Public n°1368

Petitioner: André Steffen

Remboursement vun de Seancen beim Psycholog duerch CNS

Purpose of the petition

D'Remboursementer vun den Seancen bei den Psychologen vun der CNS rembourséiert ze kréien fir dass en d'Leit déi Hëllef an Usproch huele kennen an net aus finanzieller Grënn hir Therapie astelle mussen.

Reasons for the petition

Déi erschreckend Zuel vun de Leit déi hei am Land Selbstmord maachen oder et versichen, misst eis Regierung stutzeg maachen an endlech dozou beweegen, dass d'Sëtzungen bei engem Psycholog vun der CNS rembourséiert ginn. Dobäi läit d'Donkelziffer vun de Leit déi keen Auswee méi wëssen nach ... more

ended  01.11.2019
2282 /4.500
51%
registered signatures

Share petition

The steps of this petition

Icon process
09.01.2020

Closing statement

08.01.2020

The public petition n°1368 is closed on 08-01-2020

Reason for closure: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

18.11.2019

Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition

13.11.2019

The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°1368, on 13-11-02019 - Number of signatures after validation: 2279

13.11.2019

Validated electronic signatures: 2282

01.11.2019

The period for signing the public petition n°. 1368 is closed on 01-11-2019 - Number of electronic signatures before validation: 2282

20.09.2019

The public petition n°1368 is open for signature, on 20-09-2019

19.09.2019

Statement of admissibility

19.09.2019

The public petition n°1368 is declared admissible by the Conference of Presidents on 19-09-2019

Admissibility: admissible

Start date of the signature period: 20-09-2019 at 0:00 a.m.

End date of the signature period: 01-11-2019 at 11:59 p.m.

18.09.2019

The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 1368, on 18-09-2019

Opinion of the Committee on Petitions: positive

20.08.2019

The petition public n°1368 is submitted the 20-08-2019

Title of the petition: Remboursement vun de Seancen beim Psycholog duerch CNS

Aim of the petition: D'Remboursementer vun den Seancen bei den Psychologen vun der CNS rembourséiert ze kréien fir dass en d'Leit déi Hëllef an Usproch huele kennen an net aus finanzieller Grënn hir Therapie astelle mussen.

Motivation of the general interest of the petition: Déi erschreckend Zuel vun de Leit déi hei am Land Selbstmord maachen oder et versichen, misst eis Regierung stutzeg maachen an endlech dozou beweegen, dass d'Sëtzungen bei engem Psycholog vun der CNS rembourséiert ginn. Dobäi läit d'Donkelziffer vun de Leit déi keen Auswee méi wëssen nach vill méi héich. Vill Leit leiden u séileschen an och kierperlechen Problemer a versichen als éischt eleng oder mat Hëllef vu Frënn domadder kloer ze kommen. Oft hunn se hiren Dokter an d'Vertrauen gezunn. Dat geet awer meeschtens net duer a si wëllen e Psycholog opsichen. Deen Entschloss ass oft net einfach. Et huet een Angscht fir verréckt erkläert ze ginn oder et muss een zouginn, dass een ze schwaach oder ze liddereg ass fir seng eege Problemer ze bewältegen. Wien de Wee vun enger Psychotherapie mëscht, ass bereet, seng Problemer net ze verstoppen mee deen aktiven Wee fir d'Problemer ze bewältegen, anzeschloen. Bei den Problemer kann et sech em Ängschten, Zwäng, Suchtproblemer, Depressiounen oder widderhuelt massiv Schwieregkeeten (Ängschten, Streidereien, asw.) am Ëmgang mat sech selwer oder mat aneren Mënschen handelen. Geet e Mënsch bei den Psychiater, sou kritt hien meeschtens Medikamenter verschriwwen an ass dann net méi hien selwer. Den Psycholog versetzt sech duerch Gespréicher an d'Persoun eran a kann dem Patient Strategien an Technike weisen, fir dass deen seng emotional Problemer a Verhalensproblemer léise kann. An der Reegel kënnen Verhalenstherapien tëschent 5 a munchmol 80 oder ze guer 100 Sëtzungen daueren. Therapien mat 80 bis 100 Sëtzungen daueren dann 1 1/2 bis 2 1/2 Joer. D'Dauer vun enger biografesch-systemescher Verhalenstherapie ass och dovunner ofhängeg wat an der Therapie genee verschafft gëtt. Ass eng Persoun a sengem Liewen un sech zefridden a leid nëmmen ënnert enger relativ ofgegrenzten Angscht- Depressiouns- oder Zwangssymptomik, dierft sech en Therapieerfolleg an 15 bis 45 Sëtzungen erreeche loossen. D'Psychologen bekloe selwer, dass vill Patienten eng Therapie ufänken mee no kuerzer Zäit se astellen well se d'Sëtzungen, déi tëschent 80 bis 100 Euro kaschten, net selwer bezuele kënnen. A Medikamenter eleng sinn keng Léisung a kaschten dobäi och Suen.