Haass ass keng Meenung - Konsequenzen fir Pressesäiten déi Kommentarer op de soziale Medie net moderéieren - Die Petitionen
Haass ass keng Meenung - Konsequenzen fir Pressesäiten déi Kommentarer op de soziale Medie net moderéieren
Öffentliche Petition Nr.3761
Petent: Vicky Lone Wishof
Diese Petition ist in weiteren Sprachen verfügbar:
Ziel der Petition
Vill Pressesäite mat héiger Reechwäit a Sëtz zu Lëtzebuerg poste reegelméisseg Artikelen op de soziale Medien wéi Facebook, Instagram a co - an toleréieren ënnert dësen haassvoll an diskriminéierend Kommentarer. Mir fuerderen eng kloer gesetzlech Verflichtung fir d'Moderatioun vun esou Kommentarer an d'Meldung un d'Police. Presseorganer dierfen net méi ouni Konsequenze just nokucken. Mir fuerderen, datt d'Press zu Lëtzebuerg gesetzlech verflicht gëtt: - Kommentarer ënner hiren Artikelen op de soziale Medie konsequent z'iwwerwaachen - haassvoll oder diskriminéierend Inhalter direkt ze läschen - offensichtlech strofbar Kommentarer un d'Police oder d'Justiz ze mellen - Benotzer:innen bei Verstéiss op hir Verantwortung an Netiquette hinzeweisen - net méi vun Online-Haass duerch algorithmesch Verstäerkung ze profitéieren D'Petitioun riicht sech net géint d'Plattforme selwer, mee explizitt géint déi Presseorganer, déi dës Plattformen aktiv als Kanal fir hir Noriichten notzen. Wien ëffentlech publizéiert, muss och Responsabilitéit iwwerhuelen. D'Gesetz muss kloer definéieren, dass näischt maachen bei digitalem Haass net ouni Konsequenz däerf bleiwen.
Begründung der Petition
Déi passiv Haltung vun der Press schaaft e Klima vun digitaler Gewalt, wat sech och op dat allgemengt gesellschaftlecht Zesummeliewen negativ auswierkt. Besonnesch bei sensibelen Themen wéi Inklusioun, Migratioun oder Gläichberechtegung fënnt een ëmmer erëm ableistesch, rassistesch oder mënscheveruechtend Kommentarer, déi stonnen- oder deeglaang online bleiwen - heiansdo bewosst, fir méi Reechwäit ze generéieren. Wien et zouléisst, dass ënner senge Bäiträg Haass géint ganz Bevëlkerungsgruppen verbreet gëtt, mécht sech matverantwortlech. Nëmmen nokucken ass wéi zoustëmmen. Pressesäiten, déi näischt ënnerhuelen, wann hir Kommentarsektiounen zu Plattforme vu Mënscheveruechtung ginn, droen dozou bäi, dass Haass gesellschaftsfäeg gëtt. Wien näischt seet, wann Mënsche systematesch degradéiert ginn, mécht mat. Dat ass keng Meenungsfräiheet méi, mee eng ënnerloosse Schutzverantwortung géintiwwer deenen, déi viséiert ginn. Wann Haass net gestoppt gëtt, verbreet en sech. E gëtt als normal ugeholl. E spléckt d'Gesellschaft, radikaliséiert d'Diskussiounskultur a schaaft de Buedem fir Gewalt - och ausserhalb vum Internet. D'Konsequenzen treffen net nëmmen déi, déi ugegraff ginn - mee eis alleguer. Dofir brauche mir kloer Konsequenzen: Wien eng Plattform notzt, fir Noriichten ze verbreeden, muss och Verantwortung iwwerhuelen. Wien dat net mécht, soll haften - moralesch, gesellschaftlech a juristesch.
Sammeln der registrierten Unterschriften
Nach der Auswertung aller registrierten Unterschriften sind 187 Unterschriften gültig.
