D´Schwammen an der École fondamentale muss erëm vum 'EInstructeur de natation' ënnerriicht ginn.

Pétition publique n°454

Pétitionnaire : Julien Groebig

Objet de la pétition

Säit der ofizieller Unerkennung vum Beruf vum Schwammmeeschter (3 Joer Berufsausbildung mat de Schwéierpunkten Sécuritéit, Hygiène a Schwammdidaktik \u2013Methodik am Milieu aquatique - CTAP instructeur de natation) hunn a ville Gemengen d´Schwammmeeschteren de Schüler d´Fach Schwammen kannergerecht ënnerriicht an haten d´Méiglechkeet während der gesamter Durée vumEnseignement Primaire als Titulaire des Schüler ze suivéieren an hir Kompetenzen am Fachschwammen ze perfectionnéieren. Säit der Schoulrentrée 2014 an dem neie Gesetz vum Här Minister Meisch, iwerhuelen d´Enseignenten oder hirRemplaçanten d'\u201ETâche vum enseignement de natation à l´écolefondamentale\u201C. Eng Majoritéitun dem Corps des Enseignants woren net erfreet iwert dest neit Gesetz. Si hunn an hirer pedagogescher Ausbildung net genügend Fachdidaktik a \u2013methodik an net genuch Praxis am Fach Schwammen ënnerriicht kritt a bekloen eng supplementar Responsabilitéit ze droen. Si leeën folglech an de préference dest Fach an hirem Horaire scolaire of. Um Wee vu séngem neie Gesetz huet den Här Meisch säin Accord ginn, datt Remplaçanten de l´Enseignement primaire d´Schoulschwammen ënnerriichte mat engem Contrat à durée déterminée. (e Joereskontrakt) Dem Här Meisch säin Ziel, de ganzen Enseignement primaire vu pedagogesch geléiert Fachleit leeden ze loossen, ass esou materfëllt. Wat den Här Meisch bedauerlescherweis a séngerDémarche net berücksichtegt huet ass de Fait, datt der Spézifizitéit vum Fach Schwammen keng Efficacitéit méi gedroe gëtt. Aus méngen eegenenObsevatiounen stellen ech fest,datt och héischmotivéiert Remplaçanten net genügend schwammdidaktesch/\u2013methodesch Kentnisser hunn, an déi breedgefächert allgemeng educativ Wichtegkeet vum Schwammen net genuch berücksichtegen. Beispill: - Keng effectiv Waassergewinnung: Senso \u2013motoresch Entwéckelung - Keng Sécherheet am Milieu aquatique: Raumorientéierung, Gravitatioun - Net genuch Hygiène: Selbstverwaltung a Selbstschutz - deels falsch Schwammstilvermëttelung: Koordinatioun vu Kierperbeweegung a Respiratioun. - Ouni nach wieder op d'Rettungsschwammen an sozial Interactioun anzegoen. Dem Här Meisch säin zweet Ziel, de marché de l´emploi am Enseignement ze garantéieren, huet enger Grupp vuLeit et erméigelecht am Enseignement eng Aarbeschtsplaz ze fannen, huet awer anersäits de Beruf vum diploméierte Schwammmeeschter discréditéiert a banaliséiert. D´Fachspeziefech didaktesch a methodesch Kentnisser,déi den CATP instructeur de natation a séngen 3 JoerFormatioun geléiert huet, gëtt vun elo un lues a lues remplaçéiert duerch schwammfreedeg Leit mat engem éischten oder zweeten Rettungsbrevet. D´Professionnalitéit an d'Qualitéit vum Schwammmeeschterberuf gëtt ëntwäert an zitt folglech eng spannend Entwecklung fir eis zukünfteg Generatioun mat sech.

Motivation de la pétition

Collecte des signatures enregistrées

Après analyse de l’ensemble des signatures enregistrées, 1168 signatures sont valides.

Signatures validées

1 168 / 4 500

Partager la pétition

Informations clés

Reclassement en pétition ordinaire

Date de dépôt

13/10/2014

Ouverture de la collecte de signatures

28/10/2014

Informations complémentaires