D´Schwammen an der École fondamentale muss erëm vum 'EInstructeur de natation' ënnerriicht ginn. - Die Petitionen
D´Schwammen an der École fondamentale muss erëm vum 'EInstructeur de natation' ënnerriicht ginn.
Einfache Petition Nr.454
Petent: Julien Groebig
Text der Petition
Säit der ofizieller Unerkennung vum Beruf vum Schwammmeeschter (3 Joer Berufsausbildung mat de Schwéierpunkten Sécuritéit, Hygiène a Schwammdidaktik -Methodik am Milieu aquatique - CTAP instructeur de natation) hunn a ville Gemengen d´Schwammmeeschteren de Schüler d´Fach Schwammen kannergerecht ënnerriicht an haten d´Méiglechkeet während der gesamter Durée vumEnseignement Primaire als Titulaire des Schüler ze suivéieren an hir Kompetenzen am Fachschwammen ze perfectionnéieren. Säit der Schoulrentrée 2014 an dem neie Gesetz vum Här Minister Meisch, iwerhuelen d´Enseignenten oder hirRemplaçanten d'""Tâche vum enseignement de natation à l´écolefondamentale"". Eng Majoritéitun dem Corps des Enseignants woren net erfreet iwert dest neit Gesetz. Si hunn an hirer pedagogescher Ausbildung net genügend Fachdidaktik a -methodik an net genuch Praxis am Fach Schwammen ënnerriicht kritt a bekloen eng supplementar Responsabilitéit ze droen. Si leeën folglech an de préference dest Fach an hirem Horaire scolaire of. Um Wee vu séngem neie Gesetz huet den Här Meisch säin Accord ginn, datt Remplaçanten de l´Enseignement primaire d´Schoulschwammen ënnerriichte mat engem Contrat à durée déterminée. (e Joereskontrakt) Dem Här Meisch säin Ziel, de ganzen Enseignement primaire vu pedagogesch geléiert Fachleit leeden ze loossen, ass esou materfëllt. Wat den Här Meisch bedauerlescherweis a séngerDémarche net berücksichtegt huet ass de Fait, datt der Spézifizitéit vum Fach Schwammen keng Efficacitéit méi gedroe gëtt. Aus méngen eegenenObsevatiounen stellen ech fest,datt och héischmotivéiert Remplaçanten net genügend schwammdidaktesch/-methodesch Kentnisser hunn, an déi breedgefächert allgemeng educativ Wichtegkeet vum Schwammen net genuch berücksichtegen. Beispill: - Keng effectiv Waassergewinnung: Senso -motoresch Entwéckelung - Keng Sécherheet am Milieu aquatique: Raumorientéierung, Gravitatioun - Net genuch Hygiène: Selbstverwaltung a Selbstschutz - deels falsch Schwammstilvermëttelung: Koordinatioun vu Kierperbeweegung a Respiratioun. - Ouni nach wieder op d'Rettungsschwammen an sozial Interactioun anzegoen. Dem Här Meisch säin zweet Ziel, de marché de l´emploi am Enseignement ze garantéieren, huet enger Grupp vuLeit et erméigelecht am Enseignement eng Aarbeschtsplaz ze fannen, huet awer anersäits de Beruf vum diploméierte Schwammmeeschter discréditéiert a banaliséiert. D´Fachspeziefech didaktesch a methodesch Kentnisser,déi den CATP instructeur de natation a séngen 3 JoerFormatioun geléiert huet, gëtt vun elo un lues a lues remplaçéiert duerch schwammfreedeg Leit mat engem éischten oder zweeten Rettungsbrevet. D´Professionnalitéit an d'Qualitéit vum Schwammmeeschterberuf gëtt ëntwäert an zitt folglech eng spannend Entwecklung fir eis zukünfteg Generatioun mat sech.
Wichtige Informationen
Closed
Datum der Einreichung
16/12/2014
Zusätzliche Informationen
Verlauf der Petition
15/01/2015
Die einfache Petition Nr. 454 wurde am 15-01-2015 abgeschlossen
16/12/2014
Umstufung der öffentlichen Petition Nr. 454, welche das Quorum von 4.500 Unterschriften verfehlt hat, zur einfachen Petition am 16-12-2014
Link zur öffentlichen Petition Nr. 454