Oschafe vum CAE Kontrakt (Contrat d'Appui Emploi) oder fair Konditiounen fir den CAE Kontrakt.

Öffentliche Petition Nr.3120

Petent: Arlind Veliqi

Ziel der Petition

Des Petitioun huet d''Zil, dass den Aarbechtsminister sech Gedanke mecht, ob den CAE Kontrakt net ofgeschaaft soll ginn oder mei fair Konditioune solle geschaaft ginn. Jonker, déi hir éischt Aarbechtserfahrung maachen, sollen net esou eng negativ Erfarung dierfe maachen. D''Aarbechtswelt muss attraktiv gemaach ginn, zumools fir Jonker, an dofir ass den CAE net geduecht. Et ass fir d\u2018 Ufänger, d''Aarbechtswelt attraktiv ze maachen an se och esou ze halen.

Begründung der Petition

Den CAE (Contrat d'Appui Emploi) Kontrakt gëtt vun der ADEM ausgestallt, wann een 3 Méint bei der ADEM ugemellt ass, fir Leit ënner 30 Joer. Vill Ufänger, déi bei der ADEM ugemellt sinn, maachen hir eicht Aarbechtserfahrung mam CAE Kontrakt, wat mat Frustratioun a wéineg Motivatioun kann verbonnen gin. Den onfaire Loun fir déi Aarbechter mat engem CAE, brenge vill dozou net mei weider wëllen ze schafen oder gesinn d'Aarbechtswelt net mei als eng fair Platz. D'Tachen sinn an de meeschten Fäll identesch, wei déi vun den normalen Aarbechter. Mineure kréien automatesch 80% vum onqualifizéierten Mindestloun, ouni Index. Majeuren déi keen Diplom hunn oder een DAP hunn oder een 11èmeTechnique/Technicien Ofschloss oder een 13ème Technique/Technicien Ofschloss hunn, kréien mat engem CAE Kontrakt just den onqualifizéierten Mindestloun, ouni Index. Jonker déi een BTS oder Bachelor/Master hunn, kréien 130% vum onqualifizéierten Mindestloun, ouni Index. Dëse Kontrakt besteet 12 Méint a ka bis zu 6 Méint verlängert ginn. Wat och ganz vill Jonker mat engem CAE erliewen, ass dass se no den 12 Méint oder 18 Méint op der Aarbechtsplaz mol net als CDD oder CDI ugeholl ginn. Et ass dofir dringend neidesch, d'Konditiounen ze änneren oder dësen Kontrakt komplett ofzeschafen.

Sammeln der registrierten Unterschriften

Nach der Auswertung aller registrierten Unterschriften sind 16 Unterschriften gültig.

Gültige Unterschriften

16 / 4 500

Die Petition teilen

Wichtige Informationen

Weiterführung als einfache Petition

Datum der Einreichung

22/03/2024

Öffnung der Unterschriftensammlung

07/06/2024

Zusätzliche Informationen