Ëffentlech n°978

Petitionnär/in: Steve Kientz

Ofschafe vu Chanteger op den Autobunnen während dem Dag

Zil vun der Petitioun

Ofschafe vu mobile Chantecher op den Autobunnen tëschent moies 6h00 an owes 20h00.

Motivatioun vun der Petitioun

D’mobil Chantecher während dem Dag sollen ofgeschaaft ginn fir manner Staubildungen während den haapt Trafficzäiten zu Lëtzebuerg ze provozeieren. Ab moies 6h00 fänkt et schonn un op eisen Autobunnen an Haapt- an Niewestroosse ferm ze stauen. Dëst zitt sech oft bis 10h00 hin (Wann net grad ... méi

ofgelaf  05.06.2018
110 /4.500
2%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
18.09.2018

Deklaratioun vun der Cloture

18.09.2018

D'ëffentlech Petitioun Nr. 978 ass den 18-09-2018 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: demande de reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

02.07.2018

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

21.06.2018

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 110

21.06.2018

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 978 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 21-06-2018 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 110

06.06.2018

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 978 z'ënnerschreiwen ass den 06-06-2018 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 111

24.04.2018

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 978 ka vum 24-04-2018 un ënnerschriwwe ginn

23.04.2018

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

19.04.2018

D'ëffentlech Petitioun Nr. 978 gouf den 19-04-2018 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 24-04-2018 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 05-06-2018 um 23h59

16.04.2018

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 16-04-2018 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 978 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

12.03.2018

D'ëffentlech Petitioun Nr. 978 gouf den 12-03-2018 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Ofschafe vu Chanteger op den Autobunnen während dem Dag

Zil vun der Petitioun: Ofschafe vu mobile Chantecher op den Autobunnen tëschent moies 6h00 an owes 20h00.

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: D’mobil Chantecher während dem Dag sollen ofgeschaaft ginn fir manner Staubildungen während den haapt Trafficzäiten zu Lëtzebuerg ze provozeieren. Ab moies 6h00 fänkt et schonn un op eisen Autobunnen an Haapt- an Niewestroosse ferm ze stauen. Dëst zitt sech oft bis 10h00 hin (Wann net grad erëm een Accident geschitt ass). Iwwert der Mëttesstonn hu mer deeselwechte Problem : vill Trafic a béide Richtungen op all onsen Autobunnen. Am Nomëtte fänkt et dann nees ab 15h00 un an dëst zitt sech da bis spéit no 19h00 hin. Wann mer dann och nach mobil Chantecher während deenen Zäiten hunn wou oft jeeweils eng Spuer gespaart ass, droe mer net dozou bäi eis Autobunnen effectif ze entlaaschten. Firr all déi Leit dei oft mat hirem Auto ënnerwee musse sinn, ass et all Dag op en neits nees eng riesen Erausfuerderung op eisen Autobunnen vun A op B ze kommen.