Gratis ëffentlechen Transport OCH fir Studenten

Öffentliche Petition Nr.728

Petent: LCGJ

Eingereicht von: Wivenes Jean, Président

Ziel der Petition

Aktuell kënne Lëtzebuerger Schüler um Territoire vum Grand-Duché den ëffentlechen Transport zu all Moment gratis benotzen, sief et fir de Schoultrajet ewéi och am Privaten. Den LCGB-LCGJ (Jugend vum LCGB) fuerdert dat selwecht Rescht OCH fir all d'Studenten déi hei zu Lëtzebuerg studéiren.

Begründung der Petition

D'Lëtzebuerger Regierung gëtt vill Suen aus, fir aus der Uni.lu eng Universitéit vu Renommée ze maachen, déi wéit iwwert d'Landesgrenze bekannt soll ginn, a vergësst am selwechten Otemzuch awer d'Interête vun de Studenten, déi sech dagdeeglech an d'Stadt oder op de Belval mussen deplacéieren. Speziell de Site Belval, am Süde vum Land, bedeit leider fir vill Studenten ee laangen Trajet vun Doheem aus an duerfir fuerdert den LCGB-LCGJ, dass een den Studenten zumindest dës finanzielle Charge eweghëllt an och hinnen de gratis Accès op den ëffentlechen Transport zousteet. De LCGB-LCGJ huet genee dës Verbesserung vun der allgemenger Mobilitéit déi d'Schüler, déi hei zu Lëtzebuerg schonn accordéiert kruten, gutt geheescht, a fuerdert elo d'Extensioun vun dësem Rescht och fir Studenten. Well och d'Studenten, genee ewéi d'Schüler, hunn meeschtens nach keen eegene Verdéngscht. Doriwwer eraus gëtt hei am Land vill fir d'Verbesserung vun der ""Mobilitéit Douce"" am Sënn vun der Ëmwelt an der Verkéiersberouegung gemaach. An Deem Kontext géif de gratis Accès den ëffentlechen Transport fir Studente méi attraktiv maachen an déi aktuell Mobilitéitsustrengunge vun der Regierung.

Wichtige Informationen

Petition, die in einer öffentlichen Anhörung diskutiert wurde

Datum der Einreichung

13/10/2016

Öffnung der Unterschriftensammlung

25/10/2016

Zusätzliche Informationen

Öffentliche Anhörung

Eine öffentliche Ausschuss-Anhörung fand am 04-05-2017 statt Gratis ëffentlechen Transport OCH fir Studenten

Unterschriftensammlung abgeschlossen

Nach der Auswertung aller registrierten Unterschriften sind 765 Unterschriften gültig.

Gültige Unterschriften

6 914 / 4 500

Die Petition teilen