STOP den Verkaf vu Pelz zu Lëtzebuerg - Die Petitionen
Es ist ein interner Fehler aufgetreten. Bitte versuchen Sie es später noch einmal oder wenden Sie sich an den Support ( ID: 6f5eb540-db8e-49cb-8fb6-3aaa28b2e83c / Time: 2025-03-28T04:53:50 ).
STOP den Verkaf vu Pelz zu Lëtzebuerg
Öffentliche Petition Nr.605
Petent: Yves Stocklausen
Ziel der Petition
De Verkaf vun Pelz Produit'en wéi Jacketten, Mutzen mat Pelzbommelen etc. zu Lëtzebuerg ze verbidden, well déi Grausamkeeten einfach net méi ze toleréiere sinn.
Begründung der Petition
Pelzmaentel, Jacketten a Mutzen sinn a läschter Zäit rëm in zu Lëtzebuerg an och aneschtwou. Pelz droe bedeit onendlecht Leed fir Milliounen vun Déieren, déi ënnert grausamste Konditiounen gehale ginn a meeschtens ouni iergend eng Betäubung de Pelz iwwert d''Oueren gezu kréien. An eiser haitegger Zäit, wou mir all \u201Eopgeklärt\u201C sinn, ass dat total onverantwortlech. Och wa Lëtzebuerg nëmmen eng kleng Roll um gesamte Marché spillt, kënne mir eng Virreiderroll iwwerhuelen, mat guddem Beispill virgoen an sou vläicht e Pelzverkafsverbuet an der ganzer EU erwierken. E puer \u201Efacts\u201C zur Pelzproduktioun: D''Déieren gi meeschtens duerch analen oder genitalen Elektroschock ëmbruecht, wat eng grausam Déidungsmethod ass. Ca. eng Milliard Kannéngercher gi Joer fir Joer just geziicht fir Pelzprodukter. China ass weltwäit de gréisste Pelzexporteur, a wéi mir all wëssen, gëttt et do mol net en Usaz vun Déiererechter. 2011 goufen weltwäit 54 Milliounen Nerze vergaast oder erschloen. Dobäi ass Daenemark un der Spëtzt mat 15 Milliounen Déieren. A China ginn all Joer méi wéi 2 Millioune Kazen an Hënn op grausamst Art a Weis erschloen an mësshandelt, fir mam Pelz Suen ze maachen. Vill Déieren gi souguer vu Privatleit geklaut. DNA Tester hu zudem gewisen, datt souguer echte Pelz als falschen déclaréiert an sou verkaf gouf. Hei muss och eng besser Kontroll stattfannen. Ofgesi vun den Déieren leiden och vill Mënschen ënner der Pelzproduktioun, sief et doduerch datt déi Gëftstoffer wéi Formaldehyd, Chrom, Aluminiumsalzer oder Schwiefelsaier als Ofwaasser an d''Grondwaasser gelaangen oder doduerch, datt och an der Pelzindustrie Kanneraarbecht ze fannen ass an am allegmengen d''Leit an den Fabriken ausgebeut ginn. Pelz droen ass einfach nët méi zäitgeméiss an den Verkaf muss verbuede ginn.
Öffentliche Anhörung
Wichtige Informationen
Schwelle erreicht - geht in die öffentliche Anhörung über
Datum der Einreichung
03/02/2016
Öffnung der Unterschriftensammlung
09/02/2016
Zusätzliche Informationen
Verlauf der Petition
Unterzeichner der Petition
08/05/2017
Die öffentliche Petition Nr. 605 wurde am 08-05-2017 eingereicht.
26/04/2017
Lettre au Président de la Commission des Affaires étrangères et européennes, de la Défense, de la Coopération et de l'Immigration
17/02/2017
Von der Regierung unternommene Schritte im Rahmen der Bearbeitung der Petition
Démarches entreprises par le Gouvernement dans le cadre de l'instruction de la pétition
24/11/2016
Ein Meinungsaustausch fand am 24-11-2016 betreffend die öffentliche Petition Nr. 605 statt
Sitzungsprotokolle
20/06/2016
Eine öffentliche Ausschuss-Anhörung betreffend die öffentliche Petition Nr. 605 fand am 20-06-2016 statt
Sitzungsprotokolle
19/06/2016
4.911 signatures validées
21/04/2016
Einladung zur öffentlichen Anhörung
13/04/2016
Die öffentliche Petition Nr. 605 hat am 13-04-2016 das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften erreicht
23/03/2016
Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 605 ist am 23-03-2016 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 5018
23/03/2016
Gültige Papier- Unterschriften: 43
09/02/2016
Die öffentliche Petition Nr. 605 kann ab dem 09-02-2016 unterschrieben werden
08/02/2016
Die öffentliche Petition Nr. 605 wurde am 08-02-2016 von der Petitionsausschuss für zulässig erklärt
04/02/2016
Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 04-02-2016 betreffend die Petition Nr. 605 fällt positiv aus
03/02/2016
Die öffentliche Petition Nr. 605 wurde am 03-02-2016 eingereicht.
03/02/2016
Depot
Unterschriftensammlung abgeschlossen
Nach der Auswertung aller registrierten Unterschriften sind 4868 Unterschriften gültig.
Gültige Unterschriften
4 911 / 4 500