Gratuitéit vum sekondären Unterrecht, technesch an klassesch, am Artikel 23 vun der Verfaassung verankeren.

Pétition publique n°365

Pétitionnaire : ALPHONSE JAERLING

Objet de la pétition

Den Artikel 23 vun der lëtzebuerger Verfaassung garantéiert Gratuitéit vun der Primärschoul sou wéi den fräien Zougang zum Primärunterrecht. Dës Petitioun fuerdert d'Chamber op, och d'Gratuitéit fir den Secondär Unterrecht, technesch an klassesch, verfaassungsrechtlech am Artikel 23 vun der Verfaassung ze garantéieren. Den Arbechtsmoart verlangt ëmmer méi Qualifikatioun vun den Salarieeën an och d'Regierung fuerdert d'Bierger, besonnesch déiJonkop, sëch en Maximumun un Qualifikatioun unzeeegenen. Den techneschen an den klasseschen Unterrecht am Sekondär, ass awer nët gratis, sou wéi daat beim Primär de Fall ass. Obwuel dass et Moossnahmen gett, fir manner bemëttelt Familjen déi hir Kanner an den Sekondär schécken, ënner 'Ärmze greifen, sinn d'Chargen, besonnesch fir Familjen ma méi Kanner, nach vill ze héich. Wa mer gären hätten, dass all Kand soll d'Chance hunn fir sech am Sekondär weider ze bilden, da muss deen esou organiséiert ginn, dass d'Familjen keng zousätzlech Chargen hunn. Et kann nët sinn, dass vun den Jonken ëmmer méi Qualifikatioun verlangt gëtt, den Wee dohinner awer duerch finanziell Contrainten verbaut gett.

Motivation de la pétition

Collecte des signatures enregistrées

Après analyse de l’ensemble des signatures enregistrées, 14 signatures sont valides.

Signatures validées

14 / 4 500

Partager la pétition

Informations clés

Seuil non atteint

Date de dépôt

08/05/2014

Ouverture de la collecte de signatures

30/05/2014

Informations complémentaires