Public n°1379

Petitioner: Camille Muller

Pétition publique n°1379: Fërderung vun enger “Ernierungstransitioun“ (Ernährungswende / Transition alimentaire (mat „TA“ ofgekierzt ) fir Klima an Ëmwelt a méi Autarkie, net just awer besonnesch an der ëffentlecher Gastronomie. Dëst an ëffentlech (Schoul)kantinne, "Maisons relais" wou eng Demande bestoe kann - a net zu gudder lescht d'Fërderung vun enger TA iwwert de Moossnamekatalog vum KLIMAPAKT fir d'Gemengen mat senge verschidden Restauratiounen an Ententen ze sensibiliséieren.

Purpose of the petition

Eisen Ernierungssstil huet en elementaren Impakt op Ekologie a global Nahrungsgerechtegkeet. Mir brauchen dohier eng Transitioun zu enger nohalteger Ernierung. Lëtzebuerg huet zwar eng Suffizienz bei Fleesch a Mëllech, déi awer op d’Ofhängegkeet vun Fudderimporter (Stéchwuert „Mercosur“) ... more

Reasons for the petition

Bei der richteger Offer hëllt een och zugläich seng Responsabilitéit fir ze weisen wéi een eng vegetaresch Ernierung ofwiesslungsräich, gesond a klimafrëndlech zesummestelle kann (quid dass et sech bei Vegetarier a Veganer ëm Leit handelt déi sech mat der Ernierung scho vill ofginn a gutt ... more

ended  01.11.2019
483 /4.500
11%
registered signatures

Share petition

The steps of this petition

Icon process
09.01.2020

Closing statement

08.01.2020

The public petition n°1379 is closed on 08-01-2020

Reason for closure: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

18.11.2019

Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition

13.11.2019

The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°1379, on 13-11-02019 - Number of signatures after validation: 482

13.11.2019

Validated electronic signatures: 483

02.11.2019

The period for signing the public petition n°. 1379 is closed on 02-11-2019 - Number of electronic signatures before validation: 483

20.09.2019

The public petition n°1379 is open for signature, on 20-09-2019

19.09.2019

Statement of admissibility

19.09.2019

The public petition n°1379 is declared admissible by the Conference of Presidents on 19-09-2019

Admissibility: admissible

Start date of the signature period: 20-09-2019 at 0:00 a.m.

End date of the signature period: 01-11-2019 at 11:59 p.m.

18.09.2019

The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 1379, on 18-09-2019

Opinion of the Committee on Petitions: positive

03.09.2019

The petition public n°1379 is submitted the 03-09-2019

Title of the petition: Pétition publique n°1379: Fërderung vun enger “Ernierungstransitioun“ (Ernährungswende / Transition alimentaire (mat „TA“ ofgekierzt ) fir Klima an Ëmwelt a méi Autarkie, net just awer besonnesch an der ëffentlecher Gastronomie. Dëst an ëffentlech (Schoul)kantinne, "Maisons relais" wou eng Demande bestoe kann - a net zu gudder lescht d'Fërderung vun enger TA iwwert de Moossnamekatalog vum KLIMAPAKT fir d'Gemengen mat senge verschidden Restauratiounen an Ententen ze sensibiliséieren.

Aim of the petition: Eisen Ernierungssstil huet en elementaren Impakt op Ekologie a global Nahrungsgerechtegkeet. Mir brauchen dohier eng Transitioun zu enger nohalteger Ernierung. Lëtzebuerg huet zwar eng Suffizienz bei Fleesch a Mëllech, déi awer op d’Ofhängegkeet vun Fudderimporter (Stéchwuert „Mercosur“) gekoppelt a vun enger flächegebonnener Produktioun entkoppelt ass. Dogéint bleift d’Produktioun vun planzleche Produkter wéi Uebst, Hülsenfrüchte awer besonnesch Geméis marginal. Et sief gläich gesot dass et per se keng schlecht Ernierungsform gëtt, wann se responsabel praktizéiert gëtt. Wéi ee sech erniert ass awer och e perséinleche Choix, mat engem globalem Impakt. Fir eng TA ze fërderen, muss de richtege Choix offréiert ginn fir dass jiddereen, vum Mischköstler bis zum Vegetarier/Vegetalier, zu enger méi responsabeler Ernierung bäidroe kann. Leider steet awer eng ze oft fleeschbetounten Ernierung am Virdergrond. Dobäi däerf déi vegetaresch a reng planzlech Ernierung net vergiess ginn. Et geet net drëms fir d’Leit eng aner Ernierung opzedrängen, ma éischter fir déi wuessend Populatioun vu Vegetarier, Veganer an zeguer Flexitarier déi ë.a. och aus ekologesche Grënn hiere Choix machen, an hirem Effort ze ënnerstëtzen. Mat de richtechen Instrumenter kann een dobäi och déi Populatioun sensibiliséieren, déi iwwert hier verfügbar Ressourcen eraus konsuméieren.

Motivation of the general interest of the petition: Bei der richteger Offer hëllt een och zugläich seng Responsabilitéit fir ze weisen wéi een eng vegetaresch Ernierung ofwiesslungsräich, gesond a klimafrëndlech zesummestelle kann (quid dass et sech bei Vegetarier a Veganer ëm Leit handelt déi sech mat der Ernierung scho vill ofginn a gutt Bescheed wëssen). Weider gehéieren dozou d’Sensibiliséierung zu engem méi responsabele Fleeschkonsum. E gudde Guide fir e responsabele Fleeschkonsum ass de Fleeschflyer vum Landwirtschaftsministère (2016) dee sech mat Recommandatiounen aus dem Klimaschutz iwwerschneid. Och d’Wäertschätzung vum ganzen Déier (from nouse to tail) muss hei erafléissen. Zu der Diskussioun gehéiert sëcher och d‘Fërderung vun enger emissiounsaarmer Landwirtschaft déi de "Circuit court" an der ëffentlecher Restauratioun favoriséiert. Hei ass och d‘Potenzial fir déi 20% Biolandwirtschaft mat enger flächegebonnener Déierenhaltung ze ennerstëtzen. Och e besseren Approvisionnement vu regionale Produkter, déi eis Landwirtschaft bei (souwäit wéi méigelech) beschter Standuertméigelechkeet a neister Ubautechnik diversifizéiere kann, gehéiert zu dëser Diskussioun.