Öffentliche n°2983

Petitionär/in: André Steffen

Ophiewen vun der politescher Entscheedung a Réouverture vun der Garer Police Unitéit esou wéi si virum 1.11.2023 fonctionéiert huet fir méi Schutz vun de Bierger an d'Anhale vun de Gesetzer an der ëffentlecher Uerdnung.

Ziel der Petition

Op all gréisser Gare am Ausland gëtt et eng sougenannten ,,Bahnhofspolizei". Déi ass haaptsächlech zoustänneg an de Gare selwer fir do d'Gefore fir d'ëffentlech Sécherheet oder d'Uerdnung ofzewieren. Dës Aufgabe kennen net duerch eng privat Sécherheetsfirma iwwerholl ginn. Déi deemoleg ... mehr

Beweggründe für die Petition

D'Décisioun fir d'Garer Unitéit opzeléisen ass eng Verschlechterung a keng Verbesserung vun der ëffentlecher Sécherheet, mee ee Schratt no hannen. Duerch déi Mesure iwwerléisst een de Kriminelle reegelrecht de Quartier an d'Gare. Et kënnt een ze guer vun enger Kapitulatioun virun der ... mehr

abgelaufen  22.02.2024
1088 /4.500
24%
gesammelte Unterschriften

Petition teilen

Verlauf dieser Petition

Icon process
06.05.2024

Beendigungsbescheid

30.04.2024

Die öffentliche Petition Nr. 2983 wurde am 30-04-2024 abgeschlossen

Begründung der Beendigung: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

13.03.2024

Anfrage betreffend die Weiterbearbeitung der Petition in Form einer einfachen Petition

13.03.2024

Die öffentliche Petition Nr. 2983 hat das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften bis zum 13-03-2024 nicht erreicht. Zahl der gültigen Unterschriften: 1088

13.03.2024

Gültige Online-Unterschriften: 1088

23.02.2024

Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 2983 ist am 23-02-2024 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 1088

12.01.2024

Die öffentliche Petition Nr. 2983 kann ab dem 12-01-2024 unterschrieben werden

11.01.2024

Zulässigkeitsbescheid

11.01.2024

Die öffentliche Petition Nr. 2983 wurde am 11-01-2024 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt

Zulässigkeit : zulässig

Beginn der Unterschriftsphase : 12-01-2024 um 0:00

Ende der Unterschriftsphase : 22-02-2024 um 23:59

10.01.2024

Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 10-01-2024 betreffend die Petition Nr. 2983 fällt positiv aus

Gutachten des Petitionsausschusses : positiv

14.12.2023

Die öffentliche Petition Nr. 2983 wurde am 14-12-2023 eingereicht.

Titel der Petition: Ophiewen vun der politescher Entscheedung a Réouverture vun der Garer Police Unitéit esou wéi si virum 1.11.2023 fonctionéiert huet fir méi Schutz vun de Bierger an d'Anhale vun de Gesetzer an der ëffentlecher Uerdnung.

Ziel der Petition: Op all gréisser Gare am Ausland gëtt et eng sougenannten ,,Bahnhofspolizei". Déi ass haaptsächlech zoustänneg an de Gare selwer fir do d'Gefore fir d'ëffentlech Sécherheet oder d'Uerdnung ofzewieren. Dës Aufgabe kennen net duerch eng privat Sécherheetsfirma iwwerholl ginn.

 

Déi deemoleg Unitéit vun der Stater Gare huet an der Lescht aus zirka 30 motivéierte Beamten/Beamtinne bestanen. Si ware 24/7 present, wat fir d' d'Awunner vum Quartier ee méi séchert Gefill war, wéi déi aktuell Situatioun. Duerch déi direkt Presenz vun de Beamten op der Gare an am Quartier konnten Interventioune schnell erfollegen an hunn doduercher och dacks zu engem Erfolleg gefouert.

 

Duerchschnëttlech konnt d'Garer Unitéit 4 Patrullen zesummestellen. Elo stellt de Kommissariat Lëtzebuerg 4 Leit fir d'Gare. 1 Patrull fir de Büro an eng fir just dobausse Presenz ze weisen!

Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: D'Décisioun fir d'Garer Unitéit opzeléisen ass eng Verschlechterung a keng Verbesserung vun der ëffentlecher Sécherheet, mee ee Schratt no hannen. Duerch déi Mesure iwwerléisst een de Kriminelle reegelrecht de Quartier an d'Gare. Et kënnt een ze guer vun enger Kapitulatioun virun der Kriminalitéit schwätzen an dat ka fréier oder spéider zu sougenannten ,,No Go Areas" féiere, wéi a verschiddenen Nopeschlänner.

 

Preventioun vu Strofdoten an ee Sécherheetsgefill fir de Bierger a Bewunner an engem sougenannte ,,Quartier chaud", kann een nëmmen duerch eng stänneg Presenz vu Polizisten erreechen.

 

Mee och eis Bevëlkerung, z. B. déi Leit déi all Dag op der Gare den Zuch huelen oder do mam Zuch ukommen, d'Leit déi an der Ëmgéigend vun der Gare schaffen (CNS, Steieramt, CMCM, asw.), d'Leit déi bei de Garer Geschäftsleit akafe wëllen, fillen sech net méi sécher a ginn ëmmer ëfters d'Affer vu Gewaltdoten, déi deels mat Waffen ausgefouert ginn. D'Zuel vun den Iwwerfäll, Kläppereien, Randaler, Déifställ, Abréch an aner kriminell Dote klemmt stänneg. An och d'Gewaltdoten an d'Rebellioune géingt eis Police.

 

Dobäi däerf net vergiess ginn, dass op eiser Gare och international Zich mat Touristen aus alle Länner ukommen. Wier et net berouegend wann déi Leit d'Presenz vun eiser Police op deem een oder anere Quai géife gesinn? Well et ass jo awer och kee Geheimnis, dass och nach aner Leit den Zuch benotze fir z. B. Drogen aus dem Ausland an d'Land ze schmuggelen an elo wëssen, dass d'Gefor op der Gare gepëtzt ze ginn, net méi allzegrouss ass.

 

Dobäi komme jo elo och nei Aufgaben wéi d'Heeschereiverbuet ze kontrolléieren. Dofir brauch ee virun allem Fouss-Patrullen, déi d'Garer Unitéit jo virdru konnt ausféieren an déi elo net méi duerch eng 2-Mann-Patrull kenne gemaach ginn.

 

D'Stater Gare brauch eng selbstänneg Unitéit, déi hir speziell Clientë kennt an esou besser fir d'Uerdnung a Sécherheet suerge kann, a keng Noutléisung!