Fir d'Lëtzebuergesch Sprooch als obligatorescht Fach mat Schreifkompetenzen an allen Schoulen an Lycéeën - Die Petitionen
Fir d'Lëtzebuergesch Sprooch als obligatorescht Fach mat Schreifkompetenzen an allen Schoulen an Lycéeën
Öffentliche Petition Nr.3836
Petent: Aleks Jevdokimov
Diese Petition ist in weiteren Sprachen verfügbar:
Ziel der Petition
Dës Petitioun wëll erreechen datt d'Lëtzebuergesch Sprooch net nëmmen als Kommunikatiounssprooch, mee och als vollwäertegt Fach mat strukturéierter Schreif- a Grammatikkompetenz an allen Schoulen an Lycéeën am Land enseignéiert gëtt.
Begründung der Petition
D'Lëtzebuergesch ass e wichtege Bestanddeel vun Identitéit an kultureller Zesummenhalt. A ville Schoulen a Lycéeë gëtt si zwar geschwat, mee net déifgräifend geléiert, virun allem net an de Beräicher Orthographie, Grammatik an Texterstellung. Vill Schüler kënnen no hirer Schoulzäit Lëtzebuergesch fléissend schwätzen, mee net fehlerfräi schreiwen. Dat féiert dozou, datt: - d'Sprooch lues a lues ihre geschriwwene Form verléiert, - d'Kanner sech net kompetent an hirer eegener Nationalsprooch spieren, - an datt d'Lëtzebuergesch oft als "onvollstänneg" Sprooch ofgestempelt gëtt. Dëst muss änneren. Fuerderungen: 1) D'Aféierung vum Fach "Lëtzebuergesch mat Schrëftkompetenz" als obligatorescht Element vum Léierplang vu Grondschoul bis Lycée. 2) D'Ausbildung vu Léierpersonal, dat speziell op d'Didaktik vum Lëtzebuergeschen a seng Orthographie virbereet ass. 3) D'Entwécklung vun moderne Léiermaterialien, déi d'Sprooch attraktiv a praktesch vermëttelen. 4) D'Integratioun vu Lëtzebuergesch-Examen (z. B. am Stil vun DÉLF/Goethe-Testen) fir eng offiziell Evaluatioun vun de Kompetenzen. Firwat dat wichteg ass: Wann d'Kanner Lëtzebuergesch schreiwen a liesen léieren, verstinn se och besser déi aner Landes- a Friemsproochen, a si fillen sech méi zougehéireg zu hirem Land an hirer Kultur. Eng gutt verankert Nationalsprooch ass kee Symbol vum Exklusivismus, mee en Instrument fir sozial Kohäsioun an Identitéit.
Unterschriftensammlung läuft
Die Schwelle von 5500 entspricht der Anzahl der Unterschriften, die erforderlich sind, um eine öffentliche Anhörung auszulösen.
Eingetragene Unterschriften
1 463 / 5 500
Wichtige Informationen
Sammeln von Unterschriften
Datum der Einreichung
13/10/2025
Öffnung der Unterschriftensammlung
23/10/2025
Zusätzliche Informationen
Verlauf der Petition
Unterzeichner der Petition
23/10/2025
Die öffentliche Petition Nr. 3836 kann ab dem 23-10-2025 unterschrieben werden
22/10/2025
Zulässigkeitsbescheid
22/10/2025
Die öffentliche Petition Nr. 3836 wurde am 22-10-2025 von der Petitionsausschuss für zulässig erklärt
Zulässigkeit : zulässig Beginn der Unterschriftsphase : 23-10-2025 um 0:00 Ende der Unterschriftsphase : 03-12-2025 um 23:59
22/10/2025
Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 22-10-2025 betreffend die Petition Nr. 3836 fällt positiv aus
Gutachten des Petitionsausschusses : positiv
13/10/2025
Die öffentliche Petition Nr. 3836 wurde am 13-10-2025 eingereicht.
Titel der Petition: Fir d'Lëtzebuergesch Sprooch als obligatorescht Fach mat Schreifkompetenzen an allen Schoulen an Lycéeën Ziel der Petition: Den wëllen erreechen, datt d'Lëtzebuergesch Sprooch net nëmmen als Kommunikatiounssprooch, mee och als vollwäertegt Fach mat strukturéierter Schreif- a Grammatikkompetenz an allen Schoulen an Lycéeën am Land enseignéiert gëtt. Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: D'Lëtzebuergesch ass e wichtege Bestanddeel vun Identitéit an kultureller Zesummenhalt. A ville Schoulen a Lycéeë gëtt si zwar geschwat, mee net déifgräifend geléiert, virun allem net an de Beräicher Orthographie, Grammatik an Texterstellung. Vill Schüler kënnen no hirer Schoulzäit Lëtzebuergesch fléissend schwätzen, mee net fehlerfräi schreiwen. Dat féiert dozou, datt: - d'Sprooch lues a lues ihre geschriwwene Form verléiert, - d'Kanner sech net kompetent an hirer eegener Nationalsprooch spieren, - an datt d'Lëtzebuergesch oft als "onvollstänneg" Sprooch ofgestempelt gëtt. Dëst muss änneren. Fuerderungen: 1) D'Aféierung vum Fach "Lëtzebuergesch mat Schrëftkompetenz" als obligatorescht Element vum Léierplang vu Grondschoul bis Lycée. 2) D'Ausbildung vu Léierpersonal, dat speziell op d'Didaktik vum Lëtzebuergeschen a seng Orthographie virbereet ass. 3) D'Entwécklung vun moderne Léiermaterialien, déi d'Sprooch attraktiv a praktesch vermëttelen. 4) D'Integratioun vu Lëtzebuergesch-Examen (z. B. am Stil vun DÉLF/Goethe-Testen) fir eng offiziell Evaluatioun vun de Kompetenzen. Firwat dat wichteg ass: Wann d'Kanner Lëtzebuergesch schreiwen a liesen léieren, verstinn se och besser déi aner Landes- a Friemsproochen, a si fillen sech méi zougehéireg zu hirem Land an hirer Kultur. Eng gutt verankert Nationalsprooch ass kee Symbol vum Exklusivismus, mee en Instrument fir sozial Kohäsioun an Identitéit.