Tour de Luxembourg: ouni Verkéierschaos oder guer net méi!

Öffentliche Petition Nr.4256

Petent: Pierre Misteri

Diese Petition ist in weiteren Sprachen verfügbar:

Ziel der Petition

Déi éischt Etapp vum Tour de Luxembourg 2026 ass den 16. September géint 17.45 Auer an der Stad Lëtzebuerg ukomm - also genee zu enger Zäit, wou vill Leit vun der Aarbecht heemfueren. D'Stroossespären an d'Ëmleedungen hunn deen Dag gewisen, datt esou eng Manifestatioun besser mam alldeegleche Verkéier ofgestëmmt muss ginn. Dës Petitioun fuerdert dofir, datt bei zukünftegen Editioune vum Skoda Tour de Luxembourg an och bei anere grousse Manifestatiounen: * Arrivéeën a grouss Stroossespären an de Spëtzestonnen esou wäit wéi méiglech vermidde ginn; * kloer an einfach Ëmleedungen am Virfeld festgeluecht ginn; * d'Leit fréi an däitlech informéiert ginn, wéi eng Stroosse gespaart sinn a wéi eng Strecken nach op sinn; * Stroossespären an Ëmleedungen esou séier wéi méiglech bei Navigatiounsapps an aner Verkéiersdéngschter gemellt ginn; * Rettungsdéngschter, ambulant Fleegedéngschter an aner essentiell Servicer zu all Moment duerchkommen; * grouss Manifestatiounen nëmmen dann autoriséiert ginn, wann eng funktionéierend Verkéiersorganisatioun garantéiert ka ginn; * d'Organisateuren déi zousätzlech Käschten, déi direkt duerch d'Manifestatioun entstinn, notamment fir Police, Gemengenagenten, Signalisatioun a Verkéiersreegelung, esou wäit wéi méiglech selwer droen.

Begründung der Petition

D'Erfarunge vun dëser Etape hu gewisen, wéi séier grouss Stroossespären zu Stauen, Ëmweeër an Onkloerheeten doriwwer féiere kënnen, wéi eng Strecken nach op sinn. Bei enger Manifestatioun vun där Gréisst muss d'Verkéiersorganisatioun genee esou gutt geplangt sinn ewéi de sportlechen Oflaf. Et kann net sinn, datt e groussen Deel vun der Bevëlkerung iwwer Stonnen erheblech Aschränkunge muss droen, fir eng Manifestatioun, déi nëmmen ee klengen Deel vun de Leit interesséiert oder vun där nëmmen ee klengen Deel direkt profitéiert. Dofir solle grouss Stroossespären an de Spëtzestonnen esou wäit wéi méiglech vermidde ginn, kloer Ëmleedunge virgesi ginn an d'Informatiounen direkt och bei Siten an Apps déi di aktuell Verkéierskonditiounen uweisen ukommen. Gläichzäiteg soll och d'Fro vun de Käschte kloer gereegelt ginn. Wann sou eng Manifestatioun zousätzlech Asätz vu Police, Gemengenagenten oder aner ëffentlech Moossnamen néideg mécht, sollen dës Käschten net automatesch vun der Allgemengheet gedroe ginn. Den Organisateur soll fir déi direkt duerch d'Manifestatioun verursaachte Käschten opkommen. Wann eng Manifestatioun vun dëser Gréisst net esou organiséiert ka ginn, datt de Verkéier, déi essentiell Servicer an d'Interesse vun der Allgemengheet raisonnabel geschützt ginn, da muss hir Form oder hire Standuert a Fro gestallt ginn.

Wichtige Informationen

Sammeln von Unterschriften

Datum der Einreichung

19/09/2026

Öffnung der Unterschriftensammlung

23/10/2026

Zusätzliche Informationen

Unterschriften­sammlung läuft

Die Schwelle von 5500 entspricht der Anzahl der Unterschriften, die erforderlich sind, um eine öffentliche Anhörung auszulösen.

Eingetragene Unterschriften

1 / 5 500

Die Petition teilen