Öffentliche n°1368

Petitionär/in: André Steffen

Remboursement vun de Seancen beim Psycholog duerch CNS

Ziel der Petition

D'Remboursementer vun den Seancen bei den Psychologen vun der CNS rembourséiert ze kréien fir dass en d'Leit déi Hëllef an Usproch huele kennen an net aus finanzieller Grënn hir Therapie astelle mussen.

Beweggründe für die Petition

Déi erschreckend Zuel vun de Leit déi hei am Land Selbstmord maachen oder et versichen, misst eis Regierung stutzeg maachen an endlech dozou beweegen, dass d'Sëtzungen bei engem Psycholog vun der CNS rembourséiert ginn. Dobäi läit d'Donkelziffer vun de Leit déi keen Auswee méi wëssen nach ... mehr

abgelaufen  01.11.2019
2282 /4.500
51%
gesammelte Unterschriften

Petition teilen

Verlauf dieser Petition

Icon process
09.01.2020

Beendigungsbescheid

08.01.2020

Die öffentliche Petition Nr. 1368 wurde am 08-01-2020 abgeschlossen

Begründung der Beendigung: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

18.11.2019

Anfrage betreffend die Weiterbearbeitung der Petition in Form einer einfachen Petition

13.11.2019

Die öffentliche Petition Nr. 1368 hat das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften bis zum 13-11-2019 nicht erreicht. Zahl der gültigen Unterschriften: 2279

13.11.2019

Gültige Online-Unterschriften: 2282

01.11.2019

Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 1368 ist am 01-11-2019 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 2282

20.09.2019

Die öffentliche Petition Nr. 1368 kann ab dem 20-09-2019 unterschrieben werden

19.09.2019

Zulässigkeitsbescheid

19.09.2019

Die öffentliche Petition Nr. 1368 wurde am 19-09-2019 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt

Zulässigkeit : zulässig

Beginn der Unterschriftsphase : 20-09-2019 um 0:00

Ende der Unterschriftsphase : 01-11-2019 um 23:59

18.09.2019

Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 18-09-2019 betreffend die Petition Nr. 1368 fällt positiv aus

Gutachten des Petitionsausschusses : positiv

20.08.2019

Die öffentliche Petition Nr. 1368 wurde am 20-08-2019 eingereicht.

Titel der Petition: Remboursement vun de Seancen beim Psycholog duerch CNS

Ziel der Petition: D'Remboursementer vun den Seancen bei den Psychologen vun der CNS rembourséiert ze kréien fir dass en d'Leit déi Hëllef an Usproch huele kennen an net aus finanzieller Grënn hir Therapie astelle mussen.

Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: Déi erschreckend Zuel vun de Leit déi hei am Land Selbstmord maachen oder et versichen, misst eis Regierung stutzeg maachen an endlech dozou beweegen, dass d'Sëtzungen bei engem Psycholog vun der CNS rembourséiert ginn. Dobäi läit d'Donkelziffer vun de Leit déi keen Auswee méi wëssen nach vill méi héich. Vill Leit leiden u séileschen an och kierperlechen Problemer a versichen als éischt eleng oder mat Hëllef vu Frënn domadder kloer ze kommen. Oft hunn se hiren Dokter an d'Vertrauen gezunn. Dat geet awer meeschtens net duer a si wëllen e Psycholog opsichen. Deen Entschloss ass oft net einfach. Et huet een Angscht fir verréckt erkläert ze ginn oder et muss een zouginn, dass een ze schwaach oder ze liddereg ass fir seng eege Problemer ze bewältegen. Wien de Wee vun enger Psychotherapie mëscht, ass bereet, seng Problemer net ze verstoppen mee deen aktiven Wee fir d'Problemer ze bewältegen, anzeschloen. Bei den Problemer kann et sech em Ängschten, Zwäng, Suchtproblemer, Depressiounen oder widderhuelt massiv Schwieregkeeten (Ängschten, Streidereien, asw.) am Ëmgang mat sech selwer oder mat aneren Mënschen handelen. Geet e Mënsch bei den Psychiater, sou kritt hien meeschtens Medikamenter verschriwwen an ass dann net méi hien selwer. Den Psycholog versetzt sech duerch Gespréicher an d'Persoun eran a kann dem Patient Strategien an Technike weisen, fir dass deen seng emotional Problemer a Verhalensproblemer léise kann. An der Reegel kënnen Verhalenstherapien tëschent 5 a munchmol 80 oder ze guer 100 Sëtzungen daueren. Therapien mat 80 bis 100 Sëtzungen daueren dann 1 1/2 bis 2 1/2 Joer. D'Dauer vun enger biografesch-systemescher Verhalenstherapie ass och dovunner ofhängeg wat an der Therapie genee verschafft gëtt. Ass eng Persoun a sengem Liewen un sech zefridden a leid nëmmen ënnert enger relativ ofgegrenzten Angscht- Depressiouns- oder Zwangssymptomik, dierft sech en Therapieerfolleg an 15 bis 45 Sëtzungen erreeche loossen. D'Psychologen bekloe selwer, dass vill Patienten eng Therapie ufänken mee no kuerzer Zäit se astellen well se d'Sëtzungen, déi tëschent 80 bis 100 Euro kaschten, net selwer bezuele kënnen. A Medikamenter eleng sinn keng Léisung a kaschten dobäi och Suen.