Petitioun fir d'Ouverture vun enger Lëtzebuerger Ambassade an der Ukraine

Pétition publique n°3861

Pétitionnaire : Romain Reiter

Objet de la pétition

Dës Petitioun fuerdert d'Chamber op, eng Ambassade vum Groussherzogtum Lëtzebuerg an der Ukraine opzemaachen.

Motivation de la pétition

D'Ukraine ass ee vun de gréisste Länner an Europa a spillt eng zentral Roll fir d'Sécherheet, d'Stabilitéit an d'Zukunft vum europäesche Kontinent. Zanter dem Februar 2022 féiert Russland en onprovozéierte Krich géint d'Ukraine. Trotz dësem aggressiven Iwwerfall verdeedegt d'ukrainescht Vollek mat groussem Courage seng Fräiheet, seng Demokratie an déi Wäerter, déi och Lëtzebuerg deelt a verdeedegt. Eng Ambassade zu Kiew wier dofir e wichtege Schrëtt a géif konkret Virdeeler mat sech bréngen - fir d'Ukraine, mee och fir Lëtzebuerg: • Politik a Sécherheet: Eng Ambassade géif Lëtzebuerg erméiglechen, besser informéiert ze sinn iwwer d'Situatioun um Terrain an aktiv un europäesche Sécherheets- a Rekonstruktiounsinitiativen deelzehuelen. • Ekonomie: Beim Opbau vun der Ukraine entstinn enorm Méiglechkeeten an de Beräicher Finanzen, Technologie, nohalteg Energie a Reconstructioun - Secteure wou Lëtzebuerg héich Kompetenzen huet. Eng Ambassade kéint d'Kontakter tëscht lëtzebuergesche Betriber an ukrainesche Partneren fërderen. • Humanitär a sozial Engagement: Eng lokal Präsenz géif et erméiglechen, d'Hëllef vu Lëtzebuerg méi gezielt, méi transparent a méi effikass anzestetzen. • Europäesch Roll: Eng Ambassade zu Kiew wier e Symbol vum Engagement vu Lëtzebuerg fir eng friddlech, souverän an europäesch Zukunft vun der Ukraine. Dat géif och d'Stëmm vu Lëtzebuerg an der EU stäerken. Mir si fest dovunner iwwerzeegt, datt d'Ouverture vun enger Ambassade zu Kiew net nëmmen eng symbolesch Handlung ass, mee eng konkret Investitioun an d'Zukunft vun Europa an d'Roll vu Lëtzebuerg als aktive Member vun der internationaler Gemeinschaft. Mir ruffen d'Chamber op, déi néideg Schrëtt ze huelen, fir dës Ambassade sou séier wéi méiglech opzemaachen. Fir Fräiheet, Demokratie, Solidaritéit an eng gemeinsam Zukunft - Lëtzebuerg an d'Ukraine Hand an Hand fir de Fridden an Europa.

Collecte de signatures en cours

Le seuil de 5500 correspond au nombre de signatures requises pour donner lieu à un débat public.

Signatures enregistrées

5 / 5 500

Partager la pétition

Informations clés

Collecte des signatures

Date de dépôt

30/10/2025

Ouverture de la collecte de signatures

27/11/2025

Informations complémentaires