Lëtzebuergesch als Flichtsprooch an de Kliniken

Öffentliche Petition Nr.767

Petent: Gérard Philipp

Ziel der Petition

Et muss eng Flicht ginn fir all Personal (Dokter, Infirmier etc.) de mat Patienten ze dinn hunn, mat de Patienten op Lëtzebuergesch ze kommunizéieren. Fir eng Aarbecht an enger Klinik hei zu Lëtzebuerg ze kréien muss dëst Personal ee Lëtzebuerger Sprooch Examen maachen a packen.

Begründung der Petition

Et sinn vill Lëtzebuerger déi sech net richteg an enger anerer Sprooch ausdrécke kënnen well ze Fachausdréck nëmmen ob Lëtzebuergesch kennen. An och Fach Explikatiounen an enger anerer Sprooch net ëmmer richteg oder guer net verstinn. Doraus kann ee potentielle Gesondheetsrisiko entstoen duerch d''Kommunikatiounsproblemer a falsch Interpretatioune vu Krankheeten oder Instruktiounen vum Dokter. De Patient muss sech wuel fillen an enger Klinik, an net drënner leiden, well ee sech net richteg ausdrécke kann, oder versteet, wat een eigentlech huet.

Sammeln der registrierten Unterschriften

Nach der Auswertung aller registrierten Unterschriften sind 4259 Unterschriften gültig.

Gültige Unterschriften

4 259 / 4 500

Die Petition teilen

Wichtige Informationen

Weiterführung als einfache Petition

Datum der Einreichung

18/01/2017

Öffnung der Unterschriftensammlung

10/04/2017

Zusätzliche Informationen