Eis Kanner sinn zu allem fäheg. Fir e richtegt a professionellt Schwammeléieren an der Grondschoul!

Öffentliche Petition Nr.507

Petent: FGFC - Gewerkschaft vum Gemengepersonal

Ziel der Petition

Fir d''Sécherheet vun eise Kanner! D''praktesch an d''theoretesch Erléiere vum Schwammen an der Grondschoul ass liewenswichteg. An der Grondschoul bestinn ideal Konditioune fir Spaass a Freed um Waasser ze kréien. Vill Eltere kennen sech keng privat Schwammcourse fir hir Kanner leeschten. Dofir ass d'ëffentlech Schoul an der Obligatioun, eise Kanner richteg an op professionell Aart a Weis d''Schwamme bäizebréngen. Richteg a professionell Schwamme léieren heescht: \u2022 d''Waasser gären hunn an sech ouni Angscht heiranner beweegen ze kennen; \u2022 op mannst dräi Schwammstyler beherrschen (brasse, crawl, dos crawlé, plongée et saut) \u2022 richteg Schwammtechnike beherrschen (Positioun vum Kierper, Kompressiouns- an Decompressiounsphasen) \u2022 encadréiert duerch professionellt, diploméiert ausgebildend Personal mat permanenter Weiderbildung Ass dat aktuell garantéiert an der Grondschoul? Nee ! Säit der Reform vun der Grondschoul am Joer 2009 ginn ëmmer méi Schwammmeeschtere vun den eigentleche Schwammcourse matt de Kanner entbonnen. A Plaz kennt eng Léisung wou Schoulmeeschteren oder Chargés de cours nëmmen eng minimal Rettungsausbildung hunn. Säit der Reform hëlt d''Qualitéit vum Schwammunterrecht innerhalb vun der Schoul ëmmer weider of. Dëst däerf net esou weidergoen! Dofir fuerdere mir en ëffentlechen Debat iwwert d''Zukunft an d''Qualitéit vum Schoulschwammen hei am Land. D''Regierung däerf sech hei net aus der Verantwortung stielen, andeems si esou mëscht wéi wann alles an der Rei wier an hir Verantwortung un d\u2018Gemengenautoritéiten ofwälzt. Déi aktuell Entwécklung féiert iwwert kuerz oder laang dozou, datt d''Kanner ëmmer manner schwamme léieren, wat liewensgeféierlech ka sinn. Dëst beaflosst net nëmmen hir eege Sécherheet an déi vun hire Matmënschen, mee och hir Liewensqualitéit an déi vun der ganzer Famill. Fir Schwammcourse matt didaktesch a methodescher Professionalitéit, zum Wuel vun eise Kanner! Géint onprofessionell Kompetenzen, déi e funktionéirende System beim Schoulschwamme mëttelfristeg ofschafen.

Begründung der Petition

Öffentliche Anhörung

Wichtige Informationen

Schwelle erreicht - geht in die öffentliche Anhörung über

Datum der Einreichung

21/05/2015

Öffnung der Unterschriftensammlung

08/06/2015

Zusätzliche Informationen

Unterschriftensammlung abgeschlossen

Nach der Auswertung aller registrierten Unterschriften sind 1762 Unterschriften gültig.

Gültige Unterschriften

7 040 / 4 500

Die Petition teilen