Fir datt Lëtzebuerg eraus aus der WHO geet! Fir datt d'Verhandlungen iwwer Ännerungen un den Internationale Gesondheetsvirschrëfte direkt gestoppt ginn. - Die Petitionen
Fir datt Lëtzebuerg eraus aus der WHO geet! Fir datt d'Verhandlungen iwwer Ännerungen un den Internationale Gesondheetsvirschrëfte direkt gestoppt ginn.
Öffentliche Petition Nr.2856
Petent: Tania Hoffmann
Ziel der Petition
Madamm Deputéiert, Här Deputéierten: Informéiert Iech selwer iwwer déi 4 separat Spueren, déi d'Vereent Natiounen an d'WHO verfollegen. Dës Moossnamen hunn d'Potential fir d'Gläichgewiicht vun der Muecht an der Welt dramatesch ze veränneren. Dës Petitioun ass fir datt eppes ënnerholl gëtt, fir dës Aktiounen opzedecken, se an ëffentlechen Diskussiounen unzeschwätzen, an eppes dofir gemaach gëtt, datt dës potenziell Verträg gestoppt ginn, ouni datt d'Bierger dozou befrot ginn ass, an hir Zoustëmmung konnte ginn. D'Signatairë vun dëser Petitioun bieden Iech, fir alles an Ärer Muecht ze maachen, fir datt Lëtzebuerg aus der WHO austrëtt.
Begründung der Petition
D'Lëtzebuerger Regierung an hir Deputéiert hunn net driwwer diskutéiert, datt de 27. Mee 2022 307 proposéiert Ännerungen un den Internationale Gesondheetsvirschrëften (IHR) AN d'Ännerungen a 5 Artikelen vun den IHR op der 75. Weltgesondheetsversammlung ugeholl goufen. D'Ännerunge goufen de 27. Mee 2022 ugeholl an et gouf an der Chamber net driwwer debattéiert oder e Vott virgeholl. Lëtzebuerg huet d'Recht ënner Artikel 61 vun den IHR dës ze refuséieren, awer esou ee Refus muss der WHO bannent 18 Méint vun hirer Verabschidung geschéien. D'Chamber, d'Regierung, d'Deputéiert soll demokratesch driwwer ofstëmmen ob dës Ännerungen refuséiert ginn, déi scho verabschit goufen, an och déi 307 proposéiert Ännerungen, déi de Moment verhandelt ginn. Lëtzebuerg huet keng vun deenen 307 Ännerunge proposéiert. Bis den 1. Dezember 2023 ass Zäot fir sech géint d'WHO a géint d Ännerungen auszeschwätzen. Eraus aus der WHO. D'Bierger hunn e Recht gefrot ze ginn. Et geet ëm de fräie Wëlle vum Mënsch fir sech, säi Liewen a seng Gesondheet fräi entscheeden ze kënnen.
Öffentliche Anhörung
Petition Nr.2856: Fir datt Lëtzebuerg eraus aus der WHO geet! Fir datt d'Verhandlungen iwwer Ännerungen un den Internationale Gesondheetsvirschrëfte direkt gestoppt ginn.
Wichtige Informationen
Petition, die in einer öffentlichen Anhörung diskutiert wurde
Datum der Einreichung
30/07/2023
Öffnung der Unterschriftensammlung
14/10/2023
Zusätzliche Informationen
Verlauf der Petition
Unterzeichner der Petition
28/02/2024
Eine öffentliche Ausschuss-Anhörung betreffend die öffentliche Petition Nr. 2856 fand am 28-02-2024 statt
06/12/2023
Die öffentliche Petition Nr. 2856 hat am 06-12-2023 das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften erreicht
06/12/2023
Gültige Online-Unterschriften: 4733
25/11/2023
Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 2856 ist am 25-11-2023 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 4847
14/10/2023
Die öffentliche Petition Nr. 2856 kann ab dem 14-10-2023 unterschrieben werden
12/10/2023
Zulässigkeitsbescheid
12/10/2023
Die öffentliche Petition Nr. 2856 wurde am 12-10-2023 von der Petitionsausschuss für zulässig erklärt
11/10/2023
Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 11-10-2023 betreffend die Petition Nr. 2856 fällt positiv aus
30/07/2023
Die öffentliche Petition Nr. 2856 wurde am 30-07-2023 eingereicht.
Unterschriftensammlung abgeschlossen
Nach der Auswertung aller registrierten Unterschriften sind 4733 Unterschriften gültig.
Gültige Unterschriften
4 733 / 4 500