Gültige Unterschriften
187 / 5 500
Wichtige Informationen
Schwelle nicht erreicht
Datum der Einreichung
31/07/2025
Öffnung der Unterschriftensammlung
18/09/2025
Zusätzliche Informationen
Verlauf der Petition
Unterzeichner der Petition
05/02/2026
Déclaration de clôture
04/02/2026
Die öffentliche Petition Nr. 3761 wurde am 04-02-2026 abgeschlossen
Begründung der Beendigung: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite
12/11/2025
Anfrage betreffend die Weiterbearbeitung der Petition in Form einer einfachen Petition
12/11/2025
Die öffentliche Petition Nr. 3761 hat das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften bis zum 12-11-2025 nicht erreicht. Zahl der gültigen Unterschriften: 185
12/11/2025
Gültige Online-Unterschriften: 187
30/10/2025
Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 3761 ist am 30-10-2025 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 1
18/09/2025
Die öffentliche Petition Nr. 3761 kann ab dem 18-09-2025 unterschrieben werden
17/09/2025
Zulässigkeitsbescheid
17/09/2025
Die öffentliche Petition Nr. 3761 wurde am 17-09-2025 von der Petitionsausschuss für zulässig erklärt
Zulässigkeit : zulässig Beginn der Unterschriftsphase : 18-09-2025 um 0:00 Ende der Unterschriftsphase : 29-10-2025 um 23:59
17/09/2025
Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 17-09-2025 betreffend die Petition Nr. 3761 fällt positiv aus
Gutachten des Petitionsausschusses : positiv
31/07/2025
Die öffentliche Petition Nr. 3761 wurde am 31-07-2025 eingereicht.
Titel der Petition: Haass ass keng Meenung - Konsequenzen fir Pressesäiten déi Kommentarer op de soziale Medie net moderéieren Ziel der Petition: Vill Pressesäite mat héiger Reechwäit a Sëtz zu Lëtzebuerg poste reegelméisseg Artikelen op de soziale Medien wéi Facebook, Instagram a co - an toleréieren ënnert dësen haassvoll an diskriminéierend Kommentarer. Mir fuerderen eng kloer gesetzlech Verflichtung fir d'Moderatioun vun esou Kommentarer an d'Meldung un d'Police. Presseorganer dierfen net méi ouni Konsequenze just nokucken. Mir fuerderen, datt d'Press zu Lëtzebuerg gesetzlech verflicht gëtt: - Kommentarer ënner hiren Artikelen op de soziale Medie konsequent z'iwwerwaachen - haassvoll oder diskriminéierend Inhalter direkt ze läschen - offensichtlech strofbar Kommentarer un d'Police oder d'Justiz ze mellen - Benotzer:innen bei Verstéiss op hir Verantwortung an Netiquette hinzeweisen - net méi vun Online-Haass duerch algorithmesch Verstäerkung ze profitéieren D'Petitioun riicht sech net géint d'Plattforme selwer, mee explizitt géint déi Presseorganer, déi dës Plattformen aktiv als Kanal fir hir Noriichten notzen. Wien ëffentlech publizéiert, muss och Responsabilitéit iwwerhuelen. D'Gesetz muss kloer definéieren, dass näischt maachen bei digitalem Haass net ouni Konsequenz däerf bleiwen. Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: Déi passiv Haltung vun der Press schaaft e Klima vun digitaler Gewalt, wat sech och op dat allgemengt gesellschaftlecht Zesummeliewen negativ auswierkt. Besonnesch bei sensibelen Themen wéi Inklusioun, Migratioun oder Gläichberechtegung fënnt een ëmmer erëm ableistesch, rassistesch oder mënscheveruechtend Kommentarer, déi stonnen- oder deeglaang online bleiwen - heiansdo bewosst, fir méi Reechwäit ze generéieren. Wien et zouléisst, dass ënner senge Bäiträg Haass géint ganz Bevëlkerungsgruppen verbreet gëtt, mécht sech matverantwortlech. Nëmmen nokucken ass wéi zoustëmmen. Pressesäiten, déi näischt ënnerhuelen, wann hir Kommentarsektiounen zu Plattforme vu Mënscheveruechtung ginn, droen dozou bäi, dass Haass gesellschaftsfäeg gëtt. Wien näischt seet, wann Mënsche systematesch degradéiert ginn, mécht mat. Dat ass keng Meenungsfräiheet méi, mee eng ënnerloosse Schutzverantwortung géintiwwer deenen, déi viséiert ginn. Wann Haass net gestoppt gëtt, verbreet en sech. E gëtt als normal ugeholl. E spléckt d'Gesellschaft, radikaliséiert d'Diskussiounskultur a schaaft de Buedem fir Gewalt - och ausserhalb vum Internet. D'Konsequenzen treffen net nëmmen déi, déi ugegraff ginn - mee eis alleguer. Dofir brauche mir kloer Konsequenzen: Wien eng Plattform notzt, fir Noriichten ze verbreeden, muss och Verantwortung iwwerhuelen. Wien dat net mécht, soll haften - moralesch, gesellschaftlech a juristesch.