opprifft, dass den Staat spueren muss an gläichzäiteg ginn awer d''Ausgaben fier den Haff héi zu Lëtzebuerg stäteg an luucht, dann ass dat fier mech e groussen Paradox. Am Joer 2000 waren fier d''Ausgaben fier d''Monarchie ongeféier 5,6 Milliounen Euro virgesinn. Am Joer 2015 senn ganzer 9,8 Milliounen Euro dofier virgesinn. Dat ass eng Steiergung vun 4,2 Milliounen Euro oder 75 % an nemmen 15 Joer an den Trend hällt och an den kommenden Joeren nett opp. Wann Länner wéi d''Belsch an Spuenien Spuermoosnahmen un hieren Kinnegshäiser ausféieren, wisou ass dat nett héi am Land méiglech? Außerdem kascht den Haff all Awunner opp den Kapp méi wéi 17 Euro. Wann een dat vergleicht man aaneren europäischen Monarchien, dann ass dat en immens héijen Betrag. Am Vergleich bezillt en Awunner a Spuenien fier seng Monarchie nemmen 18 Cent opp den Kapp. An Groussbritannien sinn ett 70 Cent. Aus dessem Grond, fuerden ech eng drasteg Kierzung vun den Ausgaben vun der Monarchie héi am Land. Ett muss een och nach dobäifügen, dass den Grand-Duc Henri an seng Famill en extremt d''Verméigen vun 4,6 Milliarden Euro oppweist an trotz deem Verméigen, kritt d'Famill nach Milliounen vum Staat dobäiausbezuelt. "Und man staune: Laut EuroBusiness bringt es die großherzogliche Familie, die Vermögen aller Angehörigen eingeschlossen, auf insgesamt stattliche 4,655 Milliarden Euro und wird hinter der Fürstenfamilie von Liechtenstein zur zweitreichsten europäischen Monarchenfamilie."

Motivation de la pétition

Collecte des signatures terminée

Après analyse de l’ensemble des signatures enregistrées, 162 signatures sont valides.

Signatures validées

162 / 4 500

Partager la pétition

Informations clés

Clôturée

Date de dépôt

30/10/2014

Ouverture de la collecte de signatures

14/11/2014

Informations complémentaires