Contre l'élevage et l'utilisation des animaux au cirque - Pétitions
Bienvenue sur une nouvelle version du site des pétitions avec quelques nouveautés : • Vous avez besoin d’un outil électronique (LuxTrust e.a.) pour déposer une pétition en ligne. • D’autres règles changent: Les nouvelles pétitions devront rassembler 5.500 signatures en 6 semaines pour obtenir un débat public.
Contre l'élevage et l'utilisation des animaux au cirque
Pétition publique n°340
Pétitionnaire : Nora Schleich
Objet de la pétition
Il s'agit de sensibiliser aux conditions terribles que les animaux du cirques doivent subir pour ne rien que notre plaisir Et as net oofzestreiden, dat Zirkusdéieren an engem haarden Business doheem mussen sen. Oftmools mussen si an absolut miserabelen Konditiounen hiert Dasein fristen. D'Prioritéit vun der aartgerechter Haltung ass an deem Milieu sëcher vergiess oder KANN mol guer net erfëllt gin. Et as nimols am Sënn vun engem Déier, sief et exotesch oder och net, fier als éischt an enger Remorque oder Ähnlechem am Wochenrhythmus hin an hier gefouert ze gin. Stress, Nervositéit an Angscht sen Gemittszoustänn, déi d' Déier op dësem Wee begleeden. Gefroot, op et dat hinhuelen wéilt, gouf et net. Den Mënsch huet décideiert. Wann déi ugestrieften Destinatioun dann schlussendlech erreecht gouf, geet den Stress fier den Tiger oder d''Zebra virun: En enken Käfeg, op enger Plaaz déi em gänzlech friem ass, soll elo sain \u201EOrt der Ruhe\u201C fier déi nächst Deeg sen. Eng friem Plaaz, friem Gerëcher, aner Leit, an Kaméidi? En plus ass et och do nees net méiglech déi optimal Infrastrukturen ze schafen, déi dem Tiger-Dasein gereicht kéinten gin. Doriwwer hinaus, an un sech géif dat sënnlost an nervenzerräissend hin an hier Gejaabels eigentlech schon Grond genug sin fier en Verbuet auszeschwätzen - geet et nach wieder, oder besser gesoot, elo emol réicht richteg lass. Fier dat den Zirkus-Client, den Konsument, richteg op seng Käschten kommen kann, an een extravagant, exotëscht an doriwer hinaus onvergiesslëcht Spektakel präsentéiert kann kréien, muss dat \u2013 sou aussergewéinlech wéi méiglecht \u2013 Déier allerlee Lektiounen an Konschtstécker am Petto hun. Et as wuel méiglech, dat een Déier Spaass um Léieren an Ausféieren kann hun, mee soubaal et dorëm geet, daat den Trick esou séier wéi méiglech, esou gudd wéi méiglech an esou oofruffbar wéi méiglech MUSS sin \u2013 den \u201Emuss\u201C well et em d''Geld geet wat herno bei gelongener Opféierung an d''Keesen kennt \u2013 dann verännert sech d''Grondmotiv dovun, wéisou mier engem Déier iwerhapt eppes bäibrengen. Et geet em den Pläséier vum Konsument. Et geet also nët méi drëm, dem Déier Spaass an Freed ze bereeden, an deems mer mat him Spillen an Laachen, an och just daat als Haaptgrond hun. Et geet em Drock an Mussen. Am Zirkus geet et drëm, Geld ze machen, an méiglechst vill Leit unzelackelen, déi bereed sen, ze bezuelen. An dofier muss d''Zirkusdéier funktionnéieren. Et muss wéi en Film oofspillbar sin, et därf keng Patzer machen, an, rieden mer nët ëm den Bräi rondrëm, fier dat ze ereechen gräifen d''Traineren an dësem Gebitt haapt
Motivation de la pétition
Collecte des signatures enregistrées
Après analyse de l’ensemble des signatures enregistrées, 600 signatures sont valides.
Signatures validées
600 / 4 500
Informations clés
Seuil non atteint
Date de dépôt
05/04/2014
Ouverture de la collecte de signatures
09/05/2014
Informations complémentaires
Historique de la pétition
Signataires de la pétition
18/08/2014
Prise de position du Ministre de l'Economie
14/07/2014
Signatures électroniques validées: 600
14/07/2014
Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°340, le 14-07-2014 - Nombre de signatures après validation: 600
23/06/2014
La période de signature de la pétition publique n°340 est clôturée, le 23-06-2014 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 610
16/05/2014
La période de signature de la pétition publique n°340 est prolongée jusqu'au 21-06-2014, le 16-05-2014
12/05/2014
Lettre d'information au pétitionnaire au sujet de la période de signature avec transmission à la Commission de l'Economie et à la Commission de l'Agriculture, de la Viticulture, du Développement rural et de la Protection des Consommateurs
09/05/2014
La pétition publique n°340 est ouverte à signature, le 09-05-2014
08/05/2014
La pétition publique n°340 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 08-05-2014
07/05/2014
La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°340, le 07-05-2014
07/04/2014
La pétition publique n°340 est déposée, le 07-04-2014