Fir eng méi gerecht Staffelung an eng méi héich Plafong am Chèque-Service Accueil (CSA) - Die Petitionen
Fir eng méi gerecht Staffelung an eng méi héich Plafong am Chèque-Service Accueil (CSA)
Öffentliche Petition Nr.3723
Petent: Mike Silva Gomes
Ziel der Petition
D'Ënnerschreiwende fuerderen, datt d'Regierung de Chèque-Service Accueil (CSA) esou reforméiert, datt och erwerbstäteg Familljen aus der Mëttelschicht eng méi gerecht Ënnerstëtzung kréien.
Begründung der Petition
De Chèque-Service Accueil gouf agefouert, fir d'Chancëgläichheet tëscht de Kanner ze verbesseren - onofhängeg vun hirer sozialer oder ekonomescher Situatioun. Dëst ass e wichtegt an nobelt Zil, dat och vun dëser Petitioun ënnerstëtzt gëtt. Allerdéngs féiert d'aktuell Staffelung dozou, datt Famillje mat engem normalen Akommes séier un d'Plafong stoussen a kaum nach finanziell Entlaaschtung kréien. Gläichzäiteg kréien aner Gruppen - wéi REVIS-Beneficiairen - eng däitlech méi héich staatlech Bezuelung, och wa keen oder nëmmen en niddrege Beruffsakommes virläit. Dat féiert dozou, datt schafft Leit, déi iwwer hir Steiere selwer zum System bäidroen, benodeelegt ginn. Si mussen heiansdo souguer hir Aarbechtszäit reduzéieren, fir d'Kanderversuergung selwer z'iwwerhuelen - wat am Widdersproch zum Ziel steet, d'Beruffstätegkeet a gesellschaftlech Participatioun ze fërderen. Och wann e puer Gemengen schafft Elteren prioritär berücksichtegen, feelt et un enger landeswäiter, eenheetlecher Reegelung bei der Plazverdeelung an de Betreiungsstrukturen. D'Petitioun freet konkret: 1. Eng nei Staffelung vum CSA, déi schafft Elteren méi staark berécksiichtegt an eng däitlech méi héich Akommesplafong aféiert. 2. D'Ariichtung vun eenheetlechen, landeswäite Prioritéitskrittären, fir Familljen z'ënnerstëtzen, wou béid Elteren schaffen. 3. D'Entwécklung vu kloere Mechanismen géint Mëssbrauch, fir sécherzestellen, datt d'Hëllef bei deene Famillje ukënnt, déi se am dréngendste brauchen.
Unterschriftensammlung läuft
Die Schwelle von 5500 entspricht der Anzahl der Unterschriften, die erforderlich sind, um eine öffentliche Anhörung auszulösen.
Eingetragene Unterschriften
1 / 5 500
Wichtige Informationen
Sammeln von Unterschriften
Datum der Einreichung
21/06/2025
Öffnung der Unterschriftensammlung
18/09/2025
Zusätzliche Informationen
Verlauf der Petition
Unterzeichner der Petition
18/09/2025
Die öffentliche Petition Nr. 3723 kann ab dem 18-09-2025 unterschrieben werden
17/09/2025
Zulässigkeitsbescheid
17/09/2025
Die öffentliche Petition Nr. 3723 wurde am 17-09-2025 von der Petitionsausschuss für zulässig erklärt
Zulässigkeit : zulässig Beginn der Unterschriftsphase : 18-09-2025 um 0:00 Ende der Unterschriftsphase : 29-10-2025 um 23:59
17/09/2025
Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 17-09-2025 betreffend die Petition Nr. 3723 fällt positiv aus
Gutachten des Petitionsausschusses : positiv
21/06/2025
Die öffentliche Petition Nr. 3723 wurde am 21-06-2025 eingereicht.
Titel der Petition: Fir eng méi gerecht Staffelung an eng méi héich Plafong am Chèque-Service Accueil (CSA) Ziel der Petition: D'Ënnerschreiwende fuerderen, datt d'Regierung de Chèque-Service Accueil (CSA) esou reforméiert, datt och erwerbstäteg Familljen aus der Mëttelschicht eng méi gerecht Ënnerstëtzung kréien. Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: De Chèque-Service Accueil gouf agefouert, fir d'Chancëgläichheet tëscht de Kanner ze verbesseren - onofhängeg vun hirer sozialer oder ekonomescher Situatioun. Dëst ass e wichtegt an nobelt Zil, dat och vun dëser Petitioun ënnerstëtzt gëtt. Allerdéngs féiert d'aktuell Staffelung dozou, datt Famillje mat engem normalen Akommes séier un d'Plafong stoussen a kaum nach finanziell Entlaaschtung kréien. Gläichzäiteg kréien aner Gruppen - wéi REVIS-Beneficiairen - eng däitlech méi héich staatlech Bezuelung, och wa keen oder nëmmen en niddrege Beruffsakommes virläit. Dat féiert dozou, datt schafft Leit, déi iwwer hir Steiere selwer zum System bäidroen, benodeelegt ginn. Si mussen heiansdo souguer hir Aarbechtszäit reduzéieren, fir d'Kanderversuergung selwer z'iwwerhuelen - wat am Widdersproch zum Ziel steet, d'Beruffstätegkeet a gesellschaftlech Participatioun ze fërderen. Och wann e puer Gemengen schafft Elteren prioritär berücksichtegen, feelt et un enger landeswäiter, eenheetlecher Reegelung bei der Plazverdeelung an de Betreiungsstrukturen. D'Petitioun freet konkret: 1. Eng nei Staffelung vum CSA, déi schafft Elteren méi staark berécksiichtegt an eng däitlech méi héich Akommesplafong aféiert. 2. D'Ariichtung vun eenheetlechen, landeswäite Prioritéitskrittären, fir Familljen z'ënnerstëtzen, wou béid Elteren schaffen. 3. D'Entwécklung vu kloere Mechanismen géint Mëssbrauch, fir sécherzestellen, datt d'Hëllef bei deene Famillje ukënnt, déi se am dréngendste brauchen.