Petitioun fir d'Ouverture vun enger Lëtzebuerger Ambassade an der Ukraine - Die Petitionen
Petitioun fir d'Ouverture vun enger Lëtzebuerger Ambassade an der Ukraine
Öffentliche Petition Nr.3861
Petent: Romain Reiter
Ziel der Petition
Dës Petitioun fuerdert d'Chamber op, eng Ambassade vum Groussherzogtum Lëtzebuerg an der Ukraine opzemaachen.
Begründung der Petition
D'Ukraine ass ee vun de gréisste Länner an Europa a spillt eng zentral Roll fir d'Sécherheet, d'Stabilitéit an d'Zukunft vum europäesche Kontinent. Zanter dem Februar 2022 féiert Russland en onprovozéierte Krich géint d'Ukraine. Trotz dësem aggressiven Iwwerfall verdeedegt d'ukrainescht Vollek mat groussem Courage seng Fräiheet, seng Demokratie an déi Wäerter, déi och Lëtzebuerg deelt a verdeedegt. Eng Ambassade zu Kiew wier dofir e wichtege Schrëtt a géif konkret Virdeeler mat sech bréngen - fir d'Ukraine, mee och fir Lëtzebuerg: • Politik a Sécherheet: Eng Ambassade géif Lëtzebuerg erméiglechen, besser informéiert ze sinn iwwer d'Situatioun um Terrain an aktiv un europäesche Sécherheets- a Rekonstruktiounsinitiativen deelzehuelen. • Ekonomie: Beim Opbau vun der Ukraine entstinn enorm Méiglechkeeten an de Beräicher Finanzen, Technologie, nohalteg Energie a Reconstructioun - Secteure wou Lëtzebuerg héich Kompetenzen huet. Eng Ambassade kéint d'Kontakter tëscht lëtzebuergesche Betriber an ukrainesche Partneren fërderen. • Humanitär a sozial Engagement: Eng lokal Präsenz géif et erméiglechen, d'Hëllef vu Lëtzebuerg méi gezielt, méi transparent a méi effikass anzestetzen. • Europäesch Roll: Eng Ambassade zu Kiew wier e Symbol vum Engagement vu Lëtzebuerg fir eng friddlech, souverän an europäesch Zukunft vun der Ukraine. Dat géif och d'Stëmm vu Lëtzebuerg an der EU stäerken. Mir si fest dovunner iwwerzeegt, datt d'Ouverture vun enger Ambassade zu Kiew net nëmmen eng symbolesch Handlung ass, mee eng konkret Investitioun an d'Zukunft vun Europa an d'Roll vu Lëtzebuerg als aktive Member vun der internationaler Gemeinschaft. Mir ruffen d'Chamber op, déi néideg Schrëtt ze huelen, fir dës Ambassade sou séier wéi méiglech opzemaachen. Fir Fräiheet, Demokratie, Solidaritéit an eng gemeinsam Zukunft - Lëtzebuerg an d'Ukraine Hand an Hand fir de Fridden an Europa.
Unterschriftensammlung läuft
Die Schwelle von 5500 entspricht der Anzahl der Unterschriften, die erforderlich sind, um eine öffentliche Anhörung auszulösen.
Eingetragene Unterschriften
1 / 5 500
Wichtige Informationen
Sammeln von Unterschriften
Datum der Einreichung
30/10/2025
Öffnung der Unterschriftensammlung
27/11/2025
Zusätzliche Informationen
Verlauf der Petition
Unterzeichner der Petition
27/11/2025
Die öffentliche Petition Nr. 3861 kann ab dem 27-11-2025 unterschrieben werden
26/11/2025
Zulässigkeitsbescheid
26/11/2025
Die öffentliche Petition Nr. 3861 wurde am 26-11-2025 von der Petitionsausschuss für zulässig erklärt
Zulässigkeit : zulässig Beginn der Unterschriftsphase : 27-11-2025 um 0:00 Ende der Unterschriftsphase : 07-01-2026 um 23:59
26/11/2025
Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 26-11-2025 betreffend die Petition Nr. 3861 fällt positiv aus
Gutachten des Petitionsausschusses : positiv
30/10/2025
Die öffentliche Petition Nr. 3861 wurde am 30-10-2025 eingereicht.
Titel der Petition: Petitioun fir d'Ouverture vun enger Lëtzebuerger Ambassade an der Ukraine Ziel der Petition: Mir, d'Ënnerschreiwenden, froen d'Lëtzebuerger Regierung op, eng Ambassade vum Groussherzogtum Lëtzebuerg an der Ukraine opzemaachen. Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: D'Ukraine ass ee vun de gréisste Länner an Europa a spillt eng zentral Roll fir d'Sécherheet, d'Stabilitéit an d'Zukunft vum europäesche Kontinent. Zanter dem Februar 2022 féiert Russland en onprovozéierte Krich géint d'Ukraine. Trotz dësem aggressiven Iwwerfall verdeedegt d'ukrainescht Vollek mat groussem Courage seng Fräiheet, seng Demokratie an déi Wäerter, déi och Lëtzebuerg deelt a verdeedegt. Eng Ambassade zu Kiew wier dofir e wichtege Schrëtt a géif konkret Virdeeler mat sech bréngen - fir d'Ukraine, mee och fir Lëtzebuerg: • Politik a Sécherheet: Eng Ambassade géif Lëtzebuerg erméiglechen, besser informéiert ze sinn iwwer d'Situatioun um Terrain an aktiv un europäesche Sécherheets- a Rekonstruktiounsinitiativen deelzehuelen. • Ekonomie: Beim Opbau vun der Ukraine entstinn enorm Méiglechkeeten an de Beräicher Finanzen, Technologie, nohalteg Energie a Reconstructioun - Secteure wou Lëtzebuerg héich Kompetenzen huet. Eng Ambassade kéint d'Kontakter tëscht lëtzebuergesche Betriber an ukrainesche Partneren fërderen. • Humanitär a sozial Engagement: Eng lokal Präsenz géif et erméiglechen, d'Hëllef vu Lëtzebuerg méi gezielt, méi transparent a méi effikass anzestetzen. • Europäesch Roll: Eng Ambassade zu Kiew wier e Symbol vum Engagement vu Lëtzebuerg fir eng friddlech, souverän an europäesch Zukunft vun der Ukraine. Dat géif och d'Stëmm vu Lëtzebuerg an der EU stäerken. Mir si fest dovunner iwwerzeegt, datt d'Ouverture vun enger Ambassade zu Kiew net nëmmen eng symbolesch Handlung ass, mee eng konkret Investitioun an d'Zukunft vun Europa an d'Roll vu Lëtzebuerg als aktive Member vun der internationaler Gemeinschaft. Mir ruffen d'Chamber an d'Regierung op, déi néideg Schrëtt ze huelen, fir dës Ambassade sou séier wéi méiglech opzemaachen. Fir Fräiheet, Demokratie, Solidaritéit an eng gemeinsam Zukunft - Lëtzebuerg an d'Ukraine Hand an Hand fir de Fridden an Europa.