Fir datt Lëtzebuerg eraus aus der WHO geet! Fir datt d'Verhandlungen iwwer Ännerungen un den Internationale Gesondheetsvirschrëfte direkt gestoppt ginn.

Pétition publique n°2856

Pétitionnaire : Tania Hoffmann

Objet de la pétition

Madamm Deputéiert, Här Deputéierten: Informéiert Iech selwer iwwer déi 4 separat Spueren, déi d'Vereent Natiounen an d'WHO verfollegen. Dës Moossnamen hunn d'Potential fir d'Gläichgewiicht vun der Muecht an der Welt dramatesch ze veränneren. Dës Petitioun ass fir datt eppes ënnerholl gëtt, fir dës Aktiounen opzedecken, se an ëffentlechen Diskussiounen unzeschwätzen, an eppes dofir gemaach gëtt, datt dës potenziell Verträg gestoppt ginn, ouni datt d'Bierger dozou befrot ginn ass, an hir Zoustëmmung konnte ginn. D''Signatairë vun dëser Petitioun bieden Iech, fir alles an Ärer Muecht ze maachen, fir datt Lëtzebuerg aus der WHO austrëtt.

Motivation de la pétition

D'Lëtzebuerger Regierung an hir Deputéiert hunn net driwwer diskutéiert, datt de 27. Mee 2022 307 proposéiert Ännerungen un den Internationale Gesondheetsvirschrëften (IHR) AN d'Ännerungen a 5 Artikelen vun den IHR op der 75. Weltgesondheetsversammlung ugeholl goufen. D'Ännerunge goufen de 27. Mee 2022 ugeholl an et gouf an der Chamber net driwwer debattéiert oder e Vott virgeholl. Lëtzebuerg huet d'Recht ënner Artikel 61 vun den IHR dës ze refuséieren, awer esou ee Refus muss der WHO bannent 18 Méint vun hirer Verabschidung geschéien. D'Chamber, d'Regierung, d'Deputéiert soll demokratesch driwwer ofstëmmen ob dës Ännerungen refuséiert ginn, déi scho verabschit goufen, an och déi 307 proposéiert Ännerungen, déi de Moment verhandelt ginn. Lëtzebuerg huet keng vun deenen 307 Ännerunge proposéiert. Bis den 1. Dezember 2023 ass Zäot fir sech géint d'WHO a géint d Ännerungen auszeschwätzen. Eraus aus der WHO. D'Bierger hunn e Recht gefrot ze ginn. Et geet ëm de fräie Wëlle vum Mënsch fir sech, säi Liewen a seng Gesondheet fräi entscheeden ze kënnen.

Débat public

Pétition n°2856 : Fir datt Lëtzebuerg eraus aus der WHO geet! Fir datt d'Verhandlungen iwwer Ännerungen un den Internationale Gesondheetsvirschrëfte direkt gestoppt ginn.

Informations clés

Pétition discutée en débat public

Date de dépôt

30/07/2023

Ouverture de la collecte de signatures

14/10/2023

Informations complémentaires

Collecte des signatures terminée

Après analyse de l’ensemble des signatures enregistrées, 4733 signatures sont valides.

Signatures validées

4 733 / 4 500

Partager la pétition