Öffentliche n°1379

Petitionär/in: Camille Muller

Pétition publique n°1379: Fërderung vun enger “Ernierungstransitioun“ (Ernährungswende / Transition alimentaire (mat „TA“ ofgekierzt ) fir Klima an Ëmwelt a méi Autarkie, net just awer besonnesch an der ëffentlecher Gastronomie. Dëst an ëffentlech (Schoul)kantinne, "Maisons relais" wou eng Demande bestoe kann - a net zu gudder lescht d'Fërderung vun enger TA iwwert de Moossnamekatalog vum KLIMAPAKT fir d'Gemengen mat senge verschidden Restauratiounen an Ententen ze sensibiliséieren.

Ziel der Petition

Eisen Ernierungssstil huet en elementaren Impakt op Ekologie a global Nahrungsgerechtegkeet. Mir brauchen dohier eng Transitioun zu enger nohalteger Ernierung. Lëtzebuerg huet zwar eng Suffizienz bei Fleesch a Mëllech, déi awer op d’Ofhängegkeet vun Fudderimporter (Stéchwuert „Mercosur“) ... mehr

Beweggründe für die Petition

Bei der richteger Offer hëllt een och zugläich seng Responsabilitéit fir ze weisen wéi een eng vegetaresch Ernierung ofwiesslungsräich, gesond a klimafrëndlech zesummestelle kann (quid dass et sech bei Vegetarier a Veganer ëm Leit handelt déi sech mat der Ernierung scho vill ofginn a gutt ... mehr

abgelaufen  01.11.2019
483 /4.500
11%
gesammelte Unterschriften

Petition teilen

Verlauf dieser Petition

Icon process
09.01.2020

Beendigungsbescheid

08.01.2020

Die öffentliche Petition Nr. 1379 wurde am 08-01-2020 abgeschlossen

Begründung der Beendigung: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

18.11.2019

Anfrage betreffend die Weiterbearbeitung der Petition in Form einer einfachen Petition

13.11.2019

Die öffentliche Petition Nr. 1379 hat das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften bis zum 13-11-2019 nicht erreicht. Zahl der gültigen Unterschriften: 482

13.11.2019

Gültige Online-Unterschriften: 483

02.11.2019

Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 1379 ist am 02-11-2019 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 483

20.09.2019

Die öffentliche Petition Nr. 1379 kann ab dem 20-09-2019 unterschrieben werden

19.09.2019

Zulässigkeitsbescheid

19.09.2019

Die öffentliche Petition Nr. 1379 wurde am 19-09-2019 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt

Zulässigkeit : zulässig

Beginn der Unterschriftsphase : 20-09-2019 um 0:00

Ende der Unterschriftsphase : 01-11-2019 um 23:59

18.09.2019

Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 18-09-2019 betreffend die Petition Nr. 1379 fällt positiv aus

Gutachten des Petitionsausschusses : positiv

03.09.2019

Die öffentliche Petition Nr. 1379 wurde am 03-09-2019 eingereicht.

Titel der Petition: Pétition publique n°1379: Fërderung vun enger “Ernierungstransitioun“ (Ernährungswende / Transition alimentaire (mat „TA“ ofgekierzt ) fir Klima an Ëmwelt a méi Autarkie, net just awer besonnesch an der ëffentlecher Gastronomie. Dëst an ëffentlech (Schoul)kantinne, "Maisons relais" wou eng Demande bestoe kann - a net zu gudder lescht d'Fërderung vun enger TA iwwert de Moossnamekatalog vum KLIMAPAKT fir d'Gemengen mat senge verschidden Restauratiounen an Ententen ze sensibiliséieren.

Ziel der Petition: Eisen Ernierungssstil huet en elementaren Impakt op Ekologie a global Nahrungsgerechtegkeet. Mir brauchen dohier eng Transitioun zu enger nohalteger Ernierung. Lëtzebuerg huet zwar eng Suffizienz bei Fleesch a Mëllech, déi awer op d’Ofhängegkeet vun Fudderimporter (Stéchwuert „Mercosur“) gekoppelt a vun enger flächegebonnener Produktioun entkoppelt ass. Dogéint bleift d’Produktioun vun planzleche Produkter wéi Uebst, Hülsenfrüchte awer besonnesch Geméis marginal. Et sief gläich gesot dass et per se keng schlecht Ernierungsform gëtt, wann se responsabel praktizéiert gëtt. Wéi ee sech erniert ass awer och e perséinleche Choix, mat engem globalem Impakt. Fir eng TA ze fërderen, muss de richtege Choix offréiert ginn fir dass jiddereen, vum Mischköstler bis zum Vegetarier/Vegetalier, zu enger méi responsabeler Ernierung bäidroe kann. Leider steet awer eng ze oft fleeschbetounten Ernierung am Virdergrond. Dobäi däerf déi vegetaresch a reng planzlech Ernierung net vergiess ginn. Et geet net drëms fir d’Leit eng aner Ernierung opzedrängen, ma éischter fir déi wuessend Populatioun vu Vegetarier, Veganer an zeguer Flexitarier déi ë.a. och aus ekologesche Grënn hiere Choix machen, an hirem Effort ze ënnerstëtzen. Mat de richtechen Instrumenter kann een dobäi och déi Populatioun sensibiliséieren, déi iwwert hier verfügbar Ressourcen eraus konsuméieren.

Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: Bei der richteger Offer hëllt een och zugläich seng Responsabilitéit fir ze weisen wéi een eng vegetaresch Ernierung ofwiesslungsräich, gesond a klimafrëndlech zesummestelle kann (quid dass et sech bei Vegetarier a Veganer ëm Leit handelt déi sech mat der Ernierung scho vill ofginn a gutt Bescheed wëssen). Weider gehéieren dozou d’Sensibiliséierung zu engem méi responsabele Fleeschkonsum. E gudde Guide fir e responsabele Fleeschkonsum ass de Fleeschflyer vum Landwirtschaftsministère (2016) dee sech mat Recommandatiounen aus dem Klimaschutz iwwerschneid. Och d’Wäertschätzung vum ganzen Déier (from nouse to tail) muss hei erafléissen. Zu der Diskussioun gehéiert sëcher och d‘Fërderung vun enger emissiounsaarmer Landwirtschaft déi de "Circuit court" an der ëffentlecher Restauratioun favoriséiert. Hei ass och d‘Potenzial fir déi 20% Biolandwirtschaft mat enger flächegebonnener Déierenhaltung ze ennerstëtzen. Och e besseren Approvisionnement vu regionale Produkter, déi eis Landwirtschaft bei (souwäit wéi méigelech) beschter Standuertméigelechkeet a neister Ubautechnik diversifizéiere kann, gehéiert zu dëser Diskussioun.