D'Bargeld an der Verfassung verankeren

Pétition publique n°4176

Pétitionnaire : Kevin Krier

But de la pétition

Petitioun fir de Schutz vum Bargeld an der Verfassung Mir fuerderen, datt d'Recht op d'Benotzung vu Bargeld an der Verfassung verankert gëtt. Bargeld muss als gesetzlecht Bezuelmëttel erhale bleiwen a däerf och mat der Aféierung vum digitalen Euro ni ofgeschaaft oder staark ageschränkt ginn.

Motivation de la pétition

Begrënnung Bargeld ass e wichtegen Deel vun eiser Fräiheet. Et erlaabt de Mënschen, selwer ze entscheeden, wéi si bezuele wëllen, a schützt d'Privatsphär am Alldag. Net jidderee wëll oder kann ausschliisslech digital Bezuelmëttele benotzen. D'Aféierung vum digitalen Euro däerf net dozou féieren, datt Bargeld no an no verschwënnt. Den digitale Euro kann eng zousätzlech Bezuelméiglechkeet sinn, mee hie soll Bargeld ni ersetzen. Eng Verankerung vum Bargeld an der Verfassung géif garantéieren, datt: Bargeld dauerhaft als gesetzlecht Bezuelmëttel erhale bleift. All Bierger fräi tëscht Bargeld an digitale Bezuelmëttele wielen kann. Keen dozou verflicht gëtt, nëmmen nach digital ze bezuelen. D'Privatsphär, d'Fräiheet an d'Selbstbestëmmung och an Zukunft geschützt bleiwen. D'Land och bei Stroumausfäll, technesche Problemer oder Cyberattacke funktionéiere kann. Mir si fir de Fortschrëtt an net dogéint. Den digitale Euro an d'Bargeld solle laangfristeg niewentenee bestoe bleiwen. Nëmmen esou bleift d'Wiel fräi an d'Bezuelen zougänglech fir jiddereen. Dofir fuerdere mir d'Regierung an d'Chamber vun den Deputéierten op, de Schutz vum Bargeld an der Verfassung ze verankeren an ze garantéieren, datt Bargeld och an Zukunft ouni Aschränkunge ka benotzt ginn.

Informations clés

Collecte des signatures

Date de dépôt

09/07/2026

Ouverture de la collecte de signatures

22/09/2026

Informations complémentaires

Collecte de signatures en cours

Le seuil de 5500 correspond au nombre de signatures requises pour donner lieu à un débat public.

Signatures enregistrées

1 / 5 500

Partager la pétition