Öffentliche n°3053

Petitionär/in: Sandra Merenne

Keng Redukioun vum "Congé parental" a vum "Congé pour raisons familiales", fir allengerzéienden Elteren wann een Elterendeel stierft

Ziel der Petition

Zil vun dëser Petitioun ass et, dass Kanner, déi een Elterendeel verléieren, net zousätzlech vum Gesetz gestrooft ginn, andeems se wäertvoll Zäit mat hiren Eltere verléieren, respektiv just hallef sou oft "däerfen" krank ginn, wéi Kanner, déi nach béid Elterendeeler hunn. Am Fall wou een ... mehr

Beweggründe für die Petition

Vun engem Dag op deen ass d'Liewen anescht, an et muss een sech Gedanke maachen, iwwer Saachen, fir déi een an där Situatioun guer kee Kapp huet. Et steet ee beemol eleng do mat sengem klenge Kand, et huet ee vun engem Moment op deen anere säi Partner verluer a lo muss een sech iwwerleeën, ... mehr

abgelaufen  25.04.2024
930 /4.500
21%
gesammelte Unterschriften

Petition teilen

Verlauf dieser Petition

Icon process
26.04.2024

Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 3053 ist am 26-04-2024 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 930

15.03.2024

Die öffentliche Petition Nr. 3053 kann ab dem 15-03-2024 unterschrieben werden

14.03.2024

Zulässigkeitsbescheid

14.03.2024

Die öffentliche Petition Nr. 3053 wurde am 14-03-2024 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt

Zulässigkeit : zulässig

Beginn der Unterschriftsphase : 15-03-2024 um 0:00

Ende der Unterschriftsphase : 25-04-2024 um 23:59

13.03.2024

Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 13-03-2024 betreffend die Petition Nr. 3053 fällt positiv aus

Gutachten des Petitionsausschusses : positiv

06.02.2024

Die öffentliche Petition Nr. 3053 wurde am 06-02-2024 eingereicht.

Titel der Petition: Keng Redukioun vum "Congé parental" a vum "Congé pour raisons familiales", fir allengerzéienden Elteren wann een Elterendeel stierft

Ziel der Petition: Zil vun dëser Petitioun ass et, dass Kanner, déi een Elterendeel verléieren, net zousätzlech vum Gesetz gestrooft ginn, andeems se wäertvoll Zäit mat hiren Eltere verléieren, respektiv just hallef sou oft "däerfen" krank ginn, wéi Kanner, déi nach béid Elterendeeler hunn.

 

Am Fall wou een Elterendeel stierft, fält nämlech hei zu Lëtzebuerg vun haut op muer den ,,Congé parental" wech an et kann ee kucken, wéi een sech vun haut op muer an enger souwisou schonn onméiglecher Situatioun mat sengem Kand organiséiert kritt.

 

Di nämmlecht Situatioun trëfft och op de "Congé pour raisons familiales" zou: Wärend ee Kand mat 2 Elterendeeler an deenen éischten 3 Joer vun 2 x 12 Deel profitéiert, "däerf" ee Kand, wat schonn de Pech hat een Elterendeel ze verléieren, just 1 x 12 Deeg krank ginn. Amplaz dass Leit a sou enger Situatioun Ënnerstëtzung kréien, ginn se vum Gesetz hier zousätzlech benodeelegt.

 

Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: Vun engem Dag op deen ass d'Liewen anescht, an et muss een sech Gedanke maachen, iwwer Saachen, fir déi een an där Situatioun guer kee Kapp huet. Et steet ee beemol eleng do mat sengem klenge Kand, et huet ee vun engem Moment op deen anere säi Partner verluer a lo muss een sech iwwerleeën, wéi ee säi Kand versuergt kritt, wat am Fong nach eng Rei Méint mat dem aneren Elterendeel hätt sollen doheem sinn an do gutt versuergt ginn. Mam Doud verfält hei zu Lëtzebuerg automatesch de Congé parental an ouni Virbereedung op di Situatioun ass di sécher Betreiung vum eegene Kand net méi garantéiert. Net jiddereen huet an deem Moment di Chance déi ech dee Moment hat, fir kennen op d'Grousseltere vum Kand zréckzegräifen, an sou di schwéier Situatioun trotzdeem gestemmt ze kréie mat allem aneren, wat do op een duerkënnt.

De congé pour raisons familiales wier hei zu Lëtzebuerg streng un eng Persoun gebonnen a kéint och mam Doud vun engem Elterendeel net op deen aneren Elterendeel iwwerdroe ginn, gouf mir op Nofro hi gesot. Em ween geet et dann? Et gëtt iwwerall vum Wuel vun de Kanner geschwat, wou ass dann hei d'Wuel vum Kand am Vierdergrond?

Leit, déi vun haut op muer eleng do stinn an net d'Méiglechkeet hunn, op Famill zréckzegräifen, sinn forcéiert, bannent kierzester Zäit eng Betreiungsstruktur fir hiert Kand ze fannen, déi se sech ënner Ëmstänn eleng guer net méi leeschte kennen.

 

Als elengerzéiend Eltere gëtt engem dann och nach gesot, dass dat eegent Kand am Fong Interêt huet, nëmmen hallef sou oft krank ze ginn, wéi ee Kand, wat nach béid Elteren huet. Well schliisslech kritt den elengerzéienden Elterendeel mam Doud vum Partner och dem säin Deel "congé pour raisons familiales" wechgeholl